Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch am ekonomesche Geflecht

Rentrée um radio 100,7

De Mënsch am ekonomesche Geflecht

auto_stories

2 min

Den Thierry Simonelli ëmmer mëttwochs als "Homo Oeconomicus"

Sidd Dir als Homo Oeconomicus Adept vun enger "rationaler Wirtschaftsethik"?

Thierry Simonelli: Allgemeng hätt ech d'Tendenz ze denken, datt rational Wirtschaftsethik den Numm vum Problem an net vun der Léisung ass. Dat wat zimlech onglécklech als "Neoliberalismus" bezeechent gëtt - et handelt sech dobäi weder ëm Liberalismus, nach ass et ganz nei - huet säi Liewen als kredibel ekonomesch Theorie scho länger Zäit opginn. Mä et iwwerlieft haut an transfiguréierter Form - ech benotzen déi reliéis Analogie mat Absicht - ënnert anerem als rational Wirtschaftsethik.

D'Oxymorone vun der sozialer Maartwirtschaft, dem nohaltege Wuesstem oder justement der Wirtschaftsethik schëdden e rhetoreschen Zockergoss iwwert eng brutal an destruktiv Zweckrationalitéit, déi scho laang net méi just d'Wirtschaftspolitik bestëmmt, mä déi sech quasi-absolutistesch an de Liewensalldag infiltréiert huet.

Hëlt den Dram vum Eegentum - sief et Haus, Auto, Gaart - bei der Generatioun Y of, an d'sharing economy als Praxis zou?

T.S.: Ech hunn éischter den Androck, datt deen Dram Länner-, Regiouns- oder vläicht esouguer Uertsspezifesch ass. Ech hat ni den Androck, datt esou vill Leit an den europäesche Groussstied vun Haus a Gaart dreemen.

Dat schéngt mer éischter e Provënzdram ze sinn. Zu Lëtzebuerg gehéieren zum Beispill dat grousst Haus, den décken Auto, den deiere Gaart an déi luxuriéis Vakanz nach ëmmer zum Grondinhalt vum eenzeg richtegen a legitime Liewensmodell.

De Klimawiessel ass kee rezente Phänomen. Rezent awer ass, datt d'Rhetorik dovunner an den ëffentleche Raum agefloss ass. Ass déi liberal Opfaassung vum Locke vun der Welt als Eegentum a Gefor?

T.S.: Ganz bestëmmt net. Och wann d'Kontestatioun un de kapitalisteschen Eegentumsverhältnisser ëmmer méi zum "Mainstream", fir net ze soen zum gudden Toun gehéiert, ännert dat wéineg un der Praxis vun den Eegentumsverhältnisser.

Wann ech den Zuele vu Spezialisten, wéi dem Saez an dem Piketty gleewen, da feieren déi Eegentumsverhältnisser haut erëm en historeschen Triumph, wéi et e bal 100 Joer net méi gouf. Mä och am 19. Joerhonnert goufen et bekanntlech e puer Auteuren, déi op déi Tendenz vun der Zentralisatioun vun der Proprietéit an enger bestëmmter sozialer, ekonomescher a politescher Funktiounsweis kloer analyséiert an duergestallt hunn.