Radioen

On air

De Moien  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Foussball, dat knaschtegt Geschäft

Sport a Steieren

De Foussball, dat knaschtegt Geschäft

De Foussball ass ëmmer méi e Geschäft ginn. D'Ticketen an de grousse Ligen sinn enorm deier. D'Spiller gi vu Club a Beroder fir Millioune verkaaft a verdénge selwer och ee Verméigen. De Vollekssport verléiert de Kontakt zum Vollek. D'Plattform "Football Leaks" huet mam "Der Spiegel" Informatioune presentéiert, déi beweisen, datt de Foussball net just ee Geschäft, mee och nach ee knaschtegt ass.

auto_stories

3 min

De Christiano Ronaldo huet och ausserhalb vum Terrain getrickst (Foto: picture alliance / NurPhoto / DPI)

De Cristiano Ronaldo ass dee vläicht gréisste Star, deen de Foussball jee gesinn huet. Um Terrain brécht de Portugis ee Rekord nom aneren a gewënnt Titele mat Real Madrid a mat der Nationalequipe. Nieft dem Terrain war de Ronaldo bis elo makellos, huet sech keng Skandaler erlaabt.

Eng Carrière wéi gemoolt. Mee och d'Illusioun vum perfekte Cristiano Ronaldo ass mat der Verëffentlechung vun de Football Leaks zerbrach. D'Daten, déi Football Leaks an de Spiegel zesummegedroen hunn, beweisen, datt déi ganz grouss Vedetten och ausserhalb vum Terrain ganz schéi kënnen tricksen.

An de Joren tëscht 2009 an 2014 soll de Cristiano Ronaldo - via Bréifkëschtefirmaen an Irland an op de British Virgin Islands an der Karabik - iwwer 75 Milliounen Euro laanscht de Fiskus geschmuggelt hunn. De Ronaldo ass just ee Beispill, d'Football Leaks hunn ähnlech Machenschafte beim Trainer José Mourinho oder dem däitsche Nationalspiller Mesut Özil festgestallt.

Wei geet een domat ëm, wann déi grouss Virbiller vun enger ganzer Generatioun sech op eemol als Krimineller erausstellen? Oder wonnert et iwwerhaapt nach een?

Steierhannerzéiung roueg mol probéieren

An deene leschte Jore gouf et se ëmmer erëm, déi grouss Fäll vu Steierhannerzéiung. Egal op multinational Entreprisen oder eenzel, dem public bekannte Millionären, wierklech bestrooft ginn ass keen, zumindest huet een dat Gefill. A wat ass de Message, wann ee Land wei Irland et oflehnt, datt Apple bal 14 Milliarden u Steiergelder nobezilt, aus Angscht, ee gudde Client ze verléieren?

Wat ass de Message, wann ee Mann wei den Uli Hoeneß, de mëttlerweil erëm aktuelle President vu Bayern München, dräi Joer wéinst Steierhannerzéiung an de Prisong muss, no sechs Méint awer just nach an der Zell muss si fir ze schlofen, an däitlech virum Schluss vu senger Strof ganz fräi kennt?

De Message ass natierlech deen, datt een dat mat der Steierhannerzéiung roueg mol ka probéieren. An enger Foussballwelt, an där et ëm ëmmer méi Sue geet, fänken d'Spiller u wéi Entreprisen ze handelen. Stare wei Ronaldo a Messi si scho laang vill méi wei Sportler. Si sinn eng Mark. Genau wei Apple oder McDonalds. A si handele genau sou.

D'Responsabilitéit vun der Politik

Et kéint een der Europäescher Unioun en Deel vun der Schold ginn. Schliisslech probéieren d'EU-Finanzminister zënter méi wei zwee Joer, déi oppe Scheierpaart vun der Steierhannerzéiung zouzemaachen: déi sougenannten duebel Netbesteierung, dank där sech virun allem an Irland an an Holland grouss Entreprisen um Fiskus laanschtdrécken. Ufank Dezember hu sech d'Finanzministeren zu Bréissel alt erëm un dëse Projet erugemaach, an alt erëm koum et zu kengem nennenswäerte Resultat.

Et kann een et awer och gesi wéi den Eric Cantona. A senger eegener Emissioun op Eurosport sot de fréiere franséische Nationalspiller: "C'est marrant à quel point on pense que les footballeurs, parce qu'ils gagnent beaucoup d'argent et qu’ils sont idôlatrés, doivent êtres plus exemplaires que d'autres. Que vous le vouliez ou non, le foot sera toujours un miroir de notre société."

Dem Cantona no kann et dowéinst och just eng Léisung ginn. "Ce n'est pas une question morale, c'est une question légale. Si c'est interdit, condamnez-les! Mais condamnez-les tous! Si c'est légal, mais on n'aime pas ça, changeons la loi. C'est aux hommes politiques de se greffer une paire de couilles et de résoudre ce problème."