Radioen

On air

Tockcity  |  Elbow - The Picture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun den Archiven

Archivgesetz

D'Zukunft vun den Archiven

Geschichtsschreiwung ouni Archiven ass net denkbar. Historiker brauche Quellen aus der Vergaangenheet, fir hir Recherchen duerchzeféieren. D'Nationalarchive waren an der Läscht ëmmer nees Thema an de Medien. Wéinst Plazmanktem, mä och wéinst deem neien Archivgesetz. Vun deem sinn och de CNA an de CNL concernéiert.

Kyra Fischbach / ys

auto_stories

5 min

Nationalarchiv ©F. Maltese

D'Archivkultur gouf laang zu Lëtzebuerg vernoléissegt. E richtegt Archivgesetz gëtt et bis elo net. Dat soll sech awer demnächst änneren. De Projet de Loi iwwer den Archivage ass am November an der Chamber deposéiert ginn. Elo gëtt op di ënnerschiddlech Avise gewaart.

Obligation de versement

De Kulturministère huet dësen Text zesumme mat den Nationalarchiven ausgeschafft. Déi gréissten Ännerung, déi de Gesetzesprojet géif mat sech bréngen, wär eng Obligation de versement, seet de Romain Schroeder vum Nationalarchiv. "Dat heescht, datt Verwaltungen a Ministèrë verflicht ginn, hir Archivdokumenter, déi eng historesch Valeur hunn, ze halen."

Wat schlussendlech vun Dokumenter aus den Administratioune soll gehal ginn, wat en historesche Wäert huet oder kritt, dat soll zesummen décidéiert ginn. Souwuel d'Verwaltungen, wéi den Nationalarchiv solle kënne mat decidéieren.

An der Vergaangenheet goufen ëmmer nees Dokumenter zerstéiert, déi elo kéinten nëtzlech fir d'Geschichtswëssenschaft sinn. 

Regele gräifen net bei Privatarchiven

Fir aner Archiven, wéi déi vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) oder déi vum Centre National de Littérature (CNL), spillt de Projet de Loi keng esou grouss Roll. Et gëtt zwar en Dépôt légal, awer deen ass mat engem eegene Gesetz geregelt.

Déi meescht Regele géife sech op ëffentlech Archive bezéien, erkläert d'Nicole Sahl. Si ass Conservatrice am CNL. Well si virun allem Material aus privaten Done géife kréien, géife vill vun de Regelen net gräifen. Obwuel mam Gesetz verschidden Handhabe géife festgeluecht ginn, géif ee gewësse Flou bleiwen. 

Am CNL huet ee sech scho selwer Richtlinne ginn: "Wa mir Saachen erakréien, gëtt e Kontrakt gemaach mat deene Leit déi d'Archivmaterial ofginn. Da gëtt festgeluecht, ween däerf dra kucken, ween däerf Reproduktioune maachen. Wat d'Publikatioun ugeet, bleiwen d'Rechter souwisou beim Auteur a bei sengen Ierwen."

Defie vun der Digitaliséierung

D'Zukunft vun den Archive läit kloer bei der Digitaliséierung. Déi bréngt awer vill Onsécherheete mat sech. Am Archiv vum CNL ass réischt viru kuerzem en Informatiker agestallt ginn. Elo gëtt nach e Conservateur oder eng Conservatrice pour le patrimoine numérique gesicht. Et ass souguer scho virkomm, dass de CNL e ganze Computer als Don offréiert krut. Informatiounen op Datenträger wéi Disketten oder CDe mussen op méi nohalteg Medien iwwerspillt ginn.

Eng vun den Erausfuerderunge vun allen Archiven op der Welt wär d'Conservéierung vun digitalen Dokumenter fir eng ganz laang Zäit, sou de Romain Schroeder. "Zu Lëtzebuerg gëtt ganz aktiv un enger Archiv-Plattform geschafft. Dat ass eng Zesummenaarbecht vum Informatikzentrum vum Staat (CTIE), der Nationalbibliothéik an dem Nationalarchiv." Virun allem Dokumenter, déi momentan an de Ministèren entstinn, géife vum Nationalarchiv op dëser Plattform stockéiert an accessibel gemaach ginn.

An den Nationalarchive wäert awer net alles digitaliséiert ginn. Bei enger Usammlung u Fonge vu 45 Kilometer wär dat net méiglech, sou de Romain Schroeder. D'Nicole Sahl vum CNL fënnt, datt een en Archiv am beschte sur place consultéiert. Nach laang net alles kéint mat enger Recherche iwwer d'Distanz erfaasst ginn.

Dokumenter am Nationalarchiv consultéieren ©F. Maltese

D'Sich nom ideale Support fir Dokumenter, Fotoen, Toun oder Filmopnamen ass nach laang net eriwwer. Besonnesch am CNA gesäit ee sech mat den ënnerschiddlechen Challengë vum Material konfrontéiert. An den technesche Fortschrëtt géif dofir suergen, datt een et ëmmer nees kéint a wéilt besser digitaliséieren, esou d'Viviane Thill vum Filmdepartement. De CNA schafft och un enger neier Datebank, déi een Accès iwwer Internet soll erméiglechen.

Inventairë sinn néideg

D'Opschaffe vun de Fongen ass déi zäitopwännegst Prozedur an den Archiven. Déi Fongen, déi nach net opgeschafft sinn, kënnen net consultéiert ginn. De Romain Schroeder erkläert, datt vill Dokumenter kuerzfristeg eragereecht gi wären, well hätt misse Plaz geschaf ginn. Déi wären dacks schlecht oder net inventuriéiert gewiescht. "Fir datt mir wëssen, wat dran ass, wa mir et dem Chercheur zur Verfügung stellen, musse mir natierlech ee Bléck drop werfen a selwer een Inventaire maachen." Dat wär och aus Dateschutz-Grënn wichteg.

Aner Grënn sinn d'Sensibilitéit vum Material a Gewëssheet iwwer d'Quellen. Dat ass ouni propperen Inventaire an eng COT net méiglech.

Wéini däerfen Dokumenter consultéiert ginn?

De Projet de Loi gesäit och een Erofsetze vun de Friste fir. Dat heescht, wéini e Chercheur e Fong däerf consultéieren. Wann Dokumenter éischter däerfen agesinn ginn, stellt sech d'Fro vum Dateschutz méi vehement. An der Archivaarbecht spillt deen nämlech eng grouss Roll. Den Droit à l'image souwuel wéi de Schutz vu perséinlechen Donnéen. Den Nationalarchiv huet bis elo nach net gekläert, ob et beim Archiv oder beim Chercheur leit fir den Dateschutz z'assuréieren.

Et bleiwen also nach eng Rei Froen ze klären net nëmmen am Beräich Dateschutz. Zum Beispill bestinn Inkohärenzen zwëschen dem Projet de Loi iwwert den Archivage an deem iwwert d'Archive vum SRel, déi nach misste behuewe ginn.