Radioen

On air

Notturno  |  Billy Bruner - Sweetness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wollef ass zeréck

Déirewelt

De Wollef ass zeréck

De Wollef ass nees do: An de leschten néng Méint konnt zweemol festgestallt ginn, datt e Wollef op zwou verschiddene Plazen am Land Schof gerass huet. Et ass fir t'éischt zanter 125 Joer, datt nees Wëllef zu Lëtzebuerg konnten nogewise ginn. Well domat och Suergen an Ängschte verbonne sinn, wëllt d'Naturverwaltung d'Bierger informéieren.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Nadege

D'Präsenz vum Wollef gëtt net vu jidderengem d'selwecht opgeholl, dat gouf och viru Kuerzem zu Branebuerg op engem Informatiounsowend kloer. D'Naturschützer freeë sech, d'Déierenziichter maache sech Suergen. D'Naturverwaltung probéiert Rou an d'Diskussioun ze bréngen: De Wollef géif zur Biodiversitéit bäidroen, esou de Laurent Schley, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung.

De Wollef wier e ganz wichtegt Element fir den Ökosystem, an et wier immens komplizéiert, wann dat wichtegst Raubdéier do verschwënnt. Dat hätt Auswierkungen op déi aner Déieren a Planzenaarten, also de ganzen Ökosystem. Schwäizer Fierschter hätte festgestallt, datt zanter de Wollef erëm do wier, sech de Bësch besser regeneréiere géif. Grond wier, datt d'Herbivore wéi Réi oder Hirschen, besser am Grëff gehale ginn.

D'Suergen eescht huelen

D'Naturverwaltung seet awer, si géif och d'Suerge vun de Baueren an de Schofsziichter eescht huelen. Si hunn um Informatiounsowend zu Branebuerg déi meeschte Froe gestallt - ënner anerem déi, ob et nach Sënn géif maachen, weider Notzdéieren ze halen, wann de Wollef hei zu Lëtzebuerg sech sollt néierloossen.

Fir en däitsche Schofsziichter aus dem Publikum ass d'Präsenz vum Wollef an eise Géigenden eng politesch Decisioun. Hien huet déi zoustänneg Administratiounen dorëms gebieden, Baueren, déi Notzdéieren hunn, net mat hire Suergen eleng ze loossen an déi néideg Präventivmoossname finanziell ze ënnerstëtzen.

Allerdéngs misst ee sech als Bauer domat offannen, datt de Wollef op Lëtzebuerg kennt. Et hätt een als Mënsch net d'Recht, eng aner Gattung auszerotten, just well se engem net an de Krom passt. Et misst een éischter kucken, wéi een domadder ëmgeet a wéi ee seng Déiere schütze kann, an do bräicht een Hëllef.

Koexistenz méiglech

Eng Vue, déi och den Naturexpert Laurent Schley den Nolauschterer méi no wollt bréngen: Et kéint ee beim Wollef net schwaarz wäiss denken. Et sollt een hei virun allem sachlech diskutéieren. Extremer wieren ni gutt, sief et d'Verdäiwelung, nach d'Glorifizéierung vum Wollef. Wann een d'Konflikter tëscht den eenzele Campen miniméiert, respektiv aus der Welt schaaft, da wier eng Koexistenz tëscht Wollef a Mënsch duerchaus méiglech, esou de Laurent Schley.

Et wéilt een esou fréi wéi méiglech mat de Präventivmoossnamen ufänken. De Risiko, datt e Wollef e Schof räisst, géif egal wéi just bei fënnef Prozent leien, esou de Laurent Schley. Gëtt en Déier gerass, géife verschidde Mesurë gräifen. Et hätt een do Subside geplangt, déi de Bauer kéint ufroen, fir sech adequat géint Iwwergrëff ze schützen, oder et géif och eng Entschiedegung fir d'Bauere ginn, falls ee vu sengen Déiere gerass géif ginn.

Méiglech Gefore fir de Mënsch hu beim Public zu Branebuerg iwwerdeems keng Roll gespillt. An de leschte 50 Joer wieren et a ganz Europa just 59 Virfäll tëscht Mënsch a Wollef ginn, esou de Laurent Schley vun der Naturverwaltung.