A Westafrika wiisst villes net: d'Wirtschaft net an d'Reduktioun vun der Aarmut a vun der Zuel vun de Mënschen, déi Honger leiden och net. Awer d'Bevëlkerungszuel an d'Wüst wiisst a breet sech aus. A Moscheeë wuesse wéi Champignonen aus dem Buedem.
Vill vun dëse Moscheeë sinn awer keng, wou d'Relioun op déi traditionell Aart a Weis ausgeluecht a gelieft gëtt. Dacks sinn dës mat arabeschen a spezifesch saudesche Sue gebaut ginn. Gebietshaiser, Koranschoulen a Klinike ginn an den äermsten Deeler vu Westafrika mat saudesche Finanzsprëtze gebaut. Mat dëse Suen exportéiere saudiarabesch Koranschoulen a Privatleit de Wahhabismus an déi salafistesch Ideologie. Betraff si virun allem de Senegal, de Mali, d'Guinea, den Tschad an Nigeria.
D'salafistesch Präsenz an Afrika, dat sinn afrikanesch Jonker, déi no hire Koranstudien aus Saudiarabien oder aus de Golfstaaten erëmkommen an Netzwierker vu Priedeger a Moscheeën a kleng reliéis Schoulen opgebaut hunn. Saudiarabien gëtt bis zu Zéngdausende jonke Westafrikaner Accès zu enger Bourse, sou den Olivier Roy weider. Vill Jonker géingen dës Bourse dacks aus Mangel u Perspektiven um lokale Plang unhuelen.
D'salafistesch Ideologie hätt grousse Succès a Westafrika an dat wier op eng Rei Facteuren zeréckzeféieren. Op där enger Säit wiisst d'Mass vun de Mënschen, déi an Aarmut liewen. A Länner wéi Guinea a Senegal besteet eng Schéier tëscht dëser Mass an enger gewëssener Elite vun e puer Soufi-Famillen, déi traditionell d'Soen hätten. Am Kontext vun der Urbaniséierung an dem Landexod vu Jonken, déi keng Aarbechtsplaze fannen, ass de Message vun den neie salafistesche Priedeger besonnesch interessant. De Message riicht sech géint d'Privileegie vun enger Elite a priedegt Gläichheet, e quasi revolutionäre Message.