Radioen

On air

De Weekend  |  Van Morrison - Brown Eyed Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bob Bertemes zu Tokyo

Am Gespréich

De Bob Bertemes zu Tokyo

Am Juni 2019 hat de Lëtzebuerger Kugelstousser Bob Bertemes seng Kugel 21,29 Meter wäit gehäit an hat sech domadder fir d'olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert. Wéinst der Pandemie ass Olympia awer op dëst Joer verluecht ginn a wäert den 23. Juli 2021 ufänken. An der Serie Am Gespréich schwätzt de Bob Bertemes driwwer, wéi dat säin Training beaflosst huet a wat seng Erwaardunge fir dat grousst sportlecht Event sinn.

auto_stories

4 min

Duerch d'Pandemie huet den Training vum Bob Bertems ganz aneschters ausgesi wéi a normalen Zäiten. Lescht Joer war et fir hein zäitweis net méiglech wéi gewinnt um Olympia-Stëtzpunkt zu Mannheim ze trainéieren.

Elo gëtt do fir de Lëtzebuerger Athlet awer eng Ausnam gemaach an e fillt sech um richtege Wee fir bei d'olympesch Spiller. De Bob Bertemes ass bei der Arméi ugestallt an hat dowéinst lescht Joer de Virdeel, net esou ënner Drock ze stoen, wéi aner Sportler.

"Du kriss einfach normal weider deng Pai bezuelt, esou datt s de dee Stress net hues, datt s de sees, ech muss onbedéngt Meetingen (Competitiounen) maachen. Well dann hëls de e méi grousse Risiko a Kaf, well s de einfach iergendwou hi flitts, fir e Meeting ze maachen."

Lauschterenplay_arrow

"Et ass net d'Enn vun der Welt"

Eigentlech sollten d'olympesch Spiller scho leschte Summer zu Tokyo iwwer d'Bün goen. Wéinst der Coronavirus-Pandemie huet een dat grousst Event awer e Joer no hanne geréckelt an et wäert elo dëse Juli ufänken. Fir de Bob Bertemes war déi Decisioun kee grousse Problem, mee huet him esouguer an d'Kaarte gespillt.

"Mir hu relativ séier gesinn, datt dat net esou klappt, wéi mer eis dat virgestallt hunn, also am Wanter 2019. Do hu mer déi ganz Wantersaison ofgebrach an hunn nees e bëssen Opbau gemaach an do sinn ech e bëssen erakomm Enn Mäerz 2020. [... ] An do ass dat u sech lass gaange mam Corona, an elo kann ee soen, fir eis war dat extrem glécklech, datt et esou gefall ass, wéi et gefall ass, soss wäre mer an d'Schweesse komm"

Lauschterenplay_arrow

Mat derbäi sinn ass net alles

22,22 Meter wäit huet de Bob Bertemes seng Kugel scho gestouss, dat ass och Lëtzebuerger Landesrekord. Wann e bei den olympesche Spiller déi Distanz nach eemol hikréie géif, wier eng gutt Placéierung dran, esou de Lëtzebuerger Kugelstousser.

An e wéilt och net nëmmen higoen, fir mat derbäi ze sinn, mee wéilt och e gutt Resultat realiséieren, seet de Bob Bertemes. Och wann Olympia fir hien nach net am Mëttelpunkt steet.

"Et ass u sech nach esou wäit ewech, datt ech mer do de Moment net vill Gedanken driwwer maachen, fir éierlech ze sinn. Et gi virdrun nach esou vill Saachen déi musse gemaach ginn. Am Kapp sinn ech nach net bei Olympia"

Lauschterenplay_arrow

E positive Corona-Fall kënnt wuel net méi zeréck fir Olympia

Stand elo wäerten d'olympesch Spiller den 23. Juli dëst Joer zu Tokyo ufänken. Wéi d'Sécherheetskonzept ausgesäit a wéi vill Spectateuren an de Stadione wäerte sinn, ass de Moment nach net gewosst.

Déi Ongewëssheet belaascht de Bob Bertemes awer aktuell net. Och vun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus, déi d'Olympia-Aus bedeite géif, léisst de Kugelstousser sech net beaflossen.

"Ech ka schlecht de ganzen Dag hei heem bleiwen a soen: elo dierf ech net raus. Ech muss op den Training, ech muss heiansdo akafen an ech muss och heiansdo tanke goen, et ass halt esou wéi et ass. Mee ech denken, wa jiddwereen zesummeschafft, jiddwereen de Mask undeet an sech d'Hänn desinfizéiert, datt dann de Risiko sech unzestiechen op e Minimum reduzéiert gëtt."

Lauschterenplay_arrow

"Den Dram ass bis 2024 mat derbäi ze sinn"

Wa näischt Iwwerraschendes méi geschitt, ass de Bob Bertemes am Summer bei Olympia mat derbäi, seng éischt olympesch Spiller, a wann et dem 27-järegen Athlet no geet, net seng lescht. Olympia 2024 zu Paräis ass fest am Bléck. Ëm all Präis wëllt de Sportler awer net bis dohinner weider maachen, mee d'Leeschtunge mussen och passen.

"Wann ech elo iergendwann e mega Leeschtungs-Abroch hätt, wat ech net hoffen, dann ass warscheinlech och scho virdru Schluss. Do muss ech einfach realistesch sinn. Fir elo ze soen, dat gëtt iergendwéi nach duerchgedréckt bis 2024, gesinn ech och selwer net an. Mol kucke wat de Kierper esou seet."

Lauschterenplay_arrow