Radioen

On air

Notturno  |  Van Morrison - Astral Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Conservatoiresdirekter an d'Corona-Pandemie

Am Gespréich

De Conservatoiresdirekter an d'Corona-Pandemie

En ass Museker, Direkter vum Escher Conservatoire, Dirigent an President vun enger Musek, rieds geet vum Marc Treinen. An als Direkter vun engem Conservatoire hat een et sécher net ganz einfach zanter dem Mäerz 2020.

auto_stories

6 min

De Marc Treinen war Invité an eiser Emissioun "Am Gespréich" an natierlech goung et an deem Gespréich och vill dorëms, wéi hien a senger Funktioun als Direkter déi Zäit vum Confinement, vun de Fermeturen, vum Homeschooling an Homeoffice erlieft huet an deels och nach erlieft. Mee dernieft ass de Marc Treinen awer och privat ganz enk mat der Musek verbonnen.

"Musek war bei eis doheem Traditioun"

Éier de Marc Treinen awer säin Hobby zum Beruff gemaach huet, koum iergendwann awer den Ament, wou hien als Kand mat der Musek ugefaangen huet. An dat koum net vun ongeféier, well Musek an der Famill Treinen quasi zum Alldag gehéiert huet.

De Bop war Klarinettist, d'Bridder Klarinettist a Flüttist, de Papp um Euphonium an d'Mamm an d'Groussmamm waren am Kierchechouer.

"Musek war bei eis am Haus ëmmer mat engem groussen "M" geschriwwen. Jo, an iergendwann wollt een eng Kéier mat an d'Prouf goen. Ech wollt eigentlech ëmmer Trombonn léieren, war awer deen Ament ganz einfach ze kleng fir d'Trombonn ze léieren. Do huet natierlech och eisen deemolege Chef, de Francis Thein, gesot: Ech brauch Klarinetten hei an der Musek, da probéier emol. Do hunn ech dat da probéiert, gutt ech hat der zwee doheem, déi mer dat iergendwéi virgelieft hunn, Brudder a Bop, an, jo, an esou ass dat dann zur Klarinette komm."

Lauschterenplay_arrow

Eng flott awer schwiereg Zäit

De Marc Treinen huet säi musikalesche Formatiounswee vun éischte Coursen an der Harmonie Téiteng, iwwer den Escher Conservatoire bis schlussendlech de Studium zu Bréissel gemaach. Wärend dem Studium war et eng ganz flott Zäit, mee dono gouf et schwiereg. Et wollt ee jo schaffen, mee am Fong hat ee kee reelle Patron. Et wosst een net richteg wéi et weider géif goen, wéini a wou een iwwerhaapt eng Aarbecht kritt. De Marc Treinen hat d'Chance en Elterenhaus ze hunn, dat hien ëmmer ënnerstëtz huet.

Mee et koum dem Ament, wou am Escher Conservatoire en Enseignant an d'Pensioun gaangen ass, an de Marc Treinen d'Course konnt iwwerhuelen.

"Do ass dat da wéi ee musikalesch géif soen: "Crescendo an Accelerando" gaangen, Fir d'éischt e bësselchen Orchester, duerno e bësselchen Enseignement, jo bis een iergendwann eng ganz Tâche als Enseignant hat. Virun der ganzer Tâche als Enseignant koum eng Kéier de Punkt, wou mäi Virgänger, de Fred Harles, ee gebraucht huet an der Administratioun fir e Congé de Maternité ze ersetzen, do sinn ech da gläichzäiteg zum Enseignement mat an d'Administratioun eragerutscht."

Lauschterenplay_arrow

Musek och privat eng Passioun

Den Escher Conservatoire, an dat ass net vermessen ze soen, ass e mëttelgrousse Betrib mat dësen Eckwäerter: tëscht 1.000 an 1.100 Schüler, 66 Enseignanten an 80 Leit Personal am ganzen, dat kléngt schonn no vill. Mee den Escher Conservatoire huet awer trotz der Gréisst säi perséinlechen an heemleche Charakter behalen.

Eng aner Säit vum Marc Treinen sengem musikalesche Liewen ass seng Aktivitéit an den Harmonien Téiteng a Monnerech. An der Harmonie Téiteng ass de Marc Treinen zanter 2017 President, an e war virdrun och zu Téiteng vu 1989 bis 2007 Dirigent vun der Musek, an en ass haut eben nach ëmmer aktiv an deenen Harmonien.

"An notamment d'Blosmusek fannen ech extrem wichteg an extrem schéin, et gëtt net en Zwee-Klassen-Orchester, de Blosorchetser an de Symphonieorchester. Wann een zwou professionell Formatiounen hëlt, d'Militärmusek, wat eng top-professionell Formatioun ass, an et hëlt een den OPL, déi maachen allen zwee gutt Musek. D'Blosmusek ass keng zweetrangeg Musek. Et ass eng aner Musek, et gëtt en anere Genre Musek gemaach."

Lauschterenplay_arrow

"Nach nuets gouf decidéiert direkt zou ze maachen"

Wéi fir vill edukativ a kulturell Institutioune war an ass et och fir de Escher Conservatoire eng zimmlech ustrengend an ongewëss Zäit an där se haut fonctionéieren. An wann een den Datum vum 12. Mäerz 2020 héiert, do fänken der vill u sech ze schudderen an d'Aen ginn engem op, an dat ass beim Marc Treinen net anescht.

Mëttes haten se nach Geieconcours am Conservatoire an owes dunn huet de Marc Treinen mat senger Fra zesummen d'Pressekonferenz vum Premier Xavier Bettel gekuckt a gelauschtert, well se wossten: et geschitt elo eppes.

"Eis ass de Kënn erof gefall, wéi geet et elo weider, wat passéiert elo? Do hunn ech direkt mäi Schäffen, den Här Knaff a mäi Buergermeeschter, den Här Mischo ugeruff, an do hu mer e bësselchen zesumme geschwat, bon wat maache mer. Bei eis (Conservatoire) muss e wëssen, dat war jo Donneschdeg den 12 Mäerz, du Freideg den 13. Freides ass am Prinzip en Dag, wou net esou vill Leit am Haus sinn, mee Samschdes ass Haus normalerweis komplett voll. Vu Moies hallwer néng bis nomëttes véier-fënnef Auer. Bon wat maachen, do hu mer awer Decisioun geholl fir direkt zou ze maachen."

Lauschterenplay_arrow

"D'Pandemie-Zäit wéi an engem Film eraus schneiden"

De Confinement war eng schwiereg Zäit, well esou vill Coursen ausgefall sinn, oder d'Klassen an zwee gespléckt goufen, an dat heescht och nëmmen d'Hallschent vun de Coursen. Blosmusek spille war schwiereg. Danz, Art dramatique quasi onméiglech. 2020 waren no dem 12. Mäerz nach sechs Woche Schoul, fir Schouljoer 2020/2021 huet vill gefeelt.

Mee net nëmmen am Conservatoire war zou, eben och e Veräinsliewen an den Harmonië war keent méi do an dat iwwer Méint a Méint.

"Mir hu probéiert iwwer Distanz Kontakt mat eise Leit ze halen. Ech ka mech erënneren den éischte Mee 2020, do hu mer virum Computer e Patt zesumme geholl, an net wéi et a Wierklechkeet ass bei engem gesellegen Iessen.E ch fäerten och, datt mer deen een oder anere Member verléieren, en Iwwerbléck hu mer nach net. Ech verstinn dat, och vläicht eeler Leit, déi vläicht nach zwee-dräi Joer gespillt hätten, déi soen elo hunn bal zwee Joer keen Instrument méi am Mond gehat, ech fänken awer elo net méi un oder et geet vläicht einfach net méi, mol kucken dass eng schwiereg Zäit. Ech géif mer wënschen, datt een esou wéi an engem Film déi 18 Méint kéint erausschneiden an de Film nees frësch zesumme setzen, mee ech mengen dat wäert leider net de Fall sinn."

Lauschterenplay_arrow