Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Lëtzebuerg entdecken

De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Wie sech gären an e tropesche Bësch entféiere léist a sech dobäi och Pimpampelen ukucke wëllt, fir deen ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher genee dat richteg. De Pit Walté war bis dohi kucken.

auto_stories

3 min

28 Grad an 70 Prozent Loftfiichtegkeet huet een an deem ganz spezielle Gaart zu Gréiwemaacher. An dat muss een och hunn, well soss kënnen déi Zorte Päiperleken, déi et do gëtt net iwwerliewen, seet d'Maud Hansen, vu Yolande Coop, déi de Gaart geréieren. D'Päiperleke wieren en tropesche Klima gewinnt. Et schafft och eng Biologin am Gaart, déi sech ënner anerem ëm d'Aarte-Vilfalt këmmert. Si mécht och Bestellungen a si variéiert d'Zorten, esou datt een um Ufank vun der Saison aner Aarte gesäit, wéi méi spéit.

Am Schnëtt fléie 600 Päiperleken duerch dee klengen tropesche Bësch. Nei Exemplare kommen aus dem Costa Rica oder de Philippinnen, mee et kritt ee se awer net als fäerdege Pimpampel. Geliwwert ginn d'Päiperleken a Form vu Poppen, dat heescht si hunn hir Metamorphos nach net fäerdeg gemaach. Zu Gréiwemaacher gi se dann an enger Poppe-Këscht opgehaangen an där se hir Metamorphos ofschléissen, bis se fräi duerch de Gaart fléien.

Wann een als Visiteur am Päiperleksgaart ënnerwee ass, gesäit een déi kleng Déiercher iwwerall ronderëm fléien, an de verschiddenste Gréissten a Faarwen. An datt do Mënsche ronderëm lafen, géif d'Päiperleken am Prinzip net stéieren, seet d'Maud Hansen.

"Si fléien duerch de Gaart. Se setzen sech mol engem op d'Schëller, mee da sise och nees séier fort. Mee et muss ee sech am Gaart schonn u verschidde Reegelen halen."

Gegrënnt gouf de Päiperleksgaart 1989. 2011 huet Yolande Coop d'Gestioun iwwerholl. An där Zäit huet sech de Gaart verännert, verschidde Renovatioune goufe gemaach, de Buttek an d'Restauratioun goufe méi grouss, an och wéi de Gaart an der Zär ausgesäit, gouf ëmmer nees changéiert.

An an dem klengen tropesche Bësch sinn net nëmme Päiperleken ënnerwee.

"Mir hunn eng ganz Réi Terrarien, mat zwee Chamäleonen, Geckoen, Dausendfüssler a Schleeken. Am Weier hu mir Fësch a Schildkröten. An duerch de Gaart lafe chinesesch Zwerg-Wachtelen. Dat ass sou bëssen d'Police vum Gaart, well déi Insekten iessen, ënner anerem Spannen, fir esou d'Päiperleken ze schützen."

Wie méi Informatiounen zum Gaart an de Päiperleke wëllt, dee ka sech am Virfeld e Guide dobäi buchen.