Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Thema muss iwwerall behandelt ginn"

Antisemitismus

"D'Thema muss iwwerall behandelt ginn"

Fäll vun Diskriminéierung an de Schoule géife normalerweis net beim Ministère gemellt ginn, heescht et aus dem Educatiounsministère. Jee nodeem, wéi grav ee Fall ass, ginn Autoritéiten awer iwwer de Fall informéiert. Bis op ee Virfall an enger Privatschoul wier kee Fall vun Antisemitismus an de Schoulen zu Lëtzebuerg bekannt, äntwert den Educatiounsminister op eng parlamentaresch Fro.

auto_stories

2 min

Dëse Virfall vun Antisemitismus an enger Privatschoul wier vun der Schoul selwer sanktionéiert ginn, seet de Pierre Reding, éischte Conseiller am Educatiounsministère. "D'Schoule si senséiert, do direkt ze reagéieren. Si sollen eis och normalerweis direkt informéieren. Virun allem ass et kee Kavaléiersdelikt. Jee nodeem gëtt do och d'Police oder d'Justiz ageschalt."

Am Fall vun Diskriminéierung an enger Schoul géifen heiansdo d'Juriste vum Educatiounsministère ëm Rot gefrot ginn. De Ministère wier virun allem am präventive Beräich aktiv. D'Schüler missten déi néideg Informatiounen an Haltungen zum Thema vermëttelt kréien.

"Do mussen all d'Professere vun deene verschiddene Fächer matschaffen. All Enseignant kann emol mat antisemiteschen Aussoe vu Schüler konfrontéiert ginn. Da musse se wëssen, wéi se reagéieren. Dofir ass et wichteg, datt mir all d'Schoulgebaier doriwwer opmierksam maachen."

Speziell Formatioune fir Enseignanten

2019 wäert Lëtzebuerg d'Presidence vun der "International Holocaust Remembrance Alliance" iwwerhuelen. Dowéinst soll d'Thema an deenen nächsten zwee Joer an doriwwer eraus an de Schoulen nach méi an de Virdergrond geréckelt ginn, esou de Pierre Reding. "D'Thema muss iwwerall behandelt ginn."

D'Enseignanten géifen duerch Formatiounen doriwwer informéiert gi, wéi si mat Fäll vun Diskriminéierung sollen ëmgoen. An den nächste Jore géif weider an dësem Beräich investéiert ginn.

"Schoulintern wëlle mir Formatiounen ubidden an d'Thema an de Konferenzen diskutéieren. Mä och spezialiséiert Formatioune sollen an Zukunft ugebuede ginn. Déi éischt, déi hei viséiert sinn, sinn déi Leit déi d'Fach 'Vie et société' enseignéieren."

De sougenannte Wäerterunterrecht soll an der Grondschoul vun der Rentrée un a Kraaft trieden. Am Secondaire gouf d'Fach schonn am September d'lescht Joer agefouert.