Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun Autoen a virtueller Realitéit

Technologie

D'Zukunft vun Autoen a virtueller Realitéit

Kënschtlech Intelligenz, digital Sproochassistenten, Autoen déi selwer fueren a Virtual Reality waren déi dominant Theme bei der 50. Consumer Electronics Show 2017 zu Las Vegas. Wéi eng vun den ausgestallten Elektronikartikele kéinten engem d'Liewen an Zukunft wierklech erliichteren? Wat si just technesch Gimmicks?

auto_stories

6 min

Déi 50. Editioun vun der Consumer Electronics Show ufanks Januar zu Las Vegas huet dëst Joer 180.000 Visiteuren ugelackelt. Hei gouf ee gewuer, wat d'Elektronikbranche an den nächste Jore prett hält.

"D'Produkter an d'Servicer, déi op der CES 2017 virgestallt ginn, wäerte bal all global Industrie beaflossen. D'CES weist de Konsumenten d'Visioun vun enger connectéierter Zukunft an dat Neist aus de Beräicher Virtual Reality, Smart Home, Autonom Autoen, Roboteren, Wearables, Gesondheet, Fitness an aneren Industrien", sou de President vun der CES Gary Shapiro.

Assistenten a kënschtlech Intelligenz

De Sven Hansen war als Redakter vun der däitscher Computerfachzäitschrëft "CT" op dëser Editioun vun der CES. Him wier virun allem opgefall, datt kaum ee Produit gewise gouf, deen net un d'Internet ugeschloss wier. An datt digital Sproochassistenten an immens villen Neientwécklungen agebaut wieren. Virun allem Amazon wier mat sengem Assistent "Alexa" ee klenge Coup reusséiert. Och d'Thema kënschtlech Intelligent hätt sech wéi e roude Fuedem duerch d'Foire gezunn. "Et war egal, ob et drëm gaangen ass fir een Auto ze steieren, oder fir am Haus iergendwelleg Roboteren oder Assistenten ze bewegen", sou de Sven Hansen.

Déi Assistenz-Systemer wieren nach immens begrenzt. D'Produzente géifen zwar mat héichentwéckelter kënschtlecher Intelligenz Reklamm maache, an der Praxis géife sech awer nach grouss Defiziter weisen. Momentan wier d'Efficacitéit vun den Assistenten nach staark dovun ofhängeg, wéi korrekt de User seng Wënsch géif formuléieren. Dem Journalist no hätt d'Industrie nach e laange Wee viru sech fir Systemer op de Maart bréngen ze kënnen, déi eng wierklech Erliichterung fir de Benotzer bedeiten.

Automobilindustrie als neie Player am Secteur

Eppes wier un der 50 Editioun vun der CES awer anescht gewiescht, sou de Sven Hansen. Fréier wier et virun allem ëm Ënnerhalungselektronik gaangen. Dëst Joer hätt d'Automobilindustrie awer en immens groussen Deel vun der Foire ageholl. Souwuel traditionell Autosconstructeure, awer och TESLA a manner bekannte Produzenten hätten hir Visioun vum Auto vun der Zukunft presentéiert.

De Chef vun Nvidia Jen-Hsun Huang presentéiert een Auto (Foto: picture alliance / Andrej Sokolow)

Déi traditionell Constructeuren hätte sech mam Thema Elektromobilitéit e bëssen zeréckgehalen. "Déi hu méi op Connected Cars gesat. Oder op Mobilitéitskonzepter wéi Car-Sharing." Och Autoen, déi selwer fueren, hätten am Fokus gestanen.

Den däitschen Autosconstructeur Audi huet an Zesummenaarbecht mam Grafikkaarte-Sspezialist nVIDIA en autonomen Auto presentéiert, deen 2020 serieräif soll sinn.

Deen onbekannten Autoskontrukteur Faraday hat am Virfeld vun der CES vill schlecht Kritik kritt. An et gëtt weider ugezweiwelt, of d'Entreprise hire Produit, sou wéi e virgestallt gëtt och wäert op de Marché bréngen.

Wéineg Sécherheet am smarten Doheem

Eng aner Produktkategorie huet de Sven Hansen dëst Joer enttäuscht: Grouss Entreprisë wéi Google an Apple hätte viru Jore grouss Ukënnegungen am Beräich "Smart Home" gemaach. Dovu wier nach net vill an d'Realitéit ëmgesat gi.

Generell géing de Fokus bei Foiren wéi der CES och net um Sécherheetsaspekt vun de Produite léien. Vill rezent Cyberattacke wieren awer gréisstendeels méiglech gewiescht, well Sécherheetsprotokoller schlecht ëmgesat goufen. Wann ee mat deem Hannergedanken iwwer d'CES géif trëppelen, kéint et engem scho bësse komesch ginn. "Grad a sensibele Beräicher wéi Alarmanlagen, gi sech net vill Gedanken iwwer dës Sécherheetsaspekter gemaach."

Hype ëm virtuell Realitéit flaacht of

Immens vill Stänn hätten op der CES 2017 op déi sougenannt "virtuell Realitéit" gesat. D'Visiteure konnte bei ville Firmaen mat spezielle Brëller an déi virtuell Realitéit andauchen. Dës Brëller schafen zwee Biller aus ënnerschiddleche Perspektiven, esou datt ee raimlechen Androck, eng Illusioun vun Déift entsteet.

Engersäits goufe vill Weiderentécklungen an Applikatiounsméiglechkeeten vun dëser Technik gewisen, anerersäits gouf d'Technik dacks gebraucht, fir de Visiteuren den eegene Produit méi no ze bréngen. D'Entwécklungen am Beräich vun der "Virtual Reality" wieren éischter graduell, esou de Sven Hansen. Virun allem bei der Opléisung vun de Geräter a bei der Efficacitéit vun de Sensore wiere Fortschrëtter gemaach ginn. "Vill Kollege vu mir, déi sech fir dee Sujet interesséieren, waren éischter enttäuscht. Dat war een Thema an de leschte Joren, awer et berouegt sech éischter nees."

Och wann d'Thema virtuell Realitéit bis ewell net breet am Alldag géif agesat gi, wier et eng intressanten Industriebranche, déi immens vill Méiglechkeete fir d'Zukunft géif bereet halen. Notamment an der Industrie an am medezinesche Beräich. Virun allem awer an der Computerspillindustrie.

Potenzial fir Industrie, Fuerschung an Edukatioun

De Jochen Dickel ass Fachberäichsleeder vum europawäit eenzegaartege Studiegang "Virtual Reality Management" vun der Fachhoschule des Mittelstands zu Köln. Hie gesäit en immenst Potential am Beräich vun der virtueller Realitéit.

Et géif elo scho vill Applikatiounsméiglechkeete ginn. VR hätt d'Potential fir ganz Industrien an Zukunft ze beaflossen.

Donieft géifen nei Méiglechkeeten entstoe fir Wëssen ze vermëttelen, sou de Jochen Dickel. "Chemiestudente schaffen zum Beispill a virtuelle Reim mat Moleküll-Modeller. Déi kënne si analyséieren, formen, veränneren an entspriechend Verbindungsverhale vun dëse Molekülle studéieren."

Mee och a Beräicher wéi der psychtherapeutescher Behandlung kéint Virtual Reality agesat ginn. Zum Beispill bei Behandlung vun Angscht virun Héicht oder bei Konfrontatiounstherapien. Domat géife momentan och scho Versich gemaach ginn.

Virun allem a kommerzielle Beräicher huet VR eng Zukunft (Foto: picture alliance / Jason Ogulnik)

Déi gréisst Chance fir déi virtuell Realitéit gesäit de Jochen Dickel a kommerziellen Asazberäicher. Am Tourismus géif d'360-Grad-Fotografie elo schonn eng wichteg Roll spillen. "Bei der Iwwerdroung vun Evenementer gëtt dës Technologie elo schonn agesat."

Nieft der virtueller Realitéit existéiert och nach déi sougenannten "Augmented Reality". Dës fonctionnéiert och iwwer Brëller, mat deenen ee säin Ëmfeld gesäit an Zousazinformatiounen ageblent kritt, esou wéi een dat vun Head-Up-Displays am Auto kennt. Denkbar wier den Asaz vun "Augmented Reality" zum Beispill bei Sportemissiounen. De Spectateur kéint d'Evenement suivéieren a parallel Statistiken a nëtzlech Zousazinformatiounen ugewise kréien.

VR an AR als Studiegang

Et bräicht awer och Leit, déi d'Méiglechkeete vun der neier Technik kreativ ze notze wéissten. Dofir hätt hien zesumme mat der däitscher Fachhochschule des Mittelstands de Studiegang geschaf, wou Studenten léieren, wéi si mat der Technik néi Produiten a virun allem Servicer schafe kënnen.

"Dofir brauch ee Mënsche mat enger gewësser Schnëttstelle-Kompetenz. Si mussen op d'Technologien an déi medial Méiglechkeete vu VR an AR kennen an d'Grondlage beherrschen." Et bräicht ee ganz vill verschidde Kompetenzen, fir déi Technologie kënnen ze maitriséieren.

De Jochen Dickel rechent domat, datt d’Technik sech a fënnef Joer och am Konsumentemarché wäert duerchgesat hunn. Et wier elo un der Industrie, fir d’Technik ze perfektionéieren an an enger zweeter Etapp d’Präisser méi attraktiv fir de Konsumentemarché ze gestalten.