Den 23. Dezember zejoert huet d'Generalversammlung vun der UNO driwwer ofgestëmmt, fir 2017 mat Verhandlungen unzefänken, fir sämtlech Nuklearwaffen ofzeschafen. No dem Verbuet vu Landminnen, Clusterbommen, chemeschen a biologesche Waffe wier et e logesche Schrëtt, elo endlech och d'Nuklearwaffen ze verbidden, mengt d'Kate Hudson, Presidentin vun der Campaign for Nuclear Disarmament.
Vote zueleméisseg eendeiteg
D'Atomwaffe sinn déi eenzeg Massevernichtungswaffen, déi nach net verbuede sinn. Den Albert Einstein bréngt et op de Punkt: "De Mënsch huet d'Atomwaff gebaut. Dobäi kéim et awer kenger Maus an de Sënn, selwer eng Mausfal ze bauen."
Vun den Zuelen hir war de Vote an der UNO eendeiteg: 123 Länner hunn dofir gestëmmt, Gespréicher iwwert e globaalt Atomwaffeverbuet unzefänken, 38 waren der dogéint a 16 Länner hu sech enthalen. Géint dëse Virschlag hunn natierlech déi néng Staate gestëmmt, déi selwer Atomwaffen hunn: d'USA, Groussbritannien, Russland, Frankräich, China, Indien, Israel, Nord Korea a Pakistan.
Awer och - ënnert anerem - Däitschland, Kanada, Dänemark, Tierkei a Lëtzebuerg. An engem gemeinsame Communiqué sote si, si wiere scho mat enger Null-Nuklear-Léisung d'accord. Awer wann d'Atommuechten net mat géifen um Dësch sëtzen, hätten esou UNO-Verhandlunge kee Sënn, a géifen d'Welt nach méi a Gefor bréngen.
De Wäert vun der NATO
Haut virun 68 Joer ass zu Washington d'NATO gegrënnt ginn. Am Kader vun dëser Organisatioun hunn d'Amerikaner sech verflicht, mat hiren Atomwaffen NATO-Partner ze schützen, déi selwer keng Atomwaffen hunn. Esou goufen am Laf vun de Joren an der Belsch, Holland, Däitschland, Italien an an der Tierkei amerikanesch Atomwaffen an Trägerrakéite stationéiert, déi - esou gëtt emol gesot - onverzichtbar si fir d'Sécherheet vun Europa.
Allerdéngs huet d'NATO haut net méi deen US-amerikanesche Support, dee mir gewinnt waren: de President Trump fënnt d'NATO "obsolet" a verlaangt, datt d'europäesch Länner misste fir de Schutz, deen d'Amerikaner hinne bidden, bezuelen. Dës Diskussioun ass geféierlech an engem Kontext, an deem de Vladimir Putin d'Atomwaff als feste Bestanddeel vun enger konventioneller Krichsféierung gesäit, während fir si d'westlech Atommuechten dat allerleschte Mëttel bleift.
Britesch Atomwaffe fir de Schutz vun Europa?
De polnesche President Kaczyiński verlaangt, d'Europäer missten eng eegen nuklear Ofschreckung entwéckelen, déi där vun de Russe kéint Paroli bidden. De Jean-Claude Juncker gëtt him implizit Recht, wann hie seet, datt wann d'EU sech net ëm hir eege Sécherheet géif këmmeren, da géif och soss keen et maachen.
A wie soll dat dann elo maachen? An der EU huet Frankräich Atomwaffen an déi entspriechend Rakéiten. Déi aner Nuklearmuecht ass Groussbritannien. D'Theresa May huet den Hiewel erkannt, deen d'britesch Nuklearwaffen duerstellen. Sécherheet fir Europa duerch englesch Atomwaffen, nëmme wann de Brexit net ze vill brutal gëtt.
De fréieren US-Ambassadeur bei der UNO, den Thomas Pickering, sot an engem Interview, wat hien nach méi géif beonrouege wéi d'Tatsaach, datt Länner wéi Nord Korea d'Atombomm hunn an den Iran un enger schafft, wier de Fait, datt Terroriste mat nuklearen Offäll kéinten extrem geféierlech Waffe bauen.
Ech géif gären d'Schlusswuert dem fréieren US-President Ronald Reagan ginn. Hie war jo wierklech net bekannt als en Unhänger vu Softpower. 1984 sot hien a senger State of the Union-Ried: "Deen eenzege Wäert, deen d'Nuklearwaffe fir zwou Natiounen hunn, ass, datt si ni gebraucht ginn. Wier et dann net besser, se iwwerhaapt ganz ofzeschafen?" Awer ech fäerten, dovu si mir nach wäit ewech.