Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 um Web

Réckbléck 2018

De radio 100,7 um Web

Wéi huet d'Joer 2018 fir de radio 100,7 ausgesinn? Wéi eng Artikele goufe besonnesch dacks ugeklickt? Wat huet d'Leit am meeschten interesséiert? En Iwwerbléck vun der Online-Redaktioun.

auto_stories

3 min

Foto: Laura Poggi, Yves Stephany.

Et ass vill um Site vum radio 100,7 geschitt, mir konnten iwwer 1,3 Millioune Klicks dëst Joer verzeechnen. Dat sinn der knapp 145.000 méi wéi d'Joer virdrun, wat engem Plus vun 12 Prozent entsprécht. Knapp 110.000 Leit hu vum Livestream um Site profitéiert.

Déi meeschte Visiteuren um Site hate mir de 15. Oktober, also den Dag no de Chamberwahlen. Do hunn iwwer 9.000 Leit eise Site consultéiert. Mee och den 13. Mäerz waren iwwer 9.000 Leit um Site vum radio 100,7. Op deem Dag huet d'Redaktioun Erklärungen iwwer Chamberleaks ginn, wat wierklech geschitt ass, a wisou mir näischt Illegales gemaach hunn.

Top 3 op 100komma7.lu

De meeschtgeklickten Artikel um Site ass eng Chronik vum Historiker Dennis Scuto mam Titel "Merde Alors!", wou hien déi bekannt Ausso vum Ausseminister Jean Asselborn an den internationale Kontext vum auslännerfeindleche Populismus gesat huet. Iwwer 5.000 Klicks goufen et op dësen Artikel.

Op zweeter Plaz sinn d'Erklärunge vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck a vum 100,7-Journalist Claude Biver iwwer Chamberleaks. 2.800 Klicks goufen et heivir.

Op déi drëtt Plaz kënnt de Reportage vum Tessy Steffen Koenig "Ech heeschen Nori, an ech sinn ee Meedchen". D'Nori ass ee Meedchen, dat bei der Gebuert dat männlecht Geschlecht zougewise krut. Scho mat dräi Joer war him bewosst, datt hatt eigentlech e Meedchen ass. 2.300 Leit hunn dësen Artikel ugeklickt.

Top 3 op Facebook

D'Joer 2018 huet fir de radio 100,7 mat 8.082 Likes ugefaangen, um Schluss vum Joer si mir mëttlerweil op 9.264 ukomm. Dat entsprécht engem Plus vu knapp 1.200 Likes, also engem Wuesstum vu 14,5 Prozent.

Mir waren och ganz aktiv op Facebook, iwwer 1.661 Postings goufen hei iwwer d'Joer gemaach. Am meeschte geklickt gouf d'Abschiedsfoto vum Jay Schiltz, deen am Januar no 16 Joer um radio an d'Pensioun gaangen ass. 2.300 Leit hunn dës Foto geliked, gedeelt, oder hunn drënner kommentéiert.

Och op Facebook waren d'Explikatiounen zu de Chamberleaks populär: 1.600 Leit hu sech un der Diskussioun bedeelegt, hu geliked oder geshared.

Déi drëtt Plaz ass fir d'Resultat vun der TNS Ilres Plurimedia Etüd déi festgestallt huet, datt den Dag ronn 30.000 Leit de radio 100,7 lauschteren. Dat entsprécht bal enger Verduebelung vu viru fënnef Joer.

Nei Formater

D'Serie "Wann ech Premier wier" am Virfeld vun de Chamberwahlen ass ganz gutt bei de Leit ukomm. Mir hate Leit mat ënnerschiddleche Profiller gefrot, wat hir éischt Mesure wier, wa si Premierminister oder Premierministesch wieren. Aus dësem Reportage hu mir Videoe gebastelt an op de soziale Medie gedeelt.

En anert neit Format war "Een Dag am Wahlkampf ...", wou d'100,7-Noriichteredaktioun ee Politiker een Dag am Wahlkampf begleet huet. Heirausser si Radioreportagen a Videoen entstanen.

Mee och aner Videoen, ënner anerem e Museksvideo oder Videoe fir d'klassesch Museksredaktioun hu mir gemaach, an d'nächst Joer hu mir nach aner Projeten an Iddien, déi mir wëllen ëmsetzen.

Net ze vergiessen ass och eis App, déi ee fir Android an Apple kann eroflueden. Hei kann ee mobil ëmmer informéiert bleiwen an de radio 100,7 och einfach live am Stream lauschteren.