Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Verknaschtung vun de Weltmierer

Ëmwelt

D'Verknaschtung vun de Weltmierer

Schätzungen no schwammen tëscht 100 an 142 Milliounen Tonnen Offall an de Weltmierer. Dozou gehéieren Tuten, Fläschen a Verpackungen, haaptsächlech aus Plastik. Iwwert Flëss an d'Bannegewässer vun den eenzelne Länner, dorënner och Lëtzebuerg, schwëmmt den Offall an d’Mier. D’Konsequenze fir d’Miereswelt an Ëmwelt sinn dramatesch. Wéi gesäit déi aktuell Situatioun aus a wat sinn d’Konsequenze vun der Verschmotzung vun de Mierer?

France Ewen / ys

auto_stories

4 min

D’Verschmotzung vun de Mierer hätt an de leschte Joren ëmmer weider zougeholl, seet de Mieres-Biolog Lars Gustow. Dëst géing Hand an Hand mat der ëmmer méi grousser Produktioun vu Plastik goen. Plastik ass eng vun den Haaptsourcë vum Knascht am Mier, sou de Chercheur vum Alfred Wegener Institut zu Bremerhaven.

Ëmmer méi Plastik am Mier

Zënter Joerzéngte géif een observéieren, datt d'Verschmotzung géif zouhuelen. Et hätt allerdéngs eng Zäit sou ausgesinn, wéi wann de Volume vum Dreck an de Mierer géif konstant bleiwen. Dat wär awer net de Fall, mä den Dreck géif sech op Plazen usammelen, déi een net genee géif kennen. D'Déifte vum Mier wäre laang ignoréiert ginn. Awer och de Fait, datt Plastik sech ënner dem Afloss vun der Ëmwelt géif opreiwen an zerklengeren. Sou géif sougenannte Mikroplastik entstoen.

Den Offall, deen an d’Mierer fléisst, kann een an zwou Kategorien andeelen. Engersäits den Dreck, deen als éischt an de Flëss an dono an de Weltmierer zesumme kënnt, esou de Mieresbiolog. D'Quelle fir den Dreck am Mier kéinte wäit bannen am Land leien.

Zu enger anerer Kategorie gehéiert de Knascht, deen direkt am Mier selwer produzéiert gëtt. "Dat sinn dacks Objeten, déi bei der Fëscherei verluer ginn," erkläert de Lars Gustow. Et wär awer och dacks einfach Offall.

De Knascht hätt virun allem en negativen Effekt op d’Organismen an d’Déieren am Mier. D’Déiere kéinten zum Beispill a Fëscher-Netzer hänke bleiwen an dann erstécken. Déiere géifen awer och de Knascht mat Iesse verwiesselen. Doudeg Séivigel hätten dacks de Bauch voller Plastik. "Dës Déiere si mat vollem Bauch erhéngert."

Efforten zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg lafe Beméiungen, fir géint d’Verschmotzung vun de Flëss an domat och de Mierer virzegoen. De Flossvertrag vun der Uelzecht huet den 19. Mäerz eng Botz-Aktioun organiséiert. Scho bannent enger Stonn hate ronn 50 Leit bal eng Tonn Knascht aus der Uelzecht ronderëm Esch a Schëffleng gefëscht. De Marc Bimmermann vun der Gemeng Schëffleng ass erstaunt, wéi vill Knascht fonnt gouf. "Mir sinn net fäerdeg ginn a mussen dat nach e puermol maachen." Hie mécht en Appel, datt d'Leit sollen ophalen, Dreck an d'Flëss ze geheien.

Fir de Mieresbiolog Lars Gutow sinn esou Botz-Aktioune wichteg: All Stéck Dreck, dat net an d'Mier geréit, géing en Ënnerscheed maachen. Allerdéngs misst ee realistesch bleiwen. "Dës lokal Botzaktioune sinn natierlech just eng Drëps op de waarme Steen. Si kënnen de Problem net global léisen." De Virdeel wär awer, datt si ee gudden Opklärungewäert hätten.

Et ginn och eng Rei technesch Methode fir de Knascht a grousse Quantitéiten aus dem Waasser ze huelen, esou de Lars Gutow. De Problem wär, datt dobäi och vill Saache géifen aus dem Mier geholl ginn, déi dra gehéieren. Déi eenzeg wierklech Léisung wär, eng Miniméierung vun neiem Dreck.

Politik ass gefrot

Och d’Ëmwelt-Ministesch Carole Dieschbourg war e Samschdeg zu Schëffleng an huet ënnerstrach, wéi wichteg esou Sensibiliséierungscampagnë wieren. D’Problematik vun der Verknaschtung vun de Flëss an de Mierer wier och e wichtegt Thema fir d’Politik. Virun allem bei der Ressourcen-Effizient missten Efforte gemaach ginn. "Et huet och e positiven Effekt op d'Wirtschaft, wou mir musse fortkomme vun deem lineare System op eng Kreeslaf-Wirtschaft. Wou d'Wäertstoffer sou laang wéi méiglech an eisem Circuit bleiwen." Wichteg Schrëtt wären d'Präventioun an de Recyclage.

Déi international Politik wier gefrot, mengt sengersäits de Mieresbiolog Lars Gutow. Et bräicht ee global Initiativen, wéi zum Beispill d’MARPOL Ofkommes. Dat géif reglementéieren, wéi een Offall wou misst entsuergt ginn. De Problem wär d'Kontroll, grad baussen um Mier.

D’Politik dierft net ze laang waarden, bis se géif handelen. All Dag géing de Problem vum Knascht an de Mierer méi akut ginn.