Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Polarwirbel an den NAO-Index

Reen a Bou

De Polarwirbel an den NAO-Index

Zemools wann de Wanter méi no kënnt, gëtt de sougenannten NAO-Index zesumme mam Polarwirbel erëm e méi interessant Thema. Unhand vun hirer Entwécklung kann een nämlech ofschätzen, ob an nächster Zäit e Wanterabroch wahrscheinlech ass oder net.

auto_stories

6 min

De Philippe Ernzer erkläert den NAO-Index. Foto: Archiv

An der Emissioun vum 11. Oktober 2019 hu mir eis d'El Niño Southern Oscillation, kuerz ENSO, ugekuckt. Dës Kéier geet et ëm eng aner Loftstréimung, nämlech ëm d'nordatlantesch Oszillatioun, kuerz NAO genannt. Virun allem wat den Nordatlantik ugeet, huet dës Stréimung e ganz groussen Afloss op d'Wieder an huet meeschtens och Auswierkunge virun allem op den Oste vu Nordamerika, mee och eis Géigenden.

Loftdrock am Beräich vun den Azoren

Tëschent dem Azorenhéich, wat, wéi den Numm et seet, an der Ëmgéigend vun den Azore läit an dem Islanddéif, wat am Nordatlantik ze fannen ass, ginn et ëmmer gréisser Loftdrockgéigesätz a Schwankungen - dëst beschreift d'nordatlantesch Oszillatioun. Am Wanter spillt d'NAO déi gréisst Roll a bestëmmt d'Wieder a wäiten Deeler vun Ostamerika, dem Atlantik selwer a wéi gesot och bei eis an Europa.

Den Observatiounen aus de leschte Joren, mee och de Computersimulatiounen no, soll e gudden Deel vun der Äerderwiermung op der Nordhallefkugel, déi an de leschte Joerzéngte festgestallt gouf, enger méi intensiver NAO-Phas zouzeschreiwe sinn. Wéi wäit d'NAO och anthropogen, also vum Mënsch beaflossbar ass, ass ënner de Wëssenschaftler awer net kloer.

Fir de Loftdrockgéigesaz tëschent dem Azorenhéich an dem Islanddéif ze bestëmmen, ginn d'Loftdrockwäerter vum Dezember bis an de Mäerz era vun de jeeweilegen zwee Standuerter ausgewäert. Hei kënnt de sougenannten NAO-Index an d'Spill, dee vum James W. Hurrell an d'Liewe geruff gouf. Dëse beschreift den Ënnerscheed vum Loftdrock, deen op de Mieresspigel bezunn ass, tëschent Lissabon (Portugal) a Stykkisholmur an Island.

Wat bedeit den NAO-Index?

Ass den NAO-Index positiv, dann hu mer et mat engem déiwe Loftdrock iwwer Island an engem héije Loftdrock iwwer den Azoren ze dinn. Et kënnt zu enger iwwerduerchschnëttlech grousser Differenz vum Loftdrock. An dëser Situatioun ass iwwer dem Atlantik tëschent dem 40. an dem 60. Breetegrad mat enger staarker Westwandzirkulatioun ze rechnen, déi ëmmer erëm Déifdrockgebidder mat mëlle Loftmassen a villen Nidderschléi a Richtung Europa, mee och Sibirie féiert. Och am Oste vun Amerika stinn d'Chancë schlecht op wierklech wanterlecht Wieder. Anescht awer iwwer dem Mëttelmierraum, wou d'Chancen dofir däitlech besser stinn, an et batterkal ka ginn.

Ass den NAO-Index negativ, da sinn d'Loftdrockgéigesätz tëschent dem Azorenhéich an dem Islanddéif däitlech manner grouss. Tëschent Gebitter mat Loftdrockdifferenze probéiert d'Atmosphär ëmmer, den Drock erëm auszegläichen, an zwar mat Wand. Well d'Differenz an dësem Fall awer net sou grouss ass, ass och manner Wand néideg. D'Westwandzirkulatioun, déi also bei engem positiven NAO-Index eng gréisser Roll spillt, ass am Fall vun engem negativen NAO-Index däitlech manner staark. De Mëttelmierraum gëtt vu mëllen a fiichte Loftmasse versuergt, iwwerdeems et iwwer der amerikanescher Ostküst a bei eis an Europa meeschtens kal an dréchen ass. Net seelen etabléiert sech eng sougenannt "Omega-Wiederlag" iwwer Europa, wat e grousst a stationäert Héichdrockgebitt beschreift, dat iwwer eng méi laang Zäit keng gréisser Ännerunge vum Wiedergeschéien zouléisst. Op enger Wiederkaart gesäit een d'Héich iwwer Europa a jeeweils en Déifdrockgebitt lénks a riets vum Héich, déi d'Héich quasi blockéieren. Et gesäit aus wéi de griichesche Buschtaf Omega, wouduerch dës Wiederlag och hire Numm kritt.

Fir datt mir zu Lëtzebuerg e kale Wanter kréien, muss den NAO-Index negativ sinn. Ass et ëmgedréit, stinn d'Chancë fir e mëlle Wanter besser.

Den Ënnerscheed zum ENSO

D'ENSO, also d'El Niño Southern Oscillation, huet en atmosphäresche souwéi och ozeaneschen Zesummenhang - anescht awer bei der NAO. Dës gëtt haaptsächlech vun internen atmosphäresche Prozesser ausgeléist. D'Simulatiounsmodeller kënne sech also souzesoen haaptsächlech op déi atmosphäresch Konditioune verloossen, wann et drëm geet, de weidere Verlaf ze berechnen oder e gewëssenen Zäitraum ze rekonstruéieren. Fir d'NAO oprecht ze erhalen, spille vill stationär an éischter kuerzlieweg Wirbelen an der ieweschter Troposphär eng wichteg Roll. D'Schwankunge vun der NAO hänken also haaptsächlech bis ganz vun der Atmosphär of an éischter net vum Mier.

Zwar hänkt d'NAO haaptsächlech un der Atmosphär - mee wéi sech d'Atmosphär entwéckelt, huet anerersäits awer trotzdem och domat ze dinn, wéi vill Energie, Loftfiichtegkeet a Beweegung an de Mierer ass. Och d'Kryosphär, also alles wat Schnéibedeckung an Äis op der Äerd ass, huet e bestëmmten Zesummenhang mat der Atmosphär. Dat heescht am Endeffekt also, datt obwuel d'NAO u sech haaptsächlech mat der Troposphär, souwéi och den atmosphäresche Konditiounen zesummenhänkt, mee et awer net onméiglech ass, datt d'NAO op gréisserem Zäitraum duerch z. B variabel Mieresuewerflächentemperaturë beaflossbar ass.

Historesch Entwécklung vum NAO

Nodeems den NAO-Index virun allem tëschent 1930 an 1950 besonnesch héich war, ass e bis kuerz virun 1975 erëm gefall. Zanterdeem klëmmt den Index awer erëm, wat verschiddene Fuerscher no u Verännerungen an der Stratosphär läit. Dës kënnen, de Fuerscher no, duerch ëmmer méi Zäregaser an der Troposphär an och duerch d'Ofhuele vum Ozon an der Stratosphär zustane kommen. An de méi héije Breete besteet en dynameschen Zesummenhang tëschent der Troposphär an der Stratosphär. Den Afloss vun der Troposphär op d'Stratosphär weist sech an der Auswierkung vun der nordatlantescher Oszillatioun op de stratosphäresche Polarwirbel. De Polarwirbel ass eng grouss Loftstréimung an enger Héicht vun 10 bis 15 Kilometer an dréit sech géint d'Auer. Wann den NAO- Index méi grouss gëtt, huet dat an ongeféier véier Deeg dono en Afloss op de Polarwirbel. E gëtt méi staark, a wann den NAO-Index fält, méi schwaach.

Wéi de stratosphäresche Polarwirbel verleeft, huet mat der Verdeelung vun de Kontinenter a Mierer op der Nordhallefkugel, dem Jetstream an der polarer Frontalzon ze dinn. Duerch déi ënnerschiddlech Wäermtkapazitéiten iwwer dem Festland an de Mierer kënnt et an de méi héije Breete vun der Nordhallefkugel zu groussen Temperatur- a Loftdrockgéigesätz, wouduerch de sougenannte "Polarjet" net einfach riicht vu West no Ost bléist, mee gezwonge gëtt, sech ze wellen. Dës Welle splécke sech gäre vum eigentleche Loftstroum of a breede sech bis erop an d'Stratosphär aus. Sou gi Loftmassen aus de mëttlere Breeten a Richtung Äquator transportéiert, mee och zeréck a Richtung Polargebitt, wou se de stratosphäresche Polarwirbel stéieren an en ofschwächen, respektiv instabil maache kënnen.

Datt de Polarwirbel gestéiert gëtt, kënnt an onreegelméissegen Ofstänn am Duerchschnëtt all zwee Joer vir. Dobäi kann d'Temperatur an der ënneschter Stratosphär, déi bei engem intakte Polarwirbel bei ëm -70° leie kann, ëm 50 Grad erhéijen. Dëst gëtt och nach als "Major Warming" bezeechent. De Polarwirbel gëtt gestéiert a ka souguer zesummebriechen, de Wand dréit vu West op Ost. Doduerch klëmmt, am Fall vun eise Géigenden, d'Wahrscheinlechkeet vum Virstouss vun däitlech méi kille Loftmassen aus dem Oste vun Europa, déi d'Chancen op Wanterwieder däitlech vergréisseren.