Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Libanon schwëmmt am Dreck

Ëmwelt

De Libanon schwëmmt am Dreck

D'Gestioun vum Offall am Libanon ass eng politesch Affär. Well déi verschidde reliéis Communautéiten nach kee laangfristege Kompromëss fonnt hunn, gëtt den Offall an der Tëschenzäit onsortéiert verbrannt oder an d'Mëttelmier geheit. Dëst verstéisst géint d'Mënscherecht op Gesondheet an géint d'Barcelona-Konventioun fir de Schutz vum Mëttelmier a senge Küsten.

auto_stories

4 min

"Et fänkt u mam Geroch. An da gesäit een op eemol dee wäissen Damp, dee lues a lues eist Gebai ëmzéngelt. D'Verbrenne geet normalerweis an der Nuecht un, an dauert bis Moies frei. Ech lafen ëmmer direkt op de Balcon, huele meng Wäsch eran a maachen all d'Fënsteren an d'Dieren zou. Mä de Geroch, den Damp, déi ginn net fort. Mir kënnen net schlofen a fillen eis, wéi wa mer géifen erstécken. Souguer wann ech net an der Noperschaft sinn, fillen den Damp nach ëmmer a menge Longen."

Dësen Temoignage huet d'Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch agesammelt am Kader vun hirer Enquête iwwert dat offent Verbrenne vun Offall an d'Konsequenzen dovun op d'Gesondheet. Am Libanon, deem klénge Land um Mëttelmier, ginn et mëttlerweil iwwert 940 inoffiziell Dreckstippen. Op 150 vun deene Plaze gëtt den Offall einfach onsortéiert verbrannt. Eng Praxis, déi fir déi lokal Populatioun immens gesondheetsschiedlech ass.

De Bassam Khawaja ass Emwëltaffekot bei Human Rights Watch zu Beirut. Hie mengt, datt d'Verbrenne vum Offall extrem geféierlech ass, an dacks mat Kriibs, Otmungsproblemer an Häerzkrankheete verbonne gëtt. Dës Praxis géif géint Mënscherechter verstoussen. Verschidde Communautéiten, déi schonn iwwert 20 Joer nieft esou onreguléierten Dreckstippe wunnen, hätte keen Zougang zu Informatiounen iwwert d'Gesondheetsrisiken. D'Regierung géif domat géint internationaalt Recht verstoussen, well si d'Gesondheet vun dëse Leit net géif respektéieren, mengt den Affekot.

Eng Politik fir d'Poubelle

Am Libanon si Poubellen eng politesch Saach, an dat schonn zënter Joren. Den Zivilkrich, dee vun 1975 bis 1990 gedauert huet, huet déi sozial Geographie vum Land verännert. Déi verschidde reliéis Communautéite liewen haut kaum méi gemëscht, mä ënnert sech an hire respektive Regiounen. Och déi politesch Muecht deele sech déi reliéis Communautéiten ënnerteneen op. Dat féiert dozou, datt all Politiker versicht ze verhënneren, datt offiziell Dreckstippen an der eegener Regioun geplangt ginn a si domat den Offall vun anere Communautéiten traitéiere missten.

Am Summer 2015 war et souwäit: All déi bestoend Dreckstippe sinn iwwergelaf. D'Poubellë sinn dunn einfach stoe bliwwen. Bis e Mier vun Dreckstuten d'Stroossen iwwerschwemmt huet a ganz Quartiere blockéiert waren. De Summer iwwer waren Zéngdausende vu Mënschen op der Strooss fir ze manifestéieren.

"Du sténks"

D'Campagne mam Numm "Du sténks" huet nieft dem Offall och d'Korruptioun an d'Lähmung vun der Regierung kritiséiert. Och wann d'Zil, d'Regierung ze stierzen, net konnt erreecht ginn, ass eng nei Dynamik an der Zivilgesellschaft entstanenen, déi bis haut undauert. Sekulär politesch Mouvementer a Biergerinitiativen a verschidde Beräicher hunn ëmmer méi Succès.

Gläichzäiteg ass den urspréngleche Problem vum Offall nach ëmmer do. Et gëtt souguer ëmmer méi schlëmm: No engem Stuerm den 22. Januar si ganz Plagen iwwer Nuecht vum Offall iwwerschwemmt ginn. Duerch déi lokal an international Press hunn dystopesch Fotoe vun de Plagë fir e Skandal gesuergt.

De Problem wier, datt den Offall am Libanon net geréiert géif ginn, seet de Bassam Khwaja. 1997 wier schonn en Noutfallplang agefouert ginn, dee schlussendlech 2015 an d'Bréch gaange wier. Et wier deemools scho just en Noutfallplang gewiescht, an et hätt nach ni eng laangfristeg Strategie ginn. Haut wier et sou gereegelt, datt et op véier Plazen offiziell Dreckstippe géif ginn, déi direkt um Mier ugeluecht wieren. Aktivisten hätte gefilmt, wéi den Dreck einfach an d'Mëttelmier eragedréckt gëtt.

Kriibs oder an d'Mier mam Dreck?

Esou ass déi libanesesch Offallkris zu engem regionale Problem ginn. De Libanon huet d'Barcelona Konventioun ënnerschriwwen, fir de Schutz vum Mëttelmier a senge Küsten. Mä dofir ginn dréngend Léisunge gebraucht. An den nächste Woche soll d'Parlament iwwert e Gesetz ofstëmmen, wat d'Gestioun vum Offall vereinfache soll. Richteg laangfristeg Solutioune ginn et awer bis elo nach keng, mengt de Recycling-Expert Ziad Abishaker. Hie setzt sech géint de geplangte Bau vun enger zouener Verbrennungsanlag an, déi déi inoffiziell Offallverbrennungen ersetze soll.

D'Verbrenne vum Offall wier eng ganz riskant Saach, seet de Ziad Abishaker. Wa se net richteg gehandhaabt géif ginn, kéinten immens vill kriibserreegend Stoffer produzéiert ginn. Am Libanon kéint dat net funktionéieren. Den Offall wier hei nach ni erfollegräich geréiert ginn, an d'Leit hätten d'Vertraue verluer. D'Regierung hätt sollen en neien Dreckstipp opmaachen, den Offall wier dunn awer an d'Mier geheit ginn. D'Regierung géif mat enger Verbrennungsanlag dofir suergen, datt d'Leit Kriibs kréien.