Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat belscht Beispill

Indemnisatioune vum Zweete Weltkrich

Dat belscht Beispill

Lëtzebuerg an d'Belsch haten direkt nom Zweete Weltkrich eng identesch Approche a punkto Entschiedegungen. Zanter den 90er Joren hu béid Länner awer grondverschidde Weeër ageschloen.

auto_stories

6 min

De Vincent Artuso ass Historiker an Auteur. Foto: Archiv.

Lëtzebuerg deelt villes mat der Belsch. D'Tatsaach, datt en Deel vum alen Herzogtum haut eng eponym belsch Provënz bilt, ass just eng Erënnerung un eng laang, gemeinsam Geschicht. Lëtzebuerg huet am Kader vun den Niederlanden bal en halleft Joerdausend laang d'Schicksal vun deene Gebidder gedeelt, déi d'Burgunder zesummegeschloss haten, an déi 1830 géint den hollännesche Kinnek rebelléiert hunn.

Zanter Generatioune gëtt e gudden Deel vun eise wirtschaftlechen, politeschen, militäreschen Elitten op belschen Unien ausgebilt. A wann eis Legislateuren no Léisungen sichen, dann inspiréiere si sech dacks u belschen Texter. Vill Lëtzebuerger Gesetzer hunn domadder e belsche Pendant.

Eng identesch Approche

Dat erkläert, datt d'Fro vun den Entschiedegungen, direkt nom Zweete Weltkrich, an den zwee Länner zimlech ähnlech beäntwert gouf. Souwuel déi Lëtzebuerger wéi och déi belsch Exilregierung hunn zum Beispill de 5. Januar 1943, matten am Krich, d'Londoner Deklaratioun ënnerschriwwen, woumat si sech engagéiert hunn d'Spoliatioune vum däitsche Besatzer réckgängeg ze maachen.

Déi Deklaratioun war an engem Kontext entstanen, an deem déi alliéiert Natiounen d'Ausmooss vum organiséierte Vëlkermord, dee mir haut Holocaust oder Shoah nennen, verstanen haten. D'Formulatioun vum Text war vag genuch fir op eng generell Entschiedegung vun all den Affer hinzedeiten. D'Deklaratioun war awer net bindend, esou datt déi 18 Signatairen nom Krich da schlussendlech ganz ënnerschiddlech, an zum Deel extrem restriktiv, Léisungen entworf hunn.

Wat awer dobäi opfält, ass, datt d'Belsch a Lëtzebuerg eng identesch Approche adoptéiert hunn. An den zwee Länner huet no der Befreiung eng patriotesch Perspektiv dominéiert: d'Lëtzebuerger, respektiv déi belsch Nationalitéit, souwéi individuell Widderstandsakte ware Grondviraussetzunge fir eng Entschiedegung.

Domadder waren déi meescht Judde vun den Entschiedegungsmoossnamen ausgeschloss. Zu Lëtzebuerg ware virum Krich 75 Prozent vun de Judden Auslänner, an der Belsch souguer 90 Prozent. Déi Iwwerliewend vun der Shoah goufen och net als spezifesch Afferkategorie unerkannt.

D'bilateral Accorden, déi dono mat der Bundesrepublik geschloss goufen, hu wéineg un der Situatioun geännert. Lëtzebuerg huet déi däitsch Mëttel haaptsächlech fir d'Indemnisatioun vun den Zwangsrekrutéierte benotzt, d'Belsch fir d'Entschiedegung vun de politeschen Häftlingen.

D'Weeër trenne sech

Vun den 1970er Joren un huet sech d'Siicht vun der Shoah da lues a lues verännert. D'Verbriechen ass an de Mëttelpunkt vun der Erënnerung geréckelt; d'Geschichtsschreiwung huet sech ëmmer méi mat den Täter beschäftegt; d'national Perspektiv gouf vun enger universeller, op d'Mënscherechter baséiert Konzeptioun ersat. Länner déi während dem Zweete Weltkrich vun Nazidäitschland besat gi waren hunn och ugefaangen, hir kollaborativ Vergaangenheet ze hannerfroen.

1997 huet déi belsch Regierung decidéiert eng Kommissioun mat der Etüd vun den antisemitesche Spoliatioune während der Besatzungszäit ze beoptragen. Véier Joer dono ass zu Lëtzebuerg eng ähnlech Kommissioun gegrënnt ginn. Vun deem Zäitpunkt un hu sech d'Weeër getrennt.

D'Lëtzebuerger Kommissioun huet no néng Joer Aarbecht en intermediaire Rapport ofginn, deen zur Conclusioun koum, datt d'Gesetz vum 25. Januar 1950 d'Fro vun den Indemnisatioune scho längst beäntwert hat. Déi, no hirem President benannt, Commission Buysse, huet hirersäits no knapp véier Joer en exhaustive Rapport verëffentlecht, deen zu enger kompletter Revisioun vun der belscher Politik a Punkto Indemnisatioun gefouert huet.

Den 20. Dezember 2001 huet dat belscht Parlament e Gesetz gestëmmt, dat den Affer vun der Shoah, déi iergendwann tëschent dem 10. Mee 1940 an dem 8. Mee 1945 an der Belsch gelieft hunn, erlaabt, eng Entschiedegung unzefroen. Domadder huet de belsche Staat d'Spezifizitéit vun den jüddeschen Affer unerkannt.

Comptes dormants

Am Joer 2012 ass de Jean-Philippe Schreiber an engem Artikel fir d'Revue vun der Union des Progressistes Juifs de Belgique op seng Aktivitéit an der Commission Buysse zeréckkomm. Den Här Schreiber ass e Spezialist vun der jüddescher Geschicht an der Belsch. Zu Lëtzebuerg ass hien och net onbekannt. 2014 huet hien d'Renée Wagener an den Thorsten Fuchshuber bei der Publikatioun vun den Akte vum Colloque "Émancipation, Éclosion, Persécution" ënnerstëtzt.

A sengem Temoignage erkläert de belschen Historiker, datt déi gréisst Oppositioun géigeniwwer der Aktivitéit vun der Commission Buysse vun de Banke koum - an zwar wéinst der Fro vun de sougenannte Comptes dormants. E Compte dormant ass e Bankkonto, op deem et zanter Jore kee Mouvement méi gëtt. Den Holocaust huet ganz vill där Konten hannerlooss, well hir Besëtzer, an dacks all hir Familljememberen, ermort goufen.

Am Ufank huet d'Hostilitéit vun de belsche Banken de Jean-Philippe Schreiber a seng Aarbechtskollegen erstaunt. Datt déi Konte vu jüddeschen Affer iwwerhaapt nach geschlof hunn, war de Beweis, datt d'Banke se eben net liquidéiert haten, wéi d'Besatzungsmuecht dat befuel hat. D'Banken hätten déi Tatsaach esouguer wéi e Widderstandsakt kéinte gëlle loossen.

D'Membere vun der Commission Buysse hunn dann awer erausfonnt, datt d'Attitüd vun de Banken näischt mat Antisemitismus ze dinn hat an och näischt mat den - schlussendlech bescheidenen - Zommen, déi op deene Konten ze fanne waren. Neen, d'Nervositéit vun de Banken hat mat de Lacune vun der belscher Bankelegislatioun ze dinn. Zum initialen Onwëlle vun de Banken Holocaustaffere ze indemniséieren, huet de Jean-Philippe Schreiber dëst geschriwwen:

"J'ai eu le sentiment qu'en réalité́, le secteur bancaire, [...] ne le souhaitait pas pour une raison bien précise. En effet, le contournement de l'obligation - très limitée - de restitution du banquier à laquelle il avait dû se résoudre risquait de constituer un grave précèdent, dont les conséquences pouvaient pour lui être désastreuses, bien au-delà̀ des peanuts que constituaient les montants des biens juifs en déshérence [...] [L]a Commission Buysse a révélé́ comment les banques et les caisses d'épargne, de manière tout fait légale, grâce à une législation très favorable et que personne n'avait eu la curiosité́ ou le courage de mettre en doute, ont pu engloutir dans leurs bilans les comptes dormants [...]. Il s'agit là de milliers, de dizaines voire de centaines de milliers de comptes souvent modestes, dont les propriétaires ont oublié́ l'existence et dont les ayants droit n'ont aucune connaissance. La seule CGER [...] aurait clôturé́ de sa propre initiative 3.300.000 carnets de dépôt depuis 1945, et il n'est pas certain que les avoirs dormants concernés soient allés au Trésor public après 30 ans, comme la législation l'impose dans ce cas particulier".

Véier Conclusiounen

De Verglach mat der Belsch féiert zu véier Conclusiounen. Déi éischt ass, datt eng extrem restriktiv Entschiedegungspolitik reforméiert ka ginn. Déi zweet ass, datt e Staat esou eng Kéier maachen kann, och ouni seng Responsabilitéiten agestanen ze hunn. D'Belsch huet seng Legislatioun am Joer 2001 verännert - also eelef Joer virun der Verëffentlechung vum Rapport "La Belgique docile", deen d'Ausmooss vun der belscher Collaboratioun eréischt beluecht huet.

Dat belscht Beispill weist och, datt eng Entschiedegungslegislatioun, déi d'Spezifizitéit vun den Affer vun der Shoah unerkennt, net ruinös ass. Virum Krich hunn an der Belsch ongeféier 100.000 Judde gelieft - zum selwechten Zäitpunkt hat Lëtzebuerg eng jüddesch Bevëlkerung vun 4.000 Leit. De belsche Staat huet, fir déi Persounen ze indemniséieren, e Fong vun 110 Milliounen Euro opgebaut. Ee Fënneftel vum Budget vum neie Stater Tram.

Véiertens illustréiert dat belscht Beispill, datt d'Hindernisser, déi beim Opschaffe vun dëser Geschicht opgetaucht sinn, net onbedéngt mat Antisemitismus ze dinn haten oder mat der Angscht, en ze héije Präis ze bezuelen. Et huet dann awer och gewisen, datt déi Hindernisser net oniwwerwonnbar sinn.