Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Whistleblower - Held oder Brigang?

LuxLeaks

De Whistleblower - Held oder Brigang?

De LuxLeak-Prozess huet international héich Welle geschloen an duerch d'Veruerteelung vun zwee Beschëllegten, de Schutz vu sougenannte Whistleblower a Fro gestallt. Wéini muss de privaten Interêt vum Geschäftsgeheimnis oder esouguer de Schutz vu Staatsgeheimnisser hannert dem Interêt vun der Ëffentlechkeet op Informatioun zrécktrieden?

auto_stories

6 min

Ënnerstëtzer vun de Whistleblowers protestéiere géint de Prozess

Recht a Moral gi vun Zäit zu Zäit Hand an Hand. Meeschtens si si awer wéi zwee zerstridde Cousinen aus der selwechter Famill. Wat deen ee gutt a richteg fënnt, hält den anere fir inakzeptabel an hie wëll et verbidden. Dëse Widdersproch tëschent deem, wat déi moralesch Virstellungen héich halen an deem, wat d'Gesetzer a Geriichter erlaben oder verbidden - deen huet sech wéi e roude Fuedem duerch d'LuxLeaks-Affär gezunn. An e gouf och net duerch d'Uerteel vum Stater Correctionnel vum 29. Juni an de Reaktiounen dorop opgehuewen.
D'Faite si wuel jidderengem bekannt. Zwee Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Filial vun der Consultingfirma PricewaterhouseCoopers (PwC) hunn - onofhängeg vun eneen - intern Geschäftspabeieren un e franséische Journalist weider ginn. Deen huet d'Informatioune genotzt, fir an zwou Reportagen op der Télé, d'Steierspuermoossname vun internationale Konzerner zu Lëtzebuerg ëffentlech ze maachen.

Der Allgemengheet geschuet?

Et geet ëm déi faméis Rulingen: Steiermodeller, déi déi betraffe Konzerner mat Hëllef vu PwC opgestallt hunn an am Viraus vun der Steierverwaltung ofseene gelooss hunn. Ob dës Manéier woussten déi betraffe Firmen net nëmmen am Viraus, wéi vill Steiere si ze bezuelen hunn, si konnte virun allem vill manner Steiere bezuelen, wéi wa si an deene Länner besteiert gi wieren, an deene si de groussen Deel vun hire Profitter gemaach hunn.
Déi zwee Mataarbechter vu PwC, Antoine Deltour a Raphaël Halet, déi duerch hir Aarbecht un dëse Praktike bedeelegt waren, wollten dat net méi akzeptéieren. An hiren Ae gouf dem Interêt général geschuet. Déi Suen, déi dank de Rulingen zu Lëtzebuerg gespuert goufen, sinn esou deenen aneren europäesche Länner virenthale bliwwen. Dat och zu Laaschte vun deenen hire Bierger. An deem si d'Praktike vu PwC ëffentlech gemaach hunn, hu si hirer Meenung no der Allgemengheet en Déngscht erwisen.

Lanceurs d'alerte, mee ...

Dës Meenung gouf vun der 12. Chamber vum Stater Correctionnel gedeelt. An hirem Uerteel iwwer déi zwee PwC-Mataarbechter an de Journalist Perrin huet d'Geriicht nämlech virop festgehalen, datt den Antoine Deltour an de Raphaël Halet als Lanceurs d'alerte ze bezeechne wieren. Hir Revelatiounen hätten zu méi steierlecher Transparenz a -Gerechtegkeet gefouert.
Strofrechtlech huet d'Geriicht awer aner Konsequenze gezunn, wéi sech d'Defense dat wuel erhofft hat: Si goufen zu enger Prisongsstrof vun néng, respektiv zwielef Méint mat Sursis an enger Geldstrof veruerteelt. Just de Journalist gouf fräi gesprach, well him keng Strofdot nozeweise wier, esou d'Begrënnung.

Illegal oder net?

Et ass e Widdersproch do, tëscht Moral a Recht. D'Riichter erkennen un, datt déi Beschëllegt am Intérêt vun der Allgemengheet gehandelt hunn, si Praktiken entlarvt hunn, déi op moraleschem Plang ze kritiséiere sinn. Mee - an dat war eng vun de kruziale Froen am Luxleaksprozess - hunn dës Praktike géint geltend Recht verstouss? A war hir Revelatioun dofir net ze bestrofen, obwuel d'Vertraulechkeet vu Geschätspabeire violéiert gouf?
D'Defense vun deenen zwee Beschëllegten hat probéiert, d'Geriicht dovunner z'iwwerzeegen, datt d'Rulingen, déi hir Clienten opgedeckt hunn, géint dat europäescht Recht verstouss hätten: Si hunn argumentéiert, datt d'Praktike vu PwC net nëmme moralesch verwerflech, mee illegal waren.
D'Riichter hunn net direkt ob dëst Argument geäntwert - doduerch, datt si d'Fro ënnersicht hunn, ob de Whistleblower duerch d'Gesetz geschützt wier, wann hie vertraulech Geschäftspabeiere klaut, hu si sech awer indirekt domat befaasst.
Als éischt hu si an den nationale Gesetzer gesicht, ob de Lanceur d'alerte do eng Protektioun kéint fannen. Am Code du travail gëtt et effektiv ee Kënnegungsschutz fir Salariéen, déi hire Patron wéinst Korruptioun, Trafic d'influence oder Prise illégale d'intérêt uschwäerzen. Och am Kader vum Kampf géint de Blanchiment ginn et ähnlech Regelen. Fir d'Riichter hunn den Antoine Deltour an de Raphaël Halet awer weder Korruptioun, nach Blanchiment oder Trafic d'influence denoncéiert. An hiren Ae waren d'Praktike vun de Rulingen an der Steiervermeidung net illegal.

D'Fro vun der Korruptioun

Virun allem de Punkt vun der Korruptioun ass sensibel. Am Kader vum Prozess hat de Raphael Halet beschriwwen, wéi déi ëmstridde Rulingen - och nach Advance Tax Agreements - genannt, am Viraus bei PwC op en-tête Pabeier vun der Steierverwaltung opgesat goufen a bannent engem Nomëtteg vum zoustännege Beamte just nach ënnerschriwwe goufen. Ass dat net eng Form vu Korruptioun?
De Parquet huet doranner näischt Strofbares gesinn. De Vertrieder am Prozess hat de Beschëllegten esouguer d'Qualitéit vum Whistleblower ofgestridden. Bleift just ofzewaarden, ob d'Defense dëst Argument am Appellsprozess opgräift a wéi d'Cour sech positionéiert.

Propositioun fir eng Directiv

Och um europäesche Plang ginn et Texter, déi sech mam Lanceur d'Alerte beschäftegen. Mee de Riichter no, géif et keng rechtlech bindend europäesch Norm ginn, fir d'Whistleblower viru Strofverfolgung ze schützen. Zwar hätte sech d'Europaparlament an d'Kommissioun fir de Schutz vun de Lanceurs d'alerte ausgeschwat, eng entspriechend Direktiv wier awer eréischt am Stadium vun der Propositioun. Dës Propositioun schützt awer éischter d'Geschäftsgeheimnisser, wéi déi, déi si ëffentlech maachen. Gëtt dës Propositioun an d'Gesetz ëmgesat, da gesäit se nëmmen eng Protektioun fir de Lanceur d'Alerte vir a streng limitéierte Fäll.

Grenze fir d'Meenungsfräiheet?

Ma konnten déi zwee fréier PwC-Mataarbechter dann net vun der europäescher Konventioun fir Mënscherechter a speziell vum Recht ob fräi Meenungsäusserung profitéieren? Dorop haten d'Affekote vum Antoine Deltour plaidéiert. D'Geriicht war net där Meenung: De Conseil de l'Europe - en Organ, dat ënnert anerem de Respekt vun der Mënscherechtskonventioun duerch d'Memberstaate soll iwwerwaachen - hätt am Abrëll 2014 festgestallt, datt déi aktuell Regelen net duergoe géifen, fir Whistleblower ze beschützen an déi betraffe Staaten dozou opgeruff, entspriechend Regelen anzeféieren. Fir d'Riichter heescht dat, datt nom Artikel 10 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun, deen d'Recht op fräi Meenungsäusserung garantéiert, eng Persoun ka bestrooft ginn, wa si vertraulech Dokumenter ëffentlech mécht. Och, wann domat der Gesellschaft en Déngscht erwise gouf. Dem Artikel 10 no huet och d'Meenungsfräiheet Grenzen. An dës Grenzen huet den Antoine Deltour dem Geriicht no iwwerschratt, andeems hien engem Journalist Dausende vu vertraulechen Dokumenter zougespillt huet.

Tëscht Recht a Moral

Dëst Argument gräift awer nëmmen, wann déi denoncéiert Handlunge vu PwC als net illegal agestuuft ginn. Well nëmmen dann, wann een als Whistleblower illegal Handlungen ëffentlech mécht, dierf hie sech also op d'Recht op Meenungsfräiheet beruffen.
Fir d'Fro vun der Illegalitéit ze stellen, hat d'Defense vum Antoine Deltour eng Direktiv vun 1977 zur Sprooch bruecht. Dës gesäit en automateschen Austausch vun Informatiounen tëschent EU Memberstaate vir, déi et erlaben, eng korrekt an adequat Besteierung ze maachen. Well Lëtzebuerg dat net gemaach hätt, esou d'Argument, wier géint dës Direktiv Verstouss ginn - an déi denoncéiert Praktiken domat illegal.
D'Geriicht huet deem widdersprach. D'Riichter hu sech op d'Intentioun vum Antoine Deltour beruff a gesot, hien hätt nämlech guer net d'Absicht gehat, fir illegal Handlunge vum Lëtzebuerger Staat ze denoncéieren. Hien hätt nëmme wëllen op legal, mee moralesch zweiwelhaft Steierpraktiken hiweisen.

Perséinlech Absichten als Kritär

Dës Argumentatioun iwwerrascht: D'Geriicht huet sech domat guer net missen dozou positionéieren, ob de Lëtzebuerger Staat 1977 verstouss hat oder net. Et ass awer geféierlech, wann dem Beschëllegte seng perséinlech Absichten als Kritär benotzt ginn, fir ze decidéieren, ob eng Strofdot virläit oder net. Wie seet engem, ob dem Antoine Deltour seng Intentiounen dann och wierklech déi waren, déi d'Geriicht him zouschreift.
Fir zukünfteg Whistleblower heescht dat virun allem, datt si Interêt hunn ze behaapten, hir Absicht wier et gewiescht, Illegalitéiten ëffentlech ze maachen. An deem si sech op fräi Meenungsäusserung beruffen, kéinte si dann enger Strof aus dem Wee goen.
Dat lescht Wuert an dëser Affär wäert wuel eréischt an e puer Joer zu Stroossbuerg um Europäesche Geriichtshaff gesprach ginn. Et sief dann, d'Cour d'Appel fënnt e Wee, fir Recht a Moral an Aklang ze bréngen a sprécht den Antoine Deltour an de Raphaël Halet fräi.