Radioen

On air

De Weekend  |  Andy Shauf - Quite Like You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Golfstroum

Reen a Bou

De Golfstroum

Am leschten Episod vu Reen a Bou ass et ënner anerem drëms gaangen, wat eng Mieresstréimung ass a wéi se entsteet - haaptsächlech mam Beispill vum Golfstroum. Dës Kéier gëtt d'Wichtegkeet vun dësem Stroum méi genee ënner d'Lupp geholl an de Philippe Ernzer liwwert och eng Äntwert op d'Fro, wéi en Afloss de Klimawandel op de Golfstroum kann hunn.

auto_stories

4 min

De Golfstroum ass eng vun de gréissten a wäermste Mieresstréimunge vun der Welt. Hätte mir dëse Stroum net, da wier et bei eis an Europa ëm fënnef bis zéng Grad méi kal. Dohier gëtt de Golfstroum och nach gäre "Wärmepompel vun Europa" genannt.

De Golfstroum dréit immens grouss Massen u waarmem Waasser aus dem Golf vu Mexiko an eis Richtungen. Se fléisse laanscht d'Ostküste vun den USA weider an den Nordoste queesch iwwer den Atlantik an duerno och laanscht d'Küste vun de britteschen Inselen. Iergendwann kënnt d'Waasser an Norwegen un.

Um Wee dohinner spléckt sech de Stroum awer insgesamt dräimol: en éischten Deel fléisst op Grönland duer, deen anere fléisst, wéi elo grad beschriwwen, laanscht déi brittesch Inselen a Richtung Norwegen an deen drëtten ännert kuerz virun der portugisescher Küst seng Richtung a fléisst laanscht déi afrikanesch Westküst zeréck un den Äquator.

Soubal d'Stréimung an den nërdleche Gewässer ukënnt, killt se sech staark of. De Stroum geet, well en duerch d'Keelt méi schwéier gëtt, ëmmer méi wäit am Mier ënner a fléisst iwwer Ëmweeër zeréck an de Süden.

De Golfstroum huet e groussen Impakt op eist Klima

Hätte mir kee Golfstroum, da kéint een d'Klima heiheem mat deem vun Alaska vergläichen. Viru Ronn 15.000 Joer soll de Golfstroum zimmlech abrupt no der leschter Äiszäit entstane sinn an ass zanterdeem méi oder manner stabil bliwwen.

An de leschte Jore fält awer ëmmer méi op: d'Wärmepompel verléiert ëmmer méi u Kraaft. De ganze System ronderëm de Golfstroum, also och nach inklusiv dem Nordatlantikstroum, transportéiert bis zu 150 Millioune Kubikmeter Waasser an der Sekonn. Dat ass ongeféier 100 Mol méi, wéi es duerch d'Flëss iwwerhaapt an d'Mierer fléisst.

D'Wiermt, déi de Golfstroum mat sech féiert, ass mat der Leeschtung vun ongeféier enger Millioun Atomreakteren ze vergläichen. Et ass also en Naturphenomeen, hanner deem eng enorm an och onvirstellbar Kraaft stécht.

Mir kënnen eis also gutt virstellen, datt e weidert Ofschwäche vum Stroum zu gréisseren Auswierkunge fir eist Klima féiere kann. D'Zesummespill aus Klimawandel a Golfstroum zielt iwwregens och zu de Kippelementer am Äerd- a Klimasystem - en Theema, dat mir och schonn ausféierlech behandelt hunn.

D'Mieresstréimunge sinn ënner stänneger Iwwerwaachung. Zanter dem Joer 2000 si weltwäit iwwer 4.000 automatiséiert Bojen am Asaz, dovun e groussen Deel am Atlantik tëschent Grönland a Skandinavien souwéi och Nordamerika, Afrika a Südamerika. Nieft verschidde meteorologesche Parameter ginn och nach d'Waassertemperatur, de Salzgehalt an d'Stäerkt vun der Stréimung ermëttelt - dat an eng Déift vu bis zu zwee Kilometer.

Zemools d'Miessunge vum brittesch-amerikanesche Miessprojet RAPID droen dozou bäi, déi laangjäreg Entwécklung vun der Mieresstréimung nozevollzéien. Dëse Projet besteet aus 226 Moossinstrumenter, déi um Mieresbuedem vum Breedegrad 26,5° Nord verankert sinn. Fir déi nei gewonnen Donnéeë mat den deemolege Konditioune ze vergläiche gräifen d'Fuerscher op d'Donnéeën zu de Mierestemperature vum Atlantik zeréck, déi et zanter dem 19. Joerhonnert gëtt.

D'Äerderwiermung wierkt sech op de Golfstroum aus

Wéi d'Klimamodeller et scho laang gesinn, ass et warscheinlech, datt de Golfstroum duerch d'Äerderwiermung ëmmer méi instabil gëtt. Am schlëmmste Fall kéint e souguer ganz wechfalen. Duerch d'Äerderwiermung schmëlzen d'Äisflächen - mir hunn also méi Schmelzwaasser an de Mierer.

Well killt Waasser dem Golfstroum-System no a Richtung Süden zeréck un den Äquator fléisst, fir do erëm méi waarm ze ginn an dann den Tour erëm vu vir unzefänken, kënnt de waarmen Deel vum Golfstroum iergendwann net méi sou wäit an den Norden - eben duerch dat gréissert Mooss u méi killem Waasser, dat duerch d'Äisflächen déi schmëlzen zustane kënnt. Duerch dat zousätzlecht Waasser, dat aus dem Norden entgéintdréckt, gëtt de Golfstroum also ofgeschwächt.

Internationale Fuerscher no huet sech d'Ëmwalzstréimung am Atlantik schonn ofgeschwächt an ass haut manner staark wéi an de leschten 1.000 Joer. D'Stréimung huet zanter 1950 ëm 15 Prozent ofgeholl - dat entsprécht ronn dräi Millioune Kubikmeter an der Sekonn. Wéi brittesch Klimaexperte bekannt ginn hunn, soll d'Ofschwächung vum Stroum schonn 1850 lues ugefaangen hunn an hätt sech bis haut weider verstäerkt.

De Prof. Stefan Rahmstorf vum Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung seet, datt déi bis elo agetraffen Anomalië genee de Computersimulatiounen entspriechen. Sollt déi global Erwiermung net tëschent 1,5 an 2 Grad gehale kënne ginn, da wier domat ze rechnen, datt sech de Stroum weider signifikant ofschwäche wäert. Ob et awer iergendwann zu engem komplette Stëllstand kënnt, weess keen.

Fir datt et zu gravéierende Konsequenze kënnt, muss de Stroum awer net ganz verschwannen. Eleng wann e sech weiderhi sou séier ofschwächt, kann dat schonn zu engem ongewinnte Verhale vun eisem Wieder féieren. Verännert sech d'Temperaturverdeelung am Mier, da ginn och d'Loftstréimunge beaflosst. Doduerch kënne sech d'Lafweeër vun z. B. Déifdrockgebitter veränneren, wouduerch parallel dozou de Risk vu Stierm bei eis an d'Luucht goe kann. Jee no Grousswiederlag kéinten am Zesummespill vun engem däitlech manner waarmen Atlantik och méi Hëtztwelle wéi soss an Europa virkommen.