Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ze jonk fir erschoss ze ginn

Streik 1942

Ze jonk fir erschoss ze ginn

Op Fouersonndeg, den 30. August 1942 gëtt de Gauleiter Gustav Simon d’Zwangsrekrutéierung bekannt, andeems d’Joergäng 1920 bis 24 direkt sollten an déi däitsch Wehrmacht agezu ginn. Den Dag drop, haut viru 74 Joer, reagéiert Lëtzebuerg aus Protest mat engem Streik. Als jonke Kärel war deemools den haut 92 Joer ale Jos Steichen mat derbäi.

auto_stories

4 min

"T'ass ëmmer dëser Deeg, wou näischt mat mer lass ass. Et si Saachen déi kann een am Liewen net vergiessen", sou de Jos Steichen.

"Zu jung, um erschossen zu werden..." – Dat war d’Uerteel vum Standgeriicht. De Jos Steichen hat Chance. Seng 18 Joer huet hien eréischt e puer Woche méi spéit kritt, de 7. Oktober 1942. Als Mannerjärege sollt hien dofir ëmerzu ginn, am RAD, dem Reichsarbeitsdienst a spéider an der Wehrmacht un d’Ostfront kommen.

De Jos Steichen huet deemools als Schlässer Gesell zu Eech am Institut Emile Metz geschafft. Säi jonken Alter sollt hien net dervun ofhalen, sech zur Wier ze setzen, ëmmerhin sollt jo och hien, e puer Woche méi spéit, no sengem 18. Gebuertsdag zu deene Joergäng gehéieren, déi de Gauleiter Simon mat der Zwangsrekrutéierung viséiert huet.

"Dech kréien ech eng Kéier"

Den Dag nom Gauleiter senger Deklaratioun gëtt am Land gestreikt. Als éischt leeën d’Aarbechter vun der Liederfabrick "Ideal" zu Wolz d’Aarbecht néier, eng 700 vun den 1000 Beschäftegte maache mat. Dësem Beispill sollten am Laf vum 31. August 1942 Mataarbechter vun anere Betriber, Léierpersonal, Employéen a Beamten nokommen. Géint der Owend streiken op der Schmelz zu Schëffleng eng 2.000 Aarbechter. D'Streikbeweegung hat sech iwwert d’Land ausgebreet. Och de Jos Steichen war net op d’Schaff mee huet, bei der Eecher Klinik, aner Leit zum Streik opgefuerdert.

"Op der Plaz war ee vun der VDB dobäi, Schilling huet en geheescht. An dee sot zu mir: 'Dech kréien ech eng Kéier'", erënnert de Jos Steichen sech. D'VDB, also Volksdeutsche Bewegung, hat de Jos Steichen am A. Säin Engagement sollt säi Liewe fir zerguttst op d’Kopp geheien.

"Erop an d'Villa Pauly"

Den 1. September 1942, wéi de Jos Steichen nees wollt op d’Schaff goen, huet d’Gestapo, zesumme mat e puer Gesellen aus der Hitlerjugend schonn op hie gewaart. "Ech sinn zum Portal eragaangen, laanscht d'Schoul a wéi ech op der Bréck stoung, do hunn déi vun der Hitlerjugend geruff 'Lo kënnt en!'. Du sinn der zwee vu vir an zwee vun hanne komm. Si hu mech direkt geholl, an den Auto gesat an erop an d'Villa Pauly".

Dokumenter vum Jos Steichen, dorënner eng Foto vu sech a jonke Joeren.

D'Besatzer reagéiere mat aller Häert op de Streik. De Gauleiter verhänkt Standrecht iwwert Lëtzebuerg. Ee Standgeriicht gouf aberuff, de Virsëtz dovunner huet den Chef vun der Gestapo héchstperséinlech iwwerholl. Déi Ugekloten hate kee Verdeedeger, si woussten zum Dacksten emol net, datt se virun engem Geriicht stoungen. An der Villa Pauly huet de Jos Steichen alles, wat hie bei sech hat, missten ofginn. "Du sinn ech bei d'Mauer stoekomm, bis ech eropkomm sinn. Do louche meng Pabeieren. Ech duecht mir": 'Lo gëtt et schlëmm'".

Ee glécklechen Zoufall

Mee et sollt net zu deem Schlëmmste kommen, well, wéi scho gesot, de Jos Steichen hat Chance. Hien hat nach keng 18 Joer, war ze jonk fir erschoss ze ginn. De glécklechen Zoufall hat et gewollt, datt dem Jos Steichen seng Mamm, den Dag vum Streik, hirem Jong seng Täschen eidel gemaach hat, esou datt hie bei senger Verhaftung net déi Fotoe bei sech hat, déi deemools vill Lëtzebuerger an der Täsch haten.

Et waren dat, mat hannendrop dem roude Stempel vun der LPL, der Lëtzebuerger Patrioteliga, Fotoe vun der Kathedral, vun der Grand-Duchesse Charlotte mam Sproch “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn” an eng Foto vun der groussherzoglecher Famill am Exil an den USA. "Hätten se dat fonnt, da wier ech erschoss ginn", erzielt den Jos Steichen, deen och haut nach, 74 Joer duerno, mat sengen Emotioune kämpfe muss, wann en un d’Evenementer vun deemools zréck denkt.

"Saachen déi een am Liewen net vergësst"

"D'Doktere sote mir, ech soll erzielen sou laang ech kann. Ech ginn an d'Schoulen oder och mol op d'Uni. Mee t'ass ëmmer dëser Deeg, wou näischt mat mer lass ass. Da geet et net. Et si Saachen déi kann een am Liewen net vergiessen", sou de Jos Steichen.

21 Persoune sollten de Streik vum 31. August 1942 mat hirem Liewe bezuelen. D’Doudesuerteeler vum Standgeriicht goufen direkt vollstreckt an duerch Plakater bekannt gemaach, rout Plakater, déi scho virun der Hiriichtung gedréckt gi waren. Am Ganze sollten am Zweete Weltkrich 11.160 jonk Männer, déi an de Joren 1920 bis 1927 gebuer goufen, zwangsrekrutéiert ginn. 2.572 sollten der an der Nazi-Uniform stierwen, 3.510 hunn aus der Wehrmacht desertéiert.