Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wild Nothing - Partners In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Golfstroum an aner Mieresstréimungen

Reen a Bou

De Golfstroum an aner Mieresstréimungen

Eist Klima gëtt vill duerch Mieresstréimunge beaflosst - méi, wéi ee sech dat denke kéint. Wéi eng Roll se spillen a wéi de Golfstroum entsteet, erkläert de Philippe Ernzer.

auto_stories

6 min

De Klimawandel ass en omnipresent Theema. Et gi vill Sujeten, déi mat em zesummenhänken. De sougenannte Golfstroum ass ee vun deenen, mee fir d'éischt kucke mir eis mol un, wat esou eng Mieresstréimung iwwerhaapt ass a wéi de Golfstroum iwwerhaapt entsteet, deen e groussen Afloss op eist Klima heiheem huet.

Och wann een et vu wäit uewen net direkt gesäit, sinn eis Mierer déi ganzen Zäit a Beweegung. Déi offensichtlechst fir eis sinn d'Ebbe a Flut, déi awer reng optesch gesi just hin an hier schwappen. Mee ënner der Mieresuewerfläch ginn et Stréimungen, déi ee sech vun der Intensitéit hier net wierklech virstelle kann. Se erstrecke sech iwwer de ganze Globus a hu virun allem de Schëffskapitänen am 15. an am 16. Joerhonnert Kappzerbrieches bereet, wa si op eemol trotz scheinbar rouegem Waasser wäit vun hirem geplangte Wee ofkoumen.

D'Beweegungen, déi een am Mier fënnt, kann een an e puer verschidde Kategorien andeelen: déi Beweegungen, déi zu den op Däitsch "Gezeiten" gehéieren - an dann och nach jeeweils d'Uewerflächestréimungen an d'Déiftestréimungen. Wärend, wéi scho gesot, d'Gezeitenstréimunge mat der Ebbe an der Flut e vergläichsweis manner groussen Afloss op alles hunn, ëmspanen d'Stréimungen un der Uewerfläch souwéi och déif am Waasser de ganze Planéit. Se gëllen och nach als Fërderband vun de Mierer.

D'Corioliskraaft

D'Uewerflächestréimungen zielen zu de gréisstendeels siichtbare Mieresbeweegungen. Beaflosst ginn dës duerch de Wand an duerch Reiwung. Duerch den dacks spierbare bis stramme Séiwand gi grouss Waassermassen a Beweegung gesat. Lokal gesi fléisst d'Waasser un der Uewerfläch a Richtung Wandrichtung, op e gréissere Raum gekuckt gëtt d'Mieresstréimung awer ofgelenkt. De Grond dofir ass déi vum Gaspard de Coriolis benannt Corioliskraaft, déi 1835 fir d'éischte Kéier méi genee ënner d'Lupp geholl gouf. D'Corioliskraaft gëtt duerch d'Dréibeweegung vun der Äerd ausgeléist. Um Äquator dréit sech d'Äerd mat 1670 km/h a Richtung Osten. A Richtung Nord- oder Südpol hëlt d'Dréigeschwindegkeet awer of. Hëlt een elo d'Beispill vum Wand, dee probéiert vum Äquator riicht a Richtung Nordpol ze blosen, da geet dat net. Well d'Äerd sech um Äquator méi séier dréit, hëlt de Wand um Wee a Richtung Nordpol oder Südpol de ganze Schwong mat, deen e kritt. Zesumme mat der Vitess, déi zu de Polkappen hin ofhëlt, gëtt de Wand ofgelenkt. Op der Nordhallefkugel ass et no riets, op der Südhallefkugel no lénks. Dëst ass net nëmme beim Wand esou, mee och bei de Mieresstréimungen.

Wärend d'Uewerflächestréimungen haaptsächlech duerch de Wand ugedriwwe ginn, ass déi ënnerschiddlech Dicht vum Waasser den Undriff fir d'Déiftestréimungen. Et ass entscheedend, wéi d'Temperatur vum Waasser ass, a wéi vill Salz et enthält. Genee wéi bei der Loft, ass och kaalt Waasser méi schwéier wéi waarmt. Waasser mat méi Salz ass och méi schwéier wéi Waasser, dat net esou vill Salz enthält. Als logesch Konsequenz huet dat also, datt kaalt a salzegt Waasser an d'Déift gedréckt gëtt. Nieft dem Pazifik ass dëst Phenomeen am Nordatlantik am stäerksten ausgepräägt. D'Waasser vun der Uewerflächestréimung verdonst a Richtung Nordpol zu engem Deel. Dat ëmleiend Waasser gëtt méi kill an och méi salzhalteg, et gëtt also méi schwéier. D'Schichtung gëtt méi instabil, d'Waassermasse ginn ëmmer méi wäit am Mier ënner a fléissen dann an enger Déift vun e puer dausend Meter an der entgéintgesater Richtung zeréck an de Südatlantik.

Am Südatlantik trëfft dëse Stroum un de sougenannten Zirkumpolarstroum, engem weidere Mieresstroum, deen de ganze südleche Globus ëmkreest an d'Waassermasse vun den dräi Ozeaner matenee vermëscht. Duerch dëse Mix gëtt d'Waasser zeréck un d'Uewerfläch befërdert a gëtt erëm erwiermt. De Kreeslaf ass komplett.

Dem Waasser säi Wee

Wéi engem elo däitlech gëtt, ass de Golfstroum also net den eenzege Mieresstroum - mee trotzdeem e ganz wichtegen. En ass ee vun de séiersten a stäerkste Stréim an zielt och nach zu de wäermsten Uewerflächestréimunge vun der Welt. Duerch d'Waasser vum Nord- a Südäquatorialstroum, dee sech op der Héicht vum Äquator befënnt, gëtt de Golfstroum gespeist. Duerch de Passatwand iwwer dem Atlantik gëtt dat waarmt Waasser vun der afrikanescher Küst a Richtung Karibik gedriwwen. Um Wee dohi ka sech d'Waasser op bis ëm 30 Grad erwiermen. Dëst ass iwwregens och dee Beräich, souwuel a Punkto Temperatur souwéi och Géigend, wou sech tropesch Wierbelstierm forméieren.

Dem Waasser säi Wee duerch d'Karibik ass awer net ganz ouni Hindernisser. Déi eenzel Inselen, de südamerikanesche Kontinent souwéi awer och déi natierlech Landesgrenz vu Florida, suergen dofir, datt den zukünftege Golfstroum gespléckt an tëschent den eenzelen Hindernisser duerchgequetscht gëtt. Eréischt wann de Stroum u Florida laanscht ass, wou e mat gutt 2 m/s zeréck an den Atlantik fléisst, kritt dat Ganzt schlussendlech den Numm "Golfstroum".

Vun do aus fléisst de Golfstroum weider laanscht d'US- amerikanesch Ostküst, éier en ongeféier op der Héicht vum Bundesstaat North Carolina a Richtung Osten ofgedrängt gëtt - de Grond: d'Oflenkung duerch d'Corioliskraaft. Iwwerdeems kënnt em awer dee méi kille Labradorstroum entgéint, wouduerch de Golfstroum ofgeschwächt an ofgekillt gëtt. D'Waassermasse vermësche sech, de Stroum ass keng riicht Linn méi. E verdeelt sech a beweegt sech méi a wellenaartege Beweegunge fort.

Opsplécken an zwee Strréim

Duerch dëse Virgang schwätzt een elo vum Nordatlantikstroum, op d'mannst emol vu wëssenschaftlecher Säit aus gekuckt. Am Allgemenge gëtt en awer ëmmer nach gäre Golfstroum genannt. Aus der wellenaarteger Beweegung, déi de Stroum mécht, soubal e mam Labradorstroum zesummestéisst, spléckt e sech an zwee grouss Stréim op. Ee vun dëse Stréim fléisst laanscht d'Küste vum südeuropäeschen an afrikanesche Kontinent zeréck a Richtung Nordäquatorialstroum, wou d'Waasser op en Neits erwiermt gëtt an erëm op déi amerikanesch Küst duerzitt. E weidere Kreeslaf ass entstanen.

Den Nordatlantikstroum u sech beweegt sech op Irland duer a kënnt iergendwann un der Küst vun Norwegen un. Op dësem Wee ass dem Stroum erëm vill Wiermt entwëscht - och de Salzgehalt ass duerch dat bis dohi verdonstent Waasser an d'Luucht gaangen. D'Waassermasse ginn also erëm méi schwéier a ginn an d'Déift gezunn. Eng Uewerflächestréimung gëtt et op dëser Plaz net méi. D'Waasser stréimt als eng Déiftestréimung zeréck an den Atlantik un den Äquator a geréit do iergendwann zeréck un d'Uewerfläch, wou et erëm opgewiermt gëtt. Mir hunn e weidere Kreeslaf.

Mir hunn haut gesinn, wat Uewerflächestréimungen an Déiftestréimunge sinn an och, wéi de Golfstroum iwwerhaapt entsteet. Mee wéi en Afloss huet de Golfstroum dann elo klimatechnesch op eise Kontinent a wat huet de Klimawandel domat ze dinn? Dëst huele mir an der nächster Episod vu Reen a Bou - Op Schratt an Tratt mam Wieder ënner d'Lupp.