Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schrëftsteller, den Historiker an d'Migratiounen

"Leonardo" vum Jean Portante

De Schrëftsteller, den Historiker an d'Migratiounen

No iwwer 200 Joer krut d'Nationalbibliothéik zu Lëtzebuerg dës Woch endlech e Gebai, dat fir si entworf a gebaut gouf. Dat ass de richtege Moment fir sech als Historiker mat engem Buch auserneenzesetzen. Den Denis Scuto iwwer den neie Roman vum Jean Portante.

auto_stories

6 min

Ech hat d'lescht Woch de Pleséier mat der Corina Ciocarlie, op Invitatioun vum Claude Conter, Direkter vum nationale Literaturzenter zu Miersch, dem Jean Portante säin neie Roman "Leonardo" ze kommentéieren.

An domat de Pleséier en an Avant-Première kënnen ze liesen, den zweeten Deel vun senger Trilogie, nom Roman "L'architecture des temps instables" vun 2015. Ronderëm privat Migratiounen, Migratiounen am Klengen, der Microhistoire, déi op d'Geschicht vum 20. Joerhonnert am Groussen, d'Macrohistoire, treffen oder vun hir getraff ginn.

Literatur a Geschicht. De Schrëftsteller an den Historiker. An engem Interview mam Florent Toniello fir d'woxx sot de Jean Portante: "La fiction est toujours la réinvention de la réalité, pas son contraire." Geneesou erënnert de Philosoph Paul Ricoeur d'Historiker drun, datt och si d'Realitéit nëmmen rekonstruéiere kënnen, also nei erfannen: "(L'historien) a pour tâche de restituer l'absent (...). Il y a toujours de la fiction dans l'Histoire; comme il y a toujours une sorte de vérité dans la fiction. L'Histoire (...) n'est jamais la reconstruction pure de l'événement, elle n'est - dans le meilleur des cas - qu'une reconstruction fictive, gouvernée par un événement introuvable."

"Ne rien dire qui importe sans en faire la preuve."

Schrëftsteller an Historiker. Fiktioun a Realitéit. Ech muss soen, datt ech beim Liesen nawell e bësse jalous war op de Schrëftsteller, ë. a., och dat sot de Jean Portante am Interview, well e Schrëftsteller erziele kann wat d'Archiven eis net soen, während eng Ambitioun vum Historiker zanter der Neizäit ass, dat wat en erzielt, duerch Archiven ze beleeën. Fir de franséischen Historiker aus dem 16. Joerhonnert Etienne Pasquier ze zitéieren: "Ne rien dire qui importe sans en faire la preuve."

Bei der Liesung an Diskussioun vum Roman zu Miersch hunn ech meng Jalousieskris mat engem Beispill vun engem fir mech u sech exzeptionellen Archivfund illustréiert. Viru Joren hunn ech de Livret de travail vun engem italieneschen Aarbechter am Nationalarchiv zu Lëtzebuerg fonnt. Den Andrea Poretto gouf 1846 zu Vauda di Front am Piemont gebuer. Dësen extrem mobillen Aarbechter schafft vun 1872 bis 1881 op de verschiddenste Plazen uechter ganz Westeuropa: an de Kueleminnen an de Bouches du Rhône, mee och zu Seraing bei Léck, dann zu Lëtzebuerg um Schantjen vum Tunnel fir de Jhangeli tëschent Äischen an Huewel 1876 (haut geet d'Vëlospist doduerch), an der Schwäiz, nees zeréck zu Lëtzebuerg um Eisebunnschantier bei Wolz, an den Eisenäerzgrouwen vun Hussigny a vun Déifferdeng. Zu Hussigny an Déifferdeng, wou ee vun de Protagoniste vum Jean Portante sengem Roman 1912 ukënnt, respektiv sech installéiert, halen d'Inscriptiounen an d'Aarbechtsbuch vum Poretto 1881 op. Dono verléiert sech seng Spur.

Dank sengem Aarbechtsbuch konnt ech zwar de Parcours vun engem Mann rekonstruéieren, dee soss ee vun den Honnertdausenden anonymen Aarbechter bliwwe wier, déi an den Ufänk vun der Industrialiséierung queesch duerch Europa zéien, Bunnen, Tunnellen a Schmelze bauen oder an de Minne schaffen. Schéin an awer trotzdem frustréierend. Well dës wonnerbar Archivquell ass an engems en administratiivt Kontrolldokument, dat eigentlech dee Mann amputéiert a reduzéiert op een Aspekt vu senger Perséinlechkeet a senger Identitéit, dee vum Aarbechter. Wann ech kritesch mat dësem Archivdokument ëmginn, muss ech zouginn, datt mir hei de Poretto nëmmen aus der Siicht vun Aneren, an dësem Fall d'lokal Administratioun an de Patron, kenneléieren. All seng aner Facetten erzielen d'Archiven eis net. Vu wiem ass hien de Bouf, oder de Brudder, oder de Papp? Oder den Amant oder Mann? Oder den Noper? Mat wiem feiert e Chrëschtdag? Huet hien en Doheem zu Vauda di Front? En eegent Haus? Eegent Land? Schéckt e Suen heem? Wéi geet säi Liewen no 1881 weider? Ech hu keng Ahnung

Eng passionant Geschicht vu Migratiounen um leschten historiografesche Stand

Dofir sinn ech als Historiker e bësse jalous op de Roman "Leonardo" vum Jean Portante an déi totaliséierend Approche vu Migratiounen duerch Schrëftsteller. Hei suivéiere mir d'Zwillinge Lorenzo an Antonio, allebéid verléift an d'Lucia, an hir Nokommen net nëmmen als schaffend Leit, mee als Bouwe vun, als Bridder vun, als Verléiften an, als Mann, Papp, Monni a Bop vun. An d'Migratiounen vun A op B an op C asw. ginn am Detail rekonstruéiert. Dobäi kënnt, datt hei déi administrativ Perspektiv op Migranten ersat gëtt duerch eng Abberzuel Perspektive vu verschiddenen Narrateuren.

Erauskënnt net nëmmen e passionante Roman iwwer Zwillingen, déi 1912 sech op de Wee maachen, deen een an de louthréngesch-lëtzebuergesche Bassin minier, deen aneren op New York an dono a West Virginia an nees zeréck op New York. Erauskënnt eng Geschicht vu Migratiounen um leschten historiografesche Stand. Net méi duerch déi nationalistesch Lëns, déi nëmmen d'Nationalstaaten wou se ukommen, Lëtzebuerg oder USA, am Fokus huet. Mee mat engem Bléck fir déi Géigend, wou d'Migratioun ugeet, d'Abruzzen an d'Provënz vun Aquila, éischt Ursprongsprovenz vun den italieneschen Immigranten zu Déifferdeng virun 100 Joer a fir d'Verbindungen tëschent dëse Raim.

Mat enger Beschreiwung och vun de Krichsperioden (Éischten an Zweete Weltkrich), vun dëse Kricher mat hire Geheimnisser, als wichtege Bestanddeel an net nëmmen als Klamere vun der klenger Familliegeschicht vun den Tramagni, souwéi vun der grousser Lëtzebuerger, amerikanescher oder italienescher Geschicht. Mat engem Bléck souwuel fir transnational Phenomener, wéi fir dat, wat ee "long distance nationalism" nennt. Fir de Lien tëschent global, national a lokal. Deen Zesummenhang erkläert, firwat dem Lorenzo säi Bouf Alberto als GI a Sizilien an enger US-Arméi kämpft, déi d'Kanner vun italienesche Migranten bewosst do asetzt, während dem Antonio säi Bouf Leonardo, deen zu Déifferdeng grouss ginn ass an nëmmen eemol zeréck an Italie war, vum Mussolini zwangsrekrutéiert gëtt fir géint säin italo-amerikanesche Cousin ze kämpfen.

"Leonardo" kritt och eng mythesch an tragesch Dimensioun

De Roman erzielt vu Migratioun a Mobilitéit, geografesch, professionell, sozial. Mat engem Paradox aus der Siicht vum Historiker, mee net vum Schrëftsteller. Fir mech als Historiker erzielt de Jean Portante u sech d'Geschicht vun enger Ascension sociale iwwer e puer Generatiounen: zu Déifferdeng vum Mineur zum Coiffeur, dann nees Mineur, de Fils Elektriker op der Schmelz, den Enkel Coiffeur, an de States vum Geleënheetsjobber zu New York zum Besëtzer vun enger Transportfirma, dunn nees zum Mineur a West Virgina, de Fils Besëtzer vun enger Quincaillerie zu Brooklyn, den Enkel Student, dee säin Doktorat iwwer den italienesche Schrëftsteller Manzoni wëllt schreiwen.

Eng positiv Geschicht aus der Siicht vum Historiker. Mee de Schrëftsteller, dee Migratioun mat Instabilitéit associéiert, huet decidéiert, d'Liewen an d'Erfarunge vun den Helden vu sengem Roman, mat de schrecklechen Evenementer, déi d'Mënschheet am 20. Joerhonnert duerchlieft huet a mam historesche Roman "I promessi sposi", "D'Verlobten" vum ernimmten Alessandro Manzoni dialogéieren ze loossen. Domat kritt "Leonardo" nieft der historescher Dimensioun och eng mythesch an tragesch Dimensioun. "L'histoire avec une grande hache": de Jeff Schinker vum Tageblatt zitéiert de Georges Perec fir den neie Roman vum Jean Portante ze charakteriséieren.

Wann d'Renconter tëschent Geschicht, Migratiounen a Literatur Iech intresséiert, da gitt de Roman kafen oder bestellt en an der fuschneier Nationalbibliothéik um Kierchbierg, wou der an engems den éischten Deel vum Jean Portante senger Trilogie, mee och de Manzoni op Italienesch, Franséisch oder Däitsch kënnt liesen.