D'Naturverwaltung huet keng konkret Zuelen iwwer d'Bestänn vun de Wëldaarten, deemno och net iwwer d'Wëllschwäin. "Et wier vill ze opwendeg dat opzestellen", seet de Laurent Schley, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung.
Et kéint awer duerchaus sinn, datt de Bestand dëst Joer méi grouss ass wéi soss: vill Schied an der Landwirtschaft an op de Wise géifen dorop hindeiten. "Et gëtt keng eenzel Ursaach, firwat dat esou ass", esou de Laurent Schley. Natierlech Fluktuatioune wieren ëmmer méiglech, dobäi komme Facteure wéi Klima oder Nahrung.
D'Wëllschwäi lackeren iwwregens mat hirer Sich no Wierm an Eechelen am Bësch de Buedem op, domat kënnen nei Planzen entstoen, esou de Laurent Schley.
D'Juegd ass an der Kritik, mee ...
Dëse Weekend war am Frankräich eng Klappjuegd, fir déi en Deel vun der A31 gespaart gouf. Esou eng Juegd beschwiert vill Kritiken erop. "D'Juegd ass zu Lëtzebuerg awer de Moyen, de Bestand ze reguléieren", seet de Laurent Schley.
"An enger natierlech Situatioun wier d'Wëllschwäi méi ënner Drock. Et huet awer keng natierlech Feinde méi, nodeem de Wollef, de Luchs an de Brongbier aus eise Géigende verschwonne sinn. Den Equiliber vun der Natur ass duerch de Mënsch gestéiert", esou de Laurent Schley. De Mënsch hätt nun eemol en immensen Afloss op d'Natur.