Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et léiert een als Kleeschen all Dag bäi"

Sot emol

"Et léiert een als Kleeschen all Dag bäi"

Den hellegen Niklos bréngt traditionell an der Nuecht op de 6. Dezember Séisses a Kaddoen. Haut op sengem Dag huet de Schutzpatréiner vun de Kanner, trotz der Pandemie, de Wee bis an den 100,7 Studio fonnt.

auto_stories

3 min

De Kleesche flitt mat sengem Schlitt uechter d'Welt an duerch den Zäitraum, ouni iergendwellech Trasse vu Pollutioun ze hannerloossen, hien ass onvergänglech, weess vill, a gesäit alles.

Hanner dem Niklos stécht den Nikolaus vu Myra, de bekanntsten Hellegen aus souwuel an der orthodoxesch- wéi an der kathoulescher Kierch.

De Kleeschen an den Houseker si sech bewosst datt 2021, bedéngt duerch d'Covid-Pandemie, keen einfacht Joer fir d'Kanner war, si musse mat Maske spillen, déi sëllegen Aschränkungen an der Schoul an an der Fräizäit huet hien deemno berécksiichtegt.

Dem Kleesche seng Geschicht

De Kleeschen huet iwwer seng Heemescht um Mëttelmier geschwat, iwwer seng schwiereg Zäiten als fréi Chrëschten, wat et bedeit verfollegt a gefoltert ze ginn, an och doriwwer, wéi et ass, ouni Elteren opzewuessen.

"Leider kann ech mech kaum u meng Elteren erënneren, et ass einfach ze laang hir an ech hat nach keng fënnef Joer, wéi si an engem Stuerm am Mëttelmier ëmkomm sinn. Si ware Geschäftsleit an hu mat hire Schëffer Wueren am Mëttelmier transportéiert. Mäi Monni huet mir vill vun hinnen erzielt, an et ass am Fong duerch him seng Geschichten, wou sech mäi Bild vu mengen Elteren als fläisseg, opriichteg Mënsche gepräägt huet. An an engem gewëssene Sënn huet sech mäi ganzt Liewen a Wierken och aus dësem Verloscht an der Manéier, wéi meng Famill domadder ëmgaangen ass, erginn. (...) De Monni war e ganz gudde Mann an ech wäert him fir ëmmer dankbar sinn, fir dat, wat e fir mech gemaach huet, datt e mech opgeholl huet, datt e sech ëm mech gekëmmert huet, an datt e mech wéi säin eegene Jong erzunn huet."

De Schutzpatréiner vun de Kanner huet um eegene Leif erlieft, wéi wichteg et ass, datt Kanner eng Referenzpersoun hunn, déi se féiert an se protegéiert. Dorausser huet sech beim Kleeschen d'Vocatioun ergi sech ganz speziell ëm d'Kanner ze këmmeren, an ass der Meenung, datt Kanner net ze séier d'Realitéit vum Liewen erliewen, a gutt dorobber virbereet sollte ginn.

De Kleeschen huet och op Froe vu Kanner geäntwert, déi alleguerten d'Kleesercherslidder kennen.

Ee Message vum Kleeschen

Jiddwereen huet Respekt virum Kleeschen, ass beandrockt a voller Admiratioun a Faszinatioun virum hellegen Niklos, a wollt dëse spezielle Message fir des apaart Zäiten déi mir alleguerte liewen, un d'Kanner an un déi Jonk adresséieren.

"Loosst iech net decouragéieren, maacht wat muss gemaach ginn, probéiert iech an deene Limitten, déi dir imposéiert kritt, duerch eppes wat der net kënnt beaflossen, trotzdeem fräi ze entfalen, zitt eng Léier draus, datt Fräiheet net eppes Absoluttes ass, wat ouni Grenzen existéiert, mee wat ëmmer iergendwou an engem Raum a bestëmmte Grenzen existéiert, a léiert begräift, datt dir och kënnt fräi sinn an engem Kader, wou Restriktiounen existéieren; dat fält vläicht am Ufank méi schwéier, mee dat ass eng Erkenntnis, déi een duerchaus ka kréien, déi ee vläicht net hätt misste kennen, wann déi heite Situatioun sech net gebueden hätt, mee déi awer vläicht ëmsou méi wichteg ass fir dat spéidert Liewen. Liest Mary Stuart".