Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net vill Neies am neie Joer

Geschicht

Net vill Neies am neie Joer

Wa Joresréckblécker an Ausblécker an d'Haus stinn, verzweiwelen Historiker ëmmer erëm op een Neits. Well da gëtt d'Reflexioun iwwer historesche Wandel duerch déi spektakulär Entdeckung vu vermeintlech neie Phänomener ersat.

auto_stories

4 min

Den Historiker Denis Scuto

Joresenn a Joresufank si fir Historiker an der Welt vun haut eng schrecklech Zäit. Et ass de Moment, wou si sech virkomme wéi de Sisyphus. Wéi de mythesche Kinnek vu Korinth, deen an der Ënnerwelt als éiweg Strof e Steen de Bierg erop rullt. E Steen, dee wann e bal um Sommet ukomm ass, nees an d’Dall erofrullt.

Spéitstens fir Silvester an Neijoerschdag, wann se d’Joresréckblécker an Ausblécker liesen, ginn Historiker frontal mam Widdersproch konfrontéiert, datt an enger Zäit vu schnellem Wandel grad d’Kategorie vum Wandel aus dem ëffentlechen Diskurs verschwënnt. D’Nodenken iwwer Verännerung als Prozess, als Verlaf, als Geschicht mat méi oder wéineger laangen Zäitdaueren – den alldeegleche Job vum Historiker also – ass iwwerflësseg ginn. Dat ass dramatesch fir eng Humanwëssenschaft déi sech grad als "science du changement" (dixit Marc Bloch, 1866-1944) definéiert.

D'Enn vun der "pax americana"?

An de Leitartikele vun der Press sinn ech gewuer ginn, dass 2016 anscheinend e ganz neie Moment bruecht huet, nämlech d’Enn vun der "pax americana". Dobäi hat ech als Historiker geduecht, mer géife schonns zënter 25 Joer, an de Konsequenze vum Mauerfall, net méi an enger unipolarer Welt liewen, déi vun den USA dominéiert wier, mee an enger multipolarer Welt, enger Welt ouni international Uerdnung, déi sech duerch hir Instabilitéit auszeechent.

Ganz nei wier anscheinend och, datt déi radikalislamesch Bedreeung géif bleiwen. Ass se dann net schonns an hirer terroristesch Form zënter den 1980er Jore präsent? Och duerch Attentater an Europa, an an den USA, déi all Kéiers enk mat internationale Konflikter zesummenhänken – ob dat Kricher a Biergerkricher an Afghanistan, Algerien, Irak oder Syrien sinn. Och wa mer Attentater séier verdrängen, war déi Bedreeung ni fort. An esou laang déi schlëmmste Kricher grad an deene Regioune gefouert ginn, wäert déi Bedreeung och net verschwannen.

"Wéini war d'EU da populär?"

Als nei gëtt eis och d’Kris vum europäesche Konstruktiounsprozess presentéiert. Mir erliewen alt nees den Ufank vum Enn vun der Europäescher Unioun. D’Jugend ass anscheinend europaskeptesch. Just eng Fro: Wéini war d'Europäesch Gemeinschaft da populär? Op jidder Fall net wou ech jonk war. D'Skepsis vis-à-vis vum Eliteprojet Europäesch Unioun ass eng historesch Konstant, déi vill Ursaachen huet. Geneesou wéi d’Fro ob Groussbritannien dozougehéiere soll a wëll, oder net.

An dann den neie Phänome vum Populismus. Grad a senger rietskonservativer Varianten ass deen esou nei, dass en de politeschen Discours zënter der Weltwirtschaftskris vun den 1970er Joren dominéiert. En ass also schonns 40 Joer nei. Zënter 40 Joer erliewe mer de parallellen triumphale Marsch vun Individualismus a vu konservativen an nationalpopulisteschen Discoursen. Eis neoliberal Zäit plädéiert mam fräie Maart anengems fir den absolute Virrang vum Individuum. Der Liberaliséierung an der Wirtschaft entsprécht d’Pluraliséierung an d’Individualiséierung vun eise Liewens- an Aarbechtswelten, vun deenen déi eng profitéieren, während se anerer prekariséiert.

"Be different… Be Desigual!"

Historiker wéi de Lutz Raphael an den Anselm Doering-Manteuffel hunn an dësem Zesummenhang op en interessante Widdersproch higewisen. Déi individuell Fräiheetsrhetorik an neoliberal Discourse ginn interessanterweis verkoppelt mat konservative Wäerthaltungen an dem Appell u kollektiv Identitéite wéi Natioun a Vollek, wann et drëm geet Wieler ze mobiliséieren. Identitéitspolitik an déi grouss Bedeitung vun Theme wéi kulturell a sproochlech Zougehéieregkeet sinn net nei, mee stinn zënter 40 Joer am Mëttelpunkt.

Op der enger Säit individualiséiere mer eis andeems mer a Geschäfter akafe gi wou grouss steet: "Be different… Be Desigual!". Mir sinn all verschidden a stolz op eis individualiséiert Liewenswelt an Diversitéit. A wielen op der aner Säit Politiker a Politikerinnen déi eis Schutz verspriechen a Form vun nostalgesche Virstellunge vun Natioun, vun Identitéit, vun Eenheet, vu Famill, vun Erzéiung, vun Uerdnung, déi et längst net méi gëtt.

"Il faut imaginer Sisyphe heureux"

Net ganz nei also, déi Welt, déi eis virun an no Neijoerschdag als nei presentéiert gëtt. Mee dass se vläicht net ganz nei ass, menge just Historiker déi sech de Luxus leeschte kënnen, iwwer esou iwwerflësseg Phänomener nozedenke wéi Vergaangenheet, Zäit a Verännerung.

Si wäerten dat trotzdem 2017 weider maachen. An un déi lescht Sätz vum Albert Camus sengem "Mythe de Sisyphe" denken: "La lutte elle-même vers les sommets suffit à remplir un coeur d’homme. Il faut imaginer Sisyphe heureux."