Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch am Mëttelpunkt

Am Gespréich

De Mënsch am Mëttelpunkt

D'Marie Josée Jacobs war zwanzeg Joer laang Ministerin an de Regierunge vu de Staatsministere Jacques Santer a Jean-Claude Juncker an ass aktuell Presidentin vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg. Zanter ëmmer schonn ass et fir si eng Passioun an och eng Missioun de Mënschen ze hëllefen​.

auto_stories

5 min

Am Gespréich mam Jean Claude Majerus beschreift d'Marie-Josée Jacobs hire Wee vun der Infirmière-Anästhesistin zur Politikerin an du bei hire benevollen Engagement bei der Caritas. Si verréit eis och ënner anere wat hire grouss Leidenschaft war.

"Dat dote kanns du jo net"

Éier d'Marie Josée Jacobs an d'Politik goung huet si jorelaang als Infirmière-Anästhesistin geschafft a sech niewebäi gewerkschaftlech a politesch an der CSV engagéiert. 1984 gouf se dunn eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Aacht Joer drop, 1992, gouf se gefrot an der Regierung Responsabilitéiten ze iwwerhuelen, an zwar fir d'Ressorte Landwirtschaft a Kultur. Eng dach iwwerraschend Offer fir Marie Josée Jacobs.

"Wéi du de René Steichen fortgaangen ass an ech gouf gefrot fir an d'Regierung ze kommen, duecht ech ma "Nee, dat dote méchs du senger Liewen net, du kanns dat jo alles net." An dunn hat d'Lydie Err telefonéiert, hat war deemools Staatssekretärin bei de Sozialisten an do huet hatt zu mer gesot: "An elo kanns du domm Kou maachen, datt s du net Nee sees"."

D'Marie Josée Jacobs huet an der Zäit mat ganz vill Passioun, Devouement an Engagement als Infirmière-Anästhesiste geschafft. Mee géif se de Wee vun der Infirmière-Anästhesistin zur Ministerin haut nach emol esou maachen?

Deel 1play_arrow

Knapps Ministerin a schonn op Bréissel

Zwanzeg Joer laang war d'Marie-Josée Jacobs Ministerin a verschidde Regierungen an hat ënner aneren d'Ressorte Landwirtschaft, Famill, Kultur, Promotioun vun de Fraen an déi international Kooperatioun. An besonnesch d'Landwirtschaft war déi Zäit en eminente Ministèren, an do gouf net laang gezéckt.

"Ech sinn den zwieleften oder den néngten Dezember (als Landwirtschaftsministerin) an d'Regierung komm, an den 13. si mer op Bréissel de Paquet Prix" aushandele gaangen, dat waren dann ëmmer esou Geschichten, déi bis nuets zwou oder dräi Auer gedauert hunn. A mer hate just eng Fotell an do hu mer ëmmer zum Chauffer gesot, setzt dir iech do eran, well wa mer op ee Mol heemfueren, dann ass wéinstens een de gerascht huet. Der kënnt Iech virstellen, dat war alles ganz primitiv."

Bei deene verschiddene Ressorten, fir déi Marie Josée Jacobs d'Responsabilitéit hat, ass et sécher net einfach ze soen, wéi een um Enn déi meeschte Freed gemaach huet:

Deel 2play_arrow

D'Brieder, déi Welt bedeiten

D'Marie Josée Jacobs hat ëmmer, schonns vu Jonktem un, eng Affinitéit fir d'Kultur. A besonnesch gären denkt se och zeréck, wou se an den Éisleker Theaterfrënn selwer op der Bün stoung, eng onvergiesslech a räich Zäit.

"Dat ass eng vun deene schéinste Saachen, déi ech am mengem Liewe gemaach hunn, dat war Theater spillen. Dat war natierlech Duerftheater, deen awer op engem zimmlech gudden Niveau, fannen ech, war. Theater spille geet nëmmen an der Ekipp, wann ee sech do net ënnertenee matenee verdréit, wa jiddweree mengt et géif duer goen, wann e seng Roll spillt, da gëtt et näischt."

D'Marie-Josée Jacobs war delegéiert Kulturministerin bis de Januar 1995, e grouss Joer fir d'Lëtzebuerger Kultur mam éischte Lëtzebuerg Kulturjoer.

E Kulturjoer, dat an der Preparatioun nawell komplizéiert war, mat der Demissioun vum Coordinateur general Guy Wagner, dee vum Claude Frisoni ersat gouf. An awer war et, an do ass jiddweree sech eens, 1995 dat europäescht Kulturjoer e grousse Succès.

D'Marie-Josée Jacobs hat de Ressort Kultur un d'Erna Hennicot iwwerginn, konnt also dee Succès am Fong just am Hannergrond genéissen. Mee och wa se net méi Ministerin war, huet dee Succès d'Marie-Josée Jacobs frou gemaach

Deel 3play_arrow

Eng Missioun a Passioun: De Mënschen hëllefen

2013 huet d'Marie Josée Jacobs d'Presidence vun der Caritas Lëtzebuerg iwwerholl. An ee Grond louch och an hirer Aarbecht als Ministerin fir déi international Kooperatioun, well de Schratt vun der Kooperatioun bei d'Caritas war am Fong net ganz groussen.

"Awer du war fir mech ee wichtege Punkt, fir heihinner ze kommen, well et eng international Komponent dobäi gouf. Well ech mer gesot hunn, net datt s du op eemol mengs, de ganze Misär wier hei zu Lëtzebuerg. Ech mengen, et ass ëmmer wichteg datt e gesäit, op anere Plaze wéi et do geet."

Deel 4play_arrow

D'Coronavirus-Pandemie

D'Marie Josée Jacobs huet fréier als Infirmière-Anästhesistin, also an engem Gesondheetsberuff, geschafft. Dofir gouf och déi aktuell Situatioun mam Coronavirus thematiséiert. An do huet d'Marie Josée Jacobs hir ganz perséinlech Gefiller gehat, op där enger Säit huet d'Pandemie d'Liewen dach ageschränkt, mee op der anerer Säit hunn d'Mënschen zum Beispill Lëtzebuerg nei entdeckt. Dernieft hat de Confinement awer och en Afloss op d'Aarbecht vun der Caritas

"Mer hunn et gespuert, direkt wou d'Pandemie ugaangen ass, hu mer gesot mer maachen eng Helpline op, wou mer direkt deene Leit hëllefen, déi Hëllef brauchen."

D'Marie Josée Jacobs seet et huet alles positiv a negativ Inzidenzen: eng negativ ass, datt se wärend dem Confinement dach eng gedréckte Stëmmung gespuert huet.

Deel 5play_arrow