Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi europäesch Iddi: kleng a lokal

Mäin Europa

Déi europäesch Iddi: kleng a lokal

D'Gemeng Déifferdeng keeft en Terrain vu ronn 115 Hektar, deen op franséischem Territoire läit. Op deem Gebitt war an der rezenter Vergaangenheet zweemol versicht ginn, eng Deponie fir industriellen Offall opzemaachen - wat een awer zesumme mat de franséischen Nopeschgemenge konnt verhënneren. Hanner dem Kaf vum Terrain stécht awer méi wéi just de Wonsch, datt eng méiglech Deponie definitiv der Vergaangenheet ugehéiert. Et geet och ëm e Projet, deen den europäesche Gedanken op lokalem Plang ëmsetze soll. De Stephan Polet war op d'Plaz kucken.

auto_stories

3 min

Den Adrien Zolfo ass Buergermeeschter vun der franséischer Gemeng Saulnes, oder Zounen op Lëtzebuergesch. D'Fläch, deen déi lëtzebuergesch Gemeng Déifferdeng kafe wëllt, mécht bal een Drëttel vum Gebitt vu senger Gemeng aus. Dat si méi wéi 150 Fussballsterrainen.

Et stéiert hien net, datt d'Gemeng Déifferdeng den Terrain keeft. Eng méiglech Deponie war och him en Dar am A.

A senger Gemeng hätt et Kritik ginn, wéi bekannt gouf, datt d'Lëtzebuerger den Terrain wéilte kafen. Eng Kritik, déi de Buergermeeschter awer net deelt.

Verschidde Leit géifen hien elo vläicht fir naiv halen, dat wier hie senger Meenung no awer net. Hie géif de Responsabele vun der Gemeng Déifferdeng vertrauen, si hätten an der Vergaangenheet an och elo nach bewisen, datt se ekologesch schaffe géifen, sou de Buergermeeschter vun Zounen.

D'TNT Asbl iwwerhëlt d'Gestioun vum Terrain

Datt eng Gemeng aus engem Land, Terrain an engem anere Land keeft, geschitt net all Dag. Fir datt den Terrain bei Zounen konnt kaf ginn, hunn awer op den zwou Säite vun der Grenz eng ganz Rei Autorisatiounen ugefrot misse ginn. Esou de grénge Gemengeconseiller vun Déifferdeng.

Datt dat Ganzt um Enn geneemegt gouf, hätt och domat ze dinn, datt et net d'Gemeng Déifferdeng ass, déi an Zukunft eleng decidéiert, wat um Terrain geschitt. Am Kafvertrag gouf festgehalen, datt eng ASBL mam Numm Territoire Naturel Transfrontalier, kuerz TNT, d'Gestioun vum Terrain iwwerhëlt.

Hie wier sech bewosst, datt et déi zwou Säite vun der Grenz Bedenke géife ginn, sou de Fränz Schwartgen. An de Kafkontrakter wier awer festgehale ginn, datt Déifferdeng keng Industrie oder eng Deponie um Areal usidelen dierft.

Foto: Site vum TNT

D'Kreatioun vun enger Charte

Der TNT Asbl gehéieren nieft de Gemengen Déifferdeng an Zounen och nach zwou aner franséisch Grenzgemengen un. De Fränz Schwachtgen war ee vun de Matgrënner vun där Initiativ. Ausgangspunkt war schonn an den 80er Joren d'Feststellung, datt op den zwou Säite vun de Grenz ënnerschiddlech Ëmweltstandarde gegollt hunn.

Am Ufank war et dunn d'Iddi fir e grenziwwerschreidenden Naturpark ze grënnen. Dat ass awer un den ënnerschiddlechen Definitioune vun esou engem Park an den zwee Länner gescheitert. 2015 gouf dofir eng Charte ausgeschafft, an där sech d'Gemengen zu enger Partie Wäerter verflicht hunn. Eng nohalteg Entwécklung stoung hei am Mëttelpunkt. 2017 gouf dunn d'Asbl TNT gegrënnt, déi sech op déi Charte baséiert.

Nodeems een de Projet fir eng Deponie zesumme mat den anere Gemenge verhënnert hat, hätt sech d'Méiglechkeet erginn, fir de ganzen Terrain ze kafen. Well de franséische Gemengen déi finanziell Mëttelen heifir gefeelt hätten, wier Déifferdeng aktiv ginn. Och wann et ni esou geduecht war, sou ass der Asbl duerch de Kaf vum Terrain eng méi wichteg Roll zougefall. Et wier eng juristesch Entitéit, déi et erlaabt, méi liicht u finanziell Mëttelen ze kommen, erkläert d'Anne-Bénédict Culot vun der Asbl TNT. Den TNT dierft souwuel europäesch Gelder ufroen, wéi och vu lëtzebuergesche Ministèren a vu franséischen Institutiounen.

Detailer bleiwen ze klären

An der Vergaangenheet huet d'Asbl scho mol fir e grenziwwerschreidende Projet Sue vum europäesche Fong fir regional Entwécklung kritt. Wat een elo genee um neien Terrain plangt, ass nach net am Detail gewosst.

Fest steet awer elo schonn, datt d'Asbl TNT hei spéider ekologesch an nohalteg Projete soll ëmsetzen. Projeten, déi weder lëtzebuergesch, nach franséisch solle sinn, mee grenziwwerschreidend.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.