Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däerf Satir alles?

Philosophie

Däerf Satir alles?

Wei wäit däerf Satir goen? Däerf een der Satir Grenzen opzwéngen, well se jo u sech als Impfstoff géint Diktatur an Ënnerdréckung wierke kann. Muss Satir wierklech alles däerfen? Well wat passéiert, wann ee sech vun der Satir selwer ënnerdréckt fillt? A wien ass schlussendlech fir wiem seng Gefiller verantwortlech? Dozou e puer Gedanke vum Thomas Koenig.

auto_stories

7 min

Thomas Koenig

Haut hu mir en doudeescht Thema virun eis, nämlech Satir. Satir soll jo ënner anerem laachen doen, mee et ass haut leider kee Witz, datt den Job vum Satiriker doudeescht ginn ass, well e potentiell déidlech ass. Dofir, komme mir direkt zum Thema: Wei wäit däerf Satir goen? A meng Äntwert ass, envers et contre tout, de ganze Wee, bis zum Schluss.

Fänke mir awer emol vir un: Wat ass Satir? Satir ass eng Technik oder eng Konschtform, déi Saachen oder Mënschen verspott.

Wou ass dann den Ënnerscheed tëschent dem Satiriker, an deem, dee wierklech eng Persoun erofmécht? D'Finalitéit ass eng aner. Wann ech ee verspotten, da maachen ech et, fir en erofzemaachen, fir mech par rapport zu him besser dohin ze stellen, oder fir där Persoun wéi ze doen. Satir dogéint huet, soe mir, méi nobel Ziler. Si soll Kritik ausüben, oder fir Polemik suergen, an d'Leit zum Iwwerleeën ureegen. An dobäi gräift Satir Leit oder Institutiounen un, déi op normalem Wee net onbedéngt ugräifbar sinn. An der Gesellschaft gëtt et jo vill Hierarchien, an den normalen Bierger huet net ëmmer d'Méiglechkeet, eppes géint Ongerechtegkeeten ze maachen, déi him vun uewen erof opgezwonge ginn.

Do ass Satir dann e privilegiéiert Mëttel, fir sengem Ierger Loft ze maachen. Och wann ee vläicht d'Situatioun net direkt ännere kann, esou kann een awer, duerch den Diskurs, aner Leit op e Problem opmierksam maachen, respektiv hire Standpunkt beaflossen.

Eng Fro vun der Muecht

Muecht kann ee jo op zwou Aarten imposéieren. Entweder déi Persoun, déi Muecht huet, benotzt Gewalt, fir sech duerchzesetzen. Oder si suergt dofir, datt hir Muecht guer net a Fro gestallt gëtt, andeems si den ëffentlechen Diskurs kontrolléiert.

Dofir setzt de Chef op engem Troun, deen an engem Palais oder an enger Kathedral ass, de Chef huet speziell Kleeder un, fiert en Auto, dee méi déck oder deier ass, wéi normal oder wéi néideg, an esou weider, an esou fort.

Kuerz: Mächteg Leit hu schonn ëmmer erëm probéiert, déi aner Leit roueg a gefügeg ze halen, an deem si esou opgetrueden sinn, datt et de sougenannte klenge Leit net an de Sënn komm wier, si ze kritiséieren.

An dofir ass Satir eng vun den éischte Saachen, déi an Diktature verbueden gëtt. Well wat zerstéiert de Mythos vun der Autoritéit an der Iwwerleeënheet méi séier, wéi wann een de Geck domat mécht. Wann d'Vollek nämlech matkritt, datt et Leit gëtt, déi de Führer, den Duce, oder wéi och ëmmer de Retter vum Vollek sech presentéieren wëllt, net eescht huelen an dorop opmierksam maachen, datt en eng domm Schnëss, e komeschen Accent oder soss e Feeler huet, dann zerspréngt d'Illusioun vun der Iwwerleeënheet.

Satir ass also e wichtegt Instrument fir all Gesellschaft, aus offensichtleche Grënn. Ech kéint Iech och elo nach soen, datt et jo wichteg ass, datt ee sech selwer net ze vill eescht hellt, well d'Liewen ass jo schliisslech eng grouss Farce, bei tragesch ausgeet, also, why so serious?

Charlie Hebdo

Jo, leider gesi verschidde Leit dat anescht. Ech mengen, ech brauch Iech net eng Lëscht vun all deene Fäll ze maachen, wou Satiriker ugegraff goufen, verbal oder physesch. Et geet duer, datt ech Charlie Hebdo soen, da versteet all Mënsch, wat ech mengen.

D'Positioun vu ville Leit am Bezuch op dat, wat Satir däerf, schéngt awer net ëmmer esou kloer ze si wéi meng.

No dem Attentat op Charlie Hebdo hat ech d'Geleeënheet, mat ville Leit iwwer déi Saach ze diskutéieren. Ech war erstaunt, fir net ze soen erschreckt, wéi vill gemengt hunn, datt Charlie Hebdo eigentlech dat verdéngt hat, wat him passéiert ass. De Gros vun de Leit, mat deenen ech geschwat hunn, war der Meenung, datt et jo normal wär, datt ee sech Problemer siche geet, wann een anerer provozéieren géif. En Attentat, Mord, an esou weider, wier jo iwwerdriwwen, mee et wier awer normal, datt eppes passéiert wier. Datt dat eppes dann illegal war, an datt et aner Méiglechkeete wéi Mord - legal Méiglechkeeten - gi wier, dat schéngt fir vill Leit esouguer net esou e wichtege Punkt gewiescht ze sinn.

Ech hat esouguer e Gespréich mat enger Fra, déi dann och gemengt huet, dat wär alles ganz ok gewiescht, datt et verständlech wier, wann een déi richteg Leit verbal géif ugräifen, datt déi da mat der Kalashnikov géifen äntweren.

Een Täter ass keen Opfer

Gutt, ech sinn emol vum Prinzip ausgaangen, datt en Täter en Täter ass, an en Opfer en Opfer wier, an hunn du gefrot, ob ech hir Ausso dann och esou misst verstoen, datt eng Fra, déi sech sexy undeet, sech dann och net doriwwer wonnere soll, wa si vergewaltegt gëtt. Hirer Logik no wier d'Opfer jo am Fong Schold dorun, datt den Täter et ugräift. Genee esou wéi déi Leit déi mengen, et dierft een haut Nazien net Nazien nennen, aus Angscht, si kéinte sech nach méi extremiséieren, well ee se jo net gär huet.

Ech krut dunn als Äntwert, datt dat absolut net ze vergläichen wär, mee wéi sou an deem engem Fall d'Opfer soll Schold dorun droen, datt den Täter handelt, an an deem aneren net, dat krut ech awer net erkläert.

Eng Fro vu Selbstkontroll

Bon, bref, ass e Satiriker Schold dorun, datt déi Persoun, déi hien ugräift, beleidegt ass?

D'Äntwert hei ass kloer Nee! Et kann een engem anere seng Gefiller oder Gedanken zwar beaflossen, et kann ee sech och denken, datt een net positiv opfält bei enger Persoun, mat där een de Geck mécht. Mee et kann een net fir d'Gefiller vun anere Leit verantwortlech gemaach ginn. Mir liewen zwar an enger Gesellschaft, an där et net am Trend läit, sech selwer ënner Kontroll ze hunn, oder senge Bedierfnesser net fräie Laf ze loossen, mee dat ännert näischt un der Saach. Wann ech de Geck mat enger Persoun maachen, sinn ech vläicht den Ausléiser vun negative Gefiller bei där Persoun, mee ech sinn net de Grond dofir. De Grond ass déi Persoun selwer. Wei e Mënsch op en Input reagéiert, ass eng Fro vu Selbstkontroll, a Selbstkontroll ass eng Fro vu Charakter a vun Erzéiung. An u Charakter an Erzéiung kann ee schaffen.

Dat heescht, fir op d'Beispill vun der Vergewaltegung zeréckzekommen, wann eng falsch-gekleedte Fra vergewaltegt gëtt, an da gesot gëtt, si wär selwer Schold, well si et jo provozéiert hätt, dann ass dat, bei allem Respekt, kee wierklech iwwerzeegend Argument. An engem Rechtsstaat, an deem all Mënsch d'Gesetzer kenne kann an theoretesch jo och kenne misst, do gëtt et keng Entschëllegung fir eng Vergewaltegung. An eng kuerz Jupe ass och keng Erklärung dofir.

An engem Rechtsstaat misst all Mënsch sech esou wäit ënner Kontroll hunn, datt e fäeg ass, sech un d'Gesetzer ze halen, egal, wéi wäit e gereizt gëtt.

De Problem ass also net d'Opfer, mee den Täter.

An dat ass bei der Satir d'selwecht. Wann ee mech erofmécht, da muss ech dat net gären hunn, besonnesch net, wann et reegelméisseg oder ëffentlech passéiert. An do ass och den Ënnerscheed tëschent Satir a Mobbing. D'Methode si verschidden, an d'Ziler sinn et och. Den Täter ass vläicht Opfer vun der Satir, mee dat gëtt him awer net d'Recht, fir sech senger eegener Verantwortung ze entzéien.

Déi intellektuell Maturitéit oder déi kognitiv Fäegkeeten, fir an enger komplexer Gesellschaft iwwer komplex Problemer déi néideg komplex Diskussioune feieren ze kënnen, déi si leider net bei all Mënsch genuch kultivéiert ginn. Wann een ugegraff gëtt, ass et méi einfach, dran ze fachen, wéi sech ze berouegen, an dann eng elaboréiert, proportional an nuancéiert Äntwert ze formuléieren. Mee wa mir mengen, datt dat schonn ze vill verlaangt ass, da kënne mir eise Rechtsstaat jo direkt zoumaachen, well de Rechtsstaat setzt viraus, datt seng Bierger Verantwortung iwwerhuele kënnen.

An als erwuessene Mënsch, an als Bierger vun enger Demokratie, an där all Meenung muss däerfen diskutéiert ginn, sinn ech am Endeffekt selwer dofir verantwortlech, fir dat, wat ech maachen an och fir dat, wat ech verbriechen.