Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch a säi Liewensraum

Aka-Pygmäen

De Mënsch a säi Liewensraum

D'Pygmäe goufen vun den Missionären "Urwaldzwergen" genannt. Op der Weltausstellung 1904 goufe si zesumme mat aneren indigene Vëlker ausgestallt. Et war eng Zäit an där d'Gier fir dat Exotescht immens präsent war. Haut ass méi iwwert si gewosst. Net just iwwert hir Kierpergréisst mee iwwert hir Aart a Weis fir am a mam tropeschen Bësch ze liewen. D'Kyra Fischbach iwwert d'Bedeitung an d'Problematik vum Liewensraum fir d'Pygmäe-Gruppen an Zentralafrika. ys

auto_stories

6 min

D'Pygmäe-Vëlker si bekannt fir hir Musek. Den Aka-Pagmäen hire polyphone Gesang, ass souguer 2008 an d'Lëscht vum immateriellen Weltkulturierwen opgeholl ginn. D'Aka-Pygmäe schwätzen eng Bantu-Sprooch a liewen an Zentralafrika oder am Kongo. D'Baka dogéint liewen am Kamerun an a Gabon.

Een Numm fir vill Kulturen

De Serge Bahuchet, franséischen Ethnolog an Anthropolog, huet sech op d'Pygmäe spezialiséiert. Hien huet déi bis elo ëmfaassendst Beschreiwung a Recherche zu dëse Bevëlkerungsgruppen an Zentralafrika geschriwwen. Hien ass deen éischten, dee versicht ze differenzéieren. Hie seet kloer, datt all Grupp vun Pygmäen ënnerschiddlech ass. Datt Aka Pygmäen zum Beispill eng aner Sprooch schwätze wéi Baka, Bongo oder Twat Pygmäen. De Serge Bahuchet weist drop hinn, datt di meescht zwar hallef nomadesch liewen an haaptsächlech Sammler a Jeeër sinn, datt hir Kulturen sech awer wesentlech vuneneen ënnerscheeden. Wat si op alle Fall gemeinsam hunn, ass dass hir Liewensstiler sech an den leschten Joerzéngten staark verännert hunn.

De Jean-Pierre Ngono ass Ethnolog an Anthropolog vu Paräis. Hien zielt sech selwer zu de Bantuen, also de groussen Schwaarzen. D'Wuert Pygmee huet senger Meenung no keng wierklech Bedeitung: "Et sinn ethnesch Gruppen, déi an Zentralafrika liewen an Nimm hunn. Dës Leit hunn ee Liewensstil entwéckelt, deen hirem Ëmfeld, dem Bësch ugepasst ass."

D'Rolleverdeelung bei den Aka an aneren Pygmäen Gruppen ass aussergewéinlech egalitär. D'Fra huet traditionell dat lescht Wuert, wann et ëm Decisioune geet. D'Erzéiung vun de Kanner ass an dëser Kultur net Aufgab vun engem Geschlecht. An och beim Bau vun Haiser sinn d'Frae bei den Aka responsabel.

Eng Kultur, déi ausstierft

D'Pygmäe vergläichen zum Deel hir Relatioun mam Bësch mat hirer Relatioun mam eegene Kierper. De Bësch spillt eng Roll fir d'Medezin, d'Relioun, d'Iwwerliewen a fir d'Kultur. "Wann déi grouss Industrie sech an Zentralafrika breetmaachen, gëtt vun de Frae verlaangt, datt si net méi an de Bësch ginn, fir d'Ressourcen z'exploitéieren. An d'Männer kréie verbueden, fir op d'Elefantejuecht ze goen." Doduerch géifen d'Aka an hirem Liewensstil enorm ageschränkt an hir Kultur géif riskéieren auszestierwen, sou de Jean-Pierre Ngono.

De Liewensraum vun de Pygmäen ass awer net nëmme wéinst der Deforestatioun an de politeschen Onstabilitéiten a Gefor. Och d'Auszeechnung vu "Zones protégées" an deenen all Aktivitéit ausser dem Tourismus verbuede gëtt, ass eng Menace. "Survivial international", eng ONG déi sech fir indigène Vëlker asetzt, ass net mat dëser Approche averstanen. Et wär keen Zoufall dass 70 Prozent vun den ecoräichsten Géigende vun der Äerd vun indigène Bevëlkerunge bewunnt wären. Si wären dowéinst di beschte Wiechter vun der Ëmwelt. An dach ginn dës Gruppen ëmmer nach aus hiren ursprénglechen Liewensraim verdriwwen an déi paradoxer Weis awer Touristen Zougank hunn.

Eng anthropolesch Thes aus dem Joer 2010 vum Marine Robillard iwwert d'Baka-Pygmäen an Tourmenter rondrëm ëmweltpolitesch Decisiounen kënnt zur Conclusioun, datt d'Auswierkunge wäit iwwert d'Schutzzonen erausginn. An datt virun all déi neoliberal Aart a Weis, mat Ressourcen ëmzegoen, problematesch ass.

Ursprénglech haten d'Pygmäe-Gruppe regelméisseg Echange mat de Bantu, de groussen Schwaarzen, déi an dem selwechte Gebitt an Dierfer wunnen. Si hu Wëllt, Hunneg oder Raupen géint Eisen Handwierksgeschir oder landwirtschaftlech Produiten getosch. Mat der Kolonialisatioun huet sech villes verännert: grouss Plantatiounen a Mine goufen an Zentralafrika installéiert, op verschiddene Plazen hunn d'Kolonialhären versicht, d'Pygmäe sesshaft ze maachen. An duerch d'Verännerung vum Maart hunn och d'Bantuen d'Pygmäen nëmmen nach als Aarbechtskräfte gesinn.

Liewe baussent dem Bësch

Well déi Zentralafrikanesch Regierungen d'Bëscher wollten exploitéieren, hu si d'Aka verdriwwen. D'Dierfer um Bord vum Bësch waren awer scho bewunnt, an et war net genuch Plaz do fir et de Pygmäen Gruppen et ze erlaben, och unzebauen. Dat féiert nach ëmmer zu Konflikter.

"Fairmed" féiert zesummen mat der lëtzebuergescher ONG "Fondation Follereau" e Gesondheetsprojet an der Regioun Lobaye an Zentralafrika duerch. Den Dieter Imhoff vun "Fairmed" huet eng Rei Erfahrungen mat konkreter Diskriminatioun gemaach, déi ënner anerem mat der Problematik vum Liewensraum ze dinn huet. An engem Evaluatiouns-Rapport huet hien zum Beispill gelies, de Liewensstil vum Aka géif aus véier Etappe bestoen: Opstoen, iessen, feieren a schlofen. "Dat ass pure Rassismus. Et huet näischt mat der Realitéit ze doen."

Di meescht Akaen am Grenzgebitt vun der Demokratescher Republik Kongo an der Republik Kongo liewen an ofgeleeënen Géigenden. Den Accès op medizinesch Versuergung ass schlecht. Projete wéi dee vun "Fairmed" an der "Fondation Follereau" hu gemierkt, datt si sech deplacéiere mussen, fir hinnen den Zougang ze erméiglechen. Et ass hei awer vill Fangerspëtzegefill gefrot an et misst een hir traditionell Medizin mat abezéien. Dat fannen souwuel den Entwécklungsspezialist wéi och den Anthropolog.

Bevëlkerungsgruppen déi weider am Bësch kënne liewe si gesondheetlech an nutrionnel an engem vill besseren Zoustand, wéi déi di aus hirem Liewensraum verdrängt gi sinn, sou "Survival International".

Duerch d'Verännerungen déi d'Akaen un de Bord vum Bësch gedrängt hunn, mussen d'Mënschen nei Weeër fannen fir hiren Liewensënnerhalt ze garantéieren. Landwirtschaft wär eng Méiglechkeet, sou de Jean-Pierre Ngono.

De Serge Bahuchet huet an engem vun sengen villen Artikelen an Wierker iwwert d'Pygmäen geroden dës Gruppen als "Guide vum Bësch" unzeerkennen an hinnen op mannst op deene Plazen wou se nach d'Geleeënheet huet hiren Liewensraum ze iwwerloossen. D'Problematik ass nach ëmmer aktuell: "Survival International" huet am Oktober 2015 drop higewisen, datt Personal vun WWF gewaltäteg géint Baka Pygmäen am Camerun virgaang wär. WWF hätt an dësem Gebitt eng nei Ëmweltschutzzon opgebaut ouni d'Bakaen an hir Noperen mat anzebezeien.