Radioen

On air

De Moien  |  The Whitest Boy Alive - Courage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De President an d'Bomm

Zäithistoriker

De President an d'Bomm

Den US-amerikanesche President ass gëschter (25.05.16) am Kader vun senger Asien-Rees a Japan ukomm, wou haut a muar de G7-Sommet an der Stad Ise-Shima ass. Mat Spannung gëtt op dem Obama säi Besuch zu Hiroshima gekuckt. Als éischten amtéierenden US-President besicht hie muer d'Gedenkplaz vum Ofworf vun der US-Atombomm am Zweete Weltkrich. Dozou eng Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto:

auto_stories

14 min

Hie wäert keng ëffentlech Excusen am Numm vun den USA fir d'Atombommen op Japan presentéieren. Dat sot den US-amerikanesche President Barack Obama leschte Méindeg enger japanescher Tëleeschaîne am Virfeld vun senger Visite an där Stad, déi de 6. August 1945 vun enger US-Atombomm komplett zerstéiert gouf, mat engem groussen Deel vun hirer Bevëlkerung, iwwer 100.000 Mënschen. Et freet ee sech natierlech wat dësen héich symbolesche Geste, de Besuch vun engem US-President, da soll sinn? Wann net d'Ageständnis, dass do viru bal 71 Joer en Onrecht begaange gouf.

Mee den Nouvel Obs erënnert net fir näischt drun, dass d'USA, "grande puissance modèle, gardienne des valeurs démocratiques et humanistes", sech schwéier mat Excusen deet: Excusë fir d'Massaker un an d'Verdreiwung an d'Entrechtung vun den Indianer gouf et eréischt 2009, an nach hallef verstoppt an engem Arméibudgetsgesetz. D'Resolutioun vum Kongress mat den Excusen zur Sklaverei gouf vum Obama net ënnerschriwwen, mee de Clinton hat sech jo verbal scho Jore virdrun fir de Sklavenhandel entschëllegt. 1988 hat d'Majoritéit vun de Republikaner am Kongress géint eng Resolutioun gestëmmt, duerch déi sech d'Parlament am Numm vum amerikanesche Vollek entschëllegt huet fir d'Internéierung vun de japanesche Famillen an den USA a Konzentratiounslager no Pearl Harbour.

Den Nouvel Obs erënnert awer och drun, dass et 2011 déi japanesch Regierung war, déi sech géint eng Visite vum Obama zu Hiroshima ausgeschwat huet, well dat dem Anti-Atomkraaftlager a Japan Opdriff kéint ginn. Ouni vum problematesche Verhältnis vu Japan zu senger eegener rezenter Geschicht ze schwätzen, wou haaptsächlech Plaz fir d'Affer-Roll ass an all Joer de 15. August, offizielle Gedenkdag vun der Kapitulatioun, un den higeriichte Krichsverbriecher bei nationalisteschen Zeremonien, de Yasikuni-Schrein geduecht gëtt.​

"Historiker sollen tranchéieren"

Als Historiker huet mech virun allem d'Argumentatioun vum Obama frappéiert: Et wier net un him, mee un den Historiker Stellung ze huelen zu Hiroshima a sengem komplexen historesche Kontext. Kucke mer also fir d'éischt wat d'Historiker soen, iert mer nees op de Besuch vum US-President zeréckkommen.

Historesch opgeschafft goufen d'Evenementer ronderëm d'Atombommen op Hiroshima an Nagasaki vun de 60er Joren un, haaptsächlech vun US-Historiker. Woubäi d'Fro vun der Berechtegung oder net vum Asaz vun den Atombommen eng wichteg Plaz anhëlt. D'Fuerschungsdebatt gouf am Ufank vun zwou grousse Richtungen oder Schoulen dominéiert.​

D’Bomm fir Liewen ze retten?

Fir déi orthodox Schoul, representéiert vun amerikaneschen Historiker wéi dem Herbert Feis, waren d'Atombommen-Ofwërf noutwendeg a berechtegt well se vill US-Zaldoten d’Liewe geschount an de Krich verkierzt hunn. Bei de Schluechten ëm d'Inselen Iwo Jima an Okinawa gouf et vill Verloschter souwuel op amerikanescher wéi op japanescher Säit. Féierend US-Politiker wéi de Krichsminister Stimson hu virgerechent, dass bei enger Invasioun vun de japaneschen Haaptinselen mat bis zu enger véierel, hallef oder souguer enger Millioun doudegen US-Zaldoten ze rechne wier.

Realistesch zäitgenëssesch Schätzungen goungen awer éischter vun enger Zuel vun ongeféier 40.000 aus. D'Verëffentlechung vu weidere Quellen an de 1970er an 80er Joren hunn de Verdacht bestätegt, dass d'USA guer net wollten, dass Japan virzäiteg kapituléiert, grad fir d'Atombomm, déi se de 16. Juli 1945 erfollegräich an der Wüste vun New Mexiko getest hunn, kënnen anzesetzen. An engem Ultimatum vum 26. Juli 1945, der sougenannter "Potsdamer Erklärung", haten Truman, Churchill an Chiang Kai-shek, de President vun der national-chinesescher Regierung d'Keeserräich opgefuerdert, bis spéitstens den 3. August d'Waffen ze strecken. Dësen Ultimatum gouf awer vun de Japaner net ugeholl, ënnert anerem well souguer fir déi geméissegt Kräften an der Regierung et net akzeptabel war, dass d'Fro vun der zukünfteger Stellung vum Keeser Hirohito an der Potsdamer Erklärung net erwähnt gouf.​

D'Thesen vun der orthodoxer Schoul, déi déi offiziell amerikanesch Begrënnung legitiméiert, ginn vun der aktueller historescher Fuerschung als Schäin-Argumentatioun verworf.​

D’Bomm fir anzeschüchteren?

Fir d'revisionistesch Schoul, där hire bekanntste Vertrieder Gar Alperovitz 1965 seng These verëffentlecht huet, waren d'Atombommen net noutwendeg. Fir hie wousst d’US-Féierung, dass Japan kuerz virun der Nidderlag an der Kapitulatioun stoung. D'Bomm hätt engem aneren Zweck gedéngt, nämlech d'Sowjetunioun anzeschüchteren. Zu den Atombommen-Ofwërf, déi vun de Revisionisten als onmoralesch duergestallt goufen, hätt et Alternative ginn. D'Atombommen als weltpolitescht Muechtinstrument. Vill US-Politiker a Militärleit wieren op der Potsdamer Konferenz iwwerzeegt gewiescht, dass de Weste mam Drockmëttel Atombomm d'Nokrichspolitik an Europa an an Asien dominéiere kéint. Dofir misst se awer nach séier am Krich agesat ginn, als Demonstratioun vun nuklearer Stäerkt.​

D'Kritiker vun der revisionistescher Schoul werfen hir virun allem vir, éischtens dass et virun den Atombommen keng Asiicht vun der japanescher Féierung an d'Onvermeidlechtkeet vun der Kapitulatioun gouf, an zweetens dass se den Entscheedungsprozess am Juli-August 1945 aus der Retrospektiv vum Kale Krich, deen awer eréischt 1947 ufänkt, interpretéiert.​

D'Atombomm huet den Truman vläicht an senger Intentioun bestäerkt, d'Sowjetunioun net un der Besetzung vu Japan ze bedeelegen, am Géigesaz zur Situatioun an Däitschland. Mee zu Potsdam an dono hunn d'USA weider op d'Kooperatioun mat der Sowjetunioun gesat an och eng sowjetesch Afloss-Sphär an Ost- a Südosteuropa de facto akzeptéiert. D'Atombomm huet d'politescht Kräfteverhältnis zwar zugonschten vun den USA verännert, mee vun "atomarer Diplomatie" kann 1945 nach net geschwat ginn. D'Sowjetunioun erkläert Japan awer den 8. August de Krich, marschéiert an d'Mandschurei an a schéckt Truppen an den nërdlechen Deel vu Korea, op d'Kurilen a Sachalin.

Synthèse

Wëssenschaftlech gëtt et haut e grousse Konsens, dee souzesoen d'Synthèse vun orthodoxer a revisionistescher Schoul mécht. Aus der Siicht vum US-President war d'Atombomm eng nei Waff mat bis dohin onbekannter Zerstéierungskraaft an dofir e legitimt an noutwendegt Mëttel fir e fuerchtbare Krich sou séier wéi méiglech a mat sou wéineg wéi méiglech amerikaneschen Affer op en Enn ze bréngen.​

D'Entscheedung Atombommen op Japan ofzewerfen huet den Truman ouni moralesch Skrupel geholl. De Massemord un Zivilbevëlkerung ass och op alliéierter Säit am Zweete Weltkrich a Kaf geholl ginn. Zu Tokyo waren bei engem konventionelle Bommenugrëff den 9. an 10. Mäerz 1945 85.000 Männer, Fraen a Kanner em d'Liewe komm. Genee sou wéi konventionell Bommen war fir déi Alliéiert eng Atombomm net u sech onmoralesch. Iwwer d'Folgen vun der radioaktiver Verstrahlung hunn déi mannst sech Gedanke gemaach.

Vu dass d'amerikanesch Féierung d'Atombomm als legitim Waff ugesinn huet, huet se och net brauchen Alternativen dozou ze sichen. Alternative wiere gewiescht, zum Beispill en ëffentlechen Atomtest als Warnung oder d'Modifikatioun vun der Fuerderung no bedingungsloser Kapitulatioun mat enger Garantie fir d'Weiderbestoen vum Kaiser oder d'Agoen op japanesch Friddens-Sondéierungen oder d'Opschuppe vun den Atombommen bis zum Krichs-Antrëtt vun der Sowjetunioun oder d'Fortsetzung vun de strategesche Fläche-Bombardementer mat paralleller Séi-Blockad.​

D’Menace vun der Mënschheet duerch sech selwer

Den 11. Juni 1945 haten zwee eminent wëssenschaftlech Beroder vun der Regierung, d'Presidenten vum MIT a vun Harvard, Karl Compton an James Conant, an engem Bréif un de Krichsminister Stimson en anert originellt Argument fir de Gebrauch vun Atomwaffen am Zweete Weltkrich ginn. Géif déi Waff net benotzt, "da kréich d'Welt keng ugemoosse Warnung am Hibléck op dat wat ze erwaarde wier, wann nees e Krich géif ausbriechen". D'Iddi vun der Ofschreckung huet d'amerikanesch Féierung awer deemools och net beaflosst, sou iwwerzeegt vun der Legitimitéit vum Asaz vun der neier Waff wéi se war.

Mee op d'mannst déi féierend Wëssenschaftler waren sech bewosst, dass d'Welt mat de Bommen an d'Atom-Zäitalter géif antrieden, dass Hiroshima, eng japanesch Stad, déi mat enger eenzeger Bomm ausgeläscht gouf, zum Symbol géif ginn fir den Zivilisatiouns-Broch, deen den Zweete Weltkrich duerstellt. Déi Stad ass doriwwer eraus zënterhier d'Symbol fir d'Menace vun der Mënschheet duerch sech selwer ginn.

Zanter dem 6. August 1945 lieft d'Welt, liewe mir, mat der Bomm. Den Obama geet op Hiroshima, mee wëll sech net moralesch domadder auserneesetzen. Et wier d'Roll vun den Historiker Froen ze stellen an se z’examinéieren.​

Massevernichtungswaffen asetzen oder ofschafen?

Ech mengen, et ass genee ëmgedréint. Un den Historiker ass et net ze jugéieren, mee ze versichen ze verstoen, iwwerdeems ee vu Politiker kann erwaarden, dass se sech ethesch mat de Faiten a Gesten och vun hire Virgänger auserneesetzen. Wëssenschaftler déi direkt oder indirekt mat der Elaboratioun vun der Atombomm befaasst waren hunn dat op jidder Fall gemaach.

Den Albert Einstein, dee mat aneren emigréierte Wëssenschaftler a Bréiwer un de Roosevelt zur Entwécklung vun der Waff opgeruff hat, aus Angscht Hitlerdäitschland hätt se virun den USA, sot dat wier ee vun de gréisste Fehler vun sengem Liewe gewiescht. Säi Kolleg, den ungareschen Atomphysiker Leo Szilard, deen direkt um Manhattan-Project bedeelegt war, huet mat aneren eng Petitioun un den Truman geriicht fir se net anzesetzen, also keng Atombomm op Japan ze werfen.

Wéi et awer geschitt ass, war dat hei säi Kommentar: "Stellt iech vir, déi Däitsch hätten d'Rennen ëm d'Atombomm gewonnen, se agesat an awer de Krich verluer. Gëtt et iergendeen Zweiwel, dass däitsch Atombommen op Stied als Krichsverbriechen agestuuft an déi Däitsch, déi matschëlleg un deem Verbrieche waren, zu Nürnberg veruerteelt an higeriicht gi wieren?"

Mat senger provokativer Fro huet den ungareschen Atomphysiker op den eigentlechen mémoriellen an historeschen Enjeu higewisen, deen sech ronderëm an zanter Hiroshima stellt: Dierf ee mat der Ideologie vum gerechte Krich Massevernichtung legitiméieren? Muer geet de President vun enger Weltmuecht, déi zanter 1945 eng ganz Rei, aus hirer Siicht, gerecht Kricher gefouert huet - no Nazidäitschland a Japan géint de Vietnam vum Ho Chi Minh, den Irak vum Saddam Hussein, géint d'Taliban an Afghanistan - op Hiroshima.

Den Obama huet méiglecherweis Recht, wann en un d'Wichtegkeet vum spezifeschen, komplexen historesche Kontext vum Weltkrich erënnert, an deen een d'Zerstéierung vun dëser Stad a vun Nagasaki dräi Deeg méi spéit muss anuerdnen. Mee hie, wéi mir all, déi zanterhier mat der Bomm liewen, wäert net dolaanscht kommen, sech a senger Ried zu Hiroshima mat der zentraler Fro auserneesetzen: Gëtt et moralesch gerechtfertegt Grënn fir Massevernichtungswaffen anzesetzen oder muss d'Welt an also och d'USA sech fir d'Veruechtung an d'Ofschafung vu Massevernichtungswaffen asetzen?