Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kleeschen, d'Schoul an d'Trennung vu Kierch a Staat

Gesellschaft a Relioun

De Kleeschen, d'Schoul an d'Trennung vu Kierch a Staat

Chrëschtlech Symboler an Traditiounen an der Schoul hunn an der Geschicht scho méi wéi eng Kéier fir Diskussioune gesuergt. Jee nodeem gouf et pragmatesch oder grondsätzlech Äntwerten op déi Fro.

auto_stories

7 min

An allen Uewenecke geet Riets vum Zinniklos. Sou heescht et an engem ale Kleesercherslidd. Am rezente "Kleeserchers-Gate", un deem sengem Ufank e Facebook-Post vum CSV-Politiker Marc Spautz stoung, war dat souguer nach no Kleeserchersdag selwer de Fall. Dem Här Spautz no wier d'Traditioun vum Kleeserchersbrauch, an domat och säi spirituelle Kär a Gefor. De Kleeschen hätt nämlech Hausverbuet a verschiddene Schoule krut.

Wéi dunn eng hefteg Reaktioun vu Regierungssäit koum an där d'Behaaptung dementéiert gouf, huet den Här Spautz awer géintiwwer dem "Letzebuerger Wort" fonnt: "De Kleeschen ass laanscht," an et soll een sech op méi wichteg Saache konzentréieren.

Firwat dann nach eng Kéier op dëst Gerücht zréck kommen, dat sech apparemment elo als falsch erweist? Abee, well och dem Edukatiounsminister Claude Meisch seng Reaktioun e bëssen iwwerrascht huet. Et gouf fir de Claude Meisch keen Zweiwel drun, datt de Kleeschen net nëmmen en Deel vum Léierplang, mee en Element vun der Lëtzebuerger Kultur wier, dat seng Plaz an der Schoul soll hunn.

Iwwer de spirituellen, pedagogeschen, respektiv kulturelle Sënn oder Onsënn vu Kleeserchersdag kann ee gedeelter Meenung sinn. Wat vermëttelt deen Dag fir Valeuren? Gehéiere kathoulesch Helleger an d'Schoul? A wa jo, wat ass da mat de Bräich vun anere Reliounen, oder mat net reliéisen Traditiounen?

An hei kënne mer dann zréck an d'Vergaangenheet goen, well d'Geschicht vum Kleeschen an der Schoul huet e laange Baart. An der sozialliberaler Koalitioun, déi vun 1974 bis 1979 um Rudder war, gouf et schonn eng Kéier eng ähnlech Diskussioun. Allerdéngs an engem Kontext, wou déi kathoulesch Kierch nach net do ukomm war, wou se haut ass.

De Robert Krieps an de Kleeschen

Während si sech haut nämlech an enger diversifizéierter Reliounslandschaft muss erëmfannen, hat se deemools als reliéis Institutioun nach quasi eng Monopolstellung. An déi eenzeg, déi dës Positioun a Fro gestallt hunn, waren atheistesch oder agnostesch Leit, an/oder där, déi aus enger liberaler oder sozialistescher Weltanschauung eraus fir eng Trennung vu Kierch a Staat agetruede sinn. An der Logik vum laizistesche Staat hu si gefuerdert, datt och d'Schoul vum Afloss vun der Kierch befreit misst ginn.

Den deemolege sozialisteschen Edukatiounsminister Robert Krieps huet fir d'Rentrée 1976-1977 net nëmmen ugekënnegt, datt d'Schoulvakanze sech net mi einfach un déi mobil kathoulesch Feierdeeg sollt upassen. De Règlement grand-ducal vum 8. Oktober 1976 huet och virgesinn, datt just nach d'Spillschoulsklassen an d'éischt an zweet Schouljoer sollte fir Kleeserchersdag schoulfräi kréien. Dat Wuert "Shitstorm" gouf et deemools nach net, mee dem Robert Krieps seng Initiativ huet fir grouss Opreegung gesuergt.

Wéi an de Wahle vun 1979 déi sozialliberal Koalitioun buede goung a vun enger CSV-DP-Regierung ofgeléist gouf, huet den neien CSV-Edukatiounsminister Fernand Boden dee Reglement alt erëm ofgeschaaft an der ganzer Primärschoul nees fir deen Dag fräi ginn.

Dee Précédent weist, datt et duerchaus scho mol gesellschaftlech Diskussiounen doriwwer gouf, wat de Kleeschen an der Schoul verluer hätt. Hie war awer deemools och schonn nëmmen een Element an enger laanger Serie vun Ausernanersetzunge mat der Relioun an der Schoul. Den RTL-Journalist Nico Graf huet a sengem Bäitrag zum Kleeserchers-Gate dat Wuert "Kulturkampf" gebraucht. An effektiv fillt ee sech erënnert un all déi Kämpf tëscht Klerikalen an Antiklerikalen, déi zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert och zu Lëtzebuerg gefouert goufen, am Kontext vu Moderniséierung a Sekulariséierung, also vun der generell feststellbarer, ëmmer méi staarker Ofwennung vun der Relioun. D'Kierch huet aus enger defensiver Positioun eraus versicht, hiren Afloss op d'Gesamtgesellschaft ze behalen.

Och wann zäitweis op deenen zwou Säite verbassen a mat haarde Bandage gekämpft ginn ass, sou muss een dach soen, datt den Asaz vu liberaler a sozialistescher Säit fir wichteg Reforme gesuergt huet. Sou huet eréischt d'Schoulgesetz vun 1912 dofir gesuergt, datt dem Clergé seng Kontroll iwwer Schoulmeeschteren a Léierinnen ageschränkt gouf, an datt dat weltlecht Schoulpersonal net mi huet misse Reliounsunterrecht halen. Der Kierch hir Reaktioun war, datt während bal engem Joerzéngt de Reliounsunterrecht net méi an der Schoul, mee an der Kierch gehale gouf. Bis dunn nom 1. Weltkrich d'Rietspartei d'Regierung iwwerholl huet.

Kruzifix-Debatt a Fändels-Sträit

Eng hefteg Debatt gouf et och iwwer d'Kruzifixer an der ëffentlecher Schoul. Den Deputéierten an Escher Schäffen Jacques Thilmany huet 1927 duerch eng Ofhänk-Aktioun vu Kruzifixen an Hellegebiller an den Escher Schoulen en Debat entfacht. Am "Wort" stoung de 4. Mäerz 1927 als Kommentar ze liesen:

"Für uns Katholiken besteht das eigentliche Erziehungsziel in der Ausbildung des religiös-sittlichen Charakters. Für uns kann nur die Religion mit den von Gott erschlossenen Lehren und eingesetzten Hilfsmitteln, die allein die übernatürliche Kraft geben, zu einer dauernd vollkommenen Lebensführung befähigen. Daraus ergibt sich von selbst, dass das ganze Erziehungswerk auf eine Hinlenkung zu Christus und seinen Lehren hinausläuft, und wir also aus prinzipiellen Gründen auch äußerlich auf die Anerkennung des Christus-Gedankens in unsern Erziehungsanstalten, den Schulen, drängen müssen. Seit es ein Luxemburg und luxemburgische Schulen gibt, hatte denn auch das Kruzifix die Ehrenstelle in der Schule, hing es stets vor den Augen der Schüler. Und es war sogar so, daß auch durchwegs jene Eltern, die in weltanschaulicher Hinsicht nicht mehr auf dem katholischen Boden standen, unter keinen Umständen auf die katholische Kindererziehung und auf das Kruzifix in den Schulen verzichten wollten."

D'Wort huet also deemools, trotzdem et selwer an der Saach eng fundamentalistesch Positioun ageholl huet, op de Konformismus vun de Liberale gesat. Dat huet och funktionéiert: Wéi den Abbé Origer vun der Rietspartei ee Mount méi spéit an der Chamber d'Regierung interpelléiert huet - déi Zäit duerften d'Paschtéier nach politesch Mandater unhuelen - gouf och eng Motioun deposéiert, an där d'Regierung, an enger relativ diskutabler Ausleeung vum Schoulgesetz, opgefuerdert gouf, d'Kruzifix systematesch an alle Klassesäll opzehänken. Déi Liberal hunn sech mam Argument vun der Toleranz beim Vote enthal, just déi sozialistesch Fraktioun huet dogéint gestëmmt.

Een anert Beispill, déi Kéier ausserhalb vun der Schoul, ass de Fändels-Sträit vun 1936, wou et ëm d'Droe vu Gewerkschaftsfändele bei kierchleche Begriefnesser gaangen ass. Och do gouf op Toleranz gesat, awer vu sozialistescher Säit aus: Déi fräi Gewerkschaften hu fonnt, d'Leit sollte kathoulesch liewen a stierwe kënnen, awer sech zugläich och kënnen als Gewerkschaftsmemberen outen.

Den deemolege Bëschof Philippe huet awer esou Versich, op zwou Hochzäiten ze danzen, en Enn gemaach. An enger ëffentlecher Stellungnahm huet hie kloergestallt, datt all Organisatiounen, déi sech zu sozialistesche Prinzipie géife bekennen, also och Gewerkschaften, als kierchefeindlech ze betruechte wieren, an domat och hir Fändelen ënnert d'Fändels-Verbuet, dat d'Kierch ausgeschwat hat, géife falen.

Schouljoer dréint nom chrëschtleche Joresoflaf

All déi Episode weisen, datt et beim Versuch, d'Prinzipie vun enger laizistescher Gesellschaft mat der kathoulescher Weltanschauung op een Nenner ze bréngen, ëmmer nees zu gesellschaftleche Konflikter koum. Jee nodeem, wat als méi wichteg geschéngt huet - d'Laïzitéit vu Staat oder ëffentlecher Schoul, d'Toleranz vis-à-vis vun der Relioun, d'Virrechter vun der Kierch oder einfach de léiwe Fridden - gouf ënnerschiddlech argumentéiert.

Op fortschrëttlecher Säit huet de Lëtzebuerger Modell vum pragmatesche Kompromëss tëscht Approchen, déi eigentlech net matenaner vereenbar waren, ofgewiesselt mat méi grondsätzlechen Argumentatiounen. Beim Kleeserchers-Beispill gesäit een dat gutt un de ganz ënnerschiddleche Positioune vum Robert Krieps an de 1970er Joren a vum Claude Meisch haut.

Doduerch, datt d'Reliounslandschaft haut vill méi diversifizéiert ass, gëtt awer d’Situatioun nach méi komplex. Wa mer haut de Kalenner vun de fräien Deeg an der Schoul kucken, da fanne mer do net nëmme Kleeserchersdag, mee och ëmmer nach eng ganz Rei aner Feierdeeg mat chrëschtlecher Konnotatioun. De Konfliktpotenzial fir Leit, déi aner Reliounen unhänken, hält sech wuel doduerch a Grenzen, well déi meescht vun deenen Deeg a Schoulvakanze falen, déi iwwregens awer och nom chrëschtleche Joresoflaf benannt sinn. Si wäerte bis elo fir hir Kanner meeschtens individuell Léisunge gesicht a fonnt hunn. Mee et wäert wuel net ausbleiwen, datt Leit vun anere Glawensrichtunge wäerte froen, wat da mat hiren Hellegen an hiren Traditiounen ass. An do wäerte sech dann déi politesch Responsabel, sou wéi et scho beim Wäerteunterrecht de Fall war, nees eng Kéier mussen decidéieren, ob si léiwer op de Prinzip vum laïzistesche Staat oder op dee vum weltanschaulesche Pluralismus wëlle setzen.