Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

Sot Emol

Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

Musek berouegt. Musek mécht glécklech. Musek bréngt Mënschen zesummen a Musek ass nohalteg - dat ass besonnesch wichteg an eiser aktueller Welt. D'Braatschistin a Matgrënnerin vum Ensembel "United Instruments of Lucilin" war d'Invitée an der Sendung "Sot Emol".

auto_stories

2 min

D'Danielle Hennicot am Studio.

D'Danielle Hennicot ass Braatschistin, an hire Numm ass ganz enk mam Ensembel "United Instruments of Lucilin" verbonnen, an deemno och mat der zäitgenëssescher Musek.

Si huet hir Formatioun um Conservatoire Royal zu Bréissel gemaach an et ass besonnesch zäitgenëssesch Musek, déi hir et ugedoen huet. Si ass och Member-Fondateur vun dem Ensembel "United Instruments of Lucilin"

Mat der Gei ass alles ugaangen

Bei der Famill Hennicot ass dpheem schonn ëmmer Musek gemaach ginn, et brauch ee nëmmen un hir Mamm d'Erna Hennicot ze denken, déi jo Concert-Pianistin ass.

D'Danielle Hennicot ass an de Stater Conservatoire gaangen, an huet do mat der Gei ugefaangen:

"Mir haten eng Gei doheem, ech froe mech op datt net matgespillt huet. Deemools hate mir esou e Cours-Pilot mat fënnef Joer wou mir all d'Instrumenter esou virgestallt kruten a probéiert hunn, an do hunn ech mech spontan fir Gei entscheet. Mee vläicht huet och matgespillt, datt mir effektiv en Instrument doheem leien haten."

Aus der Gei gouf d'Braatsch

Et war am Fong dem fréieren Direkter um Conservatoire, dem Josy Hamer, seng Schold datt d'Danielle Hennicot d'Gei mat der Braatsch gewiesselt huet, well Braatsche gebraucht goufen.

Wéi si ugefaangen huet mat der Braatsch, seet d'Danielle Hennicot, huet sich sech direkt immens doheem gefillt; et war hiert Instrument:

"A vue que datt ëmmer Braatsche gebraucht ginn, war ech vill aktiv a menger Jugend a hunn ëmmer riets a lénks matgespillt. An iergendwa stellt ee sech keng Froen, dann ass dat einfach dat, wat ee maache wëll."

Fir d'Formatioun eng aner Sprooch geléiert

D'Danielle Hennicot huet hir Formatioun um Conservatoire royal de Bruxelles gemaach, deen am Fong " Koninklijk Conservatorium Brussel" heescht, well et de flamännesche Conservatoire ass. Esou huet si och séier misse Flamännesch léieren, well hir Examen deemools och op där Sprooch waren:

"Do hunn ech da séier esou en Intensivcours gemaach op der flamännescher Uni zu Bréissel. An d'Museksgeschicht-Coursen, déi Examen hu mir tatsächlech missen op flamännesch schwätzen."

D'Flammännesch-schwätzen huet d'Danielle Hennicot hautdesdaags zimmlech verluer, mee si versteet awer nach alles.