Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi jonk Leit si "Passeurs de Mémoire"

Temoignage

Déi jonk Leit si "Passeurs de Mémoire"

D'Ginette Kolinka huet d'Konzentratiounslagere Bergen-Belsen, Theresienstadt a virun allem Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. No ganz ville Joren, an deene si net iwwer dës schro Zäit an hirem Liewe geschwat huet, huet d'Ginette Kolinka decidéiert hiert Erlieftent weider ze ginn, fir hiren Deel dozou bäizedroen, datt sou Atrocitéite wéi déi vun den Nazien ni méi solle geschéien. D'Ginette Kolinka huet am Stater Jongelycée de Schüler hir Geschicht verzielt.

auto_stories

3 min


De kompletten Interview lauschteren:

Lauschterenplay_arrow


Mat ganz vill Energie, mat ganz vill Devouement an Determinatioun huet déi 94-järeg Ginette Kolinka iwwer déi Zäit, an där si mat hirer Famill verrode gouf, dunn deportéiert bis eben an d'Konzentratiounslager Auschwitz erzielt. Ënner aneren hire Papp an hire méi jonke Brudder goufen direkt bei der Arrivée vun den Nazien an d'Gaskummer geschéckt an do ëmbruecht.

An awer erlieft d'Ginette Kolinka, wéi sech nees Antisemitismus a Rassismus installéiert. Dat mécht der 94-Järeger Angscht, mee si gleeft net drun. Et gëtt een deene vill ze vill Wichtegkeet, esou d'Ginette Kolinka.

Il y en a très peu. Il y en aura toujours. Mais par contre c'est vrai quand on entend des actes encore maintenant, qui existent. Je suis optimiste, c'est peut-être moi qui ai tort. J'espère que j'ai raison.

Eng grouss Differenz tëschent Däitscher an Nazien

Bei hirem Temoignage war et d'Fro un d'Ginette Kolinka, wéi si sech haut par Rapport zu Däitsche fillt. Wa si dat fënnef oder zéng Joer nom Retour gefrot gi wier, hätt si "Angst" geäntwert. Well si huet et net verdroen, déi däitsch Sprooch ze héieren. Wa si mol engem Grupp Däitsche begéint ass, dann huet si den Alter geschat, a bei sech geduecht: "Dat war s du, an du an du."

Hautdesdaags ka si Däitscher gesinn, Däitsch héieren, dat mécht der Ginette Kolinka näischt méi aus.

Pourquoi vais-je en vouloir à des gens qui ne m'ont rien fait. Un homme, une femme, 75 ans, ce n'est pas jeune. Quand la guerre a été terminée, c'était un bébé. Je vais lui en vouloir? Mais il m'a rien fait! Les Allemands, ça me gêne pas du tout de les rencontrer, ça me gêne pas du tout de les embrasser, les nazis c'est différent. Je fais une grande différence en parlant des nazis, qui nous ont maltraités et des Allemands, maintenant.

D'Geschicht muss weidererzielt ginn

D'Ginette Kolinka hofft, datt esou Atrocitéiten net méi virkommen, an dofir sinn déi Gespréicher mat jonke Mënsche fir si sou wichteg. Dofir sinn déi Jonk fir si "des Passeurs de Mémoire".

C'est nous, les déportés qui ont eu la chance de survivre, de vous désigner pour que vous racontiez cette histoire, Vous devenez des Passeurs de mémoire, parlez-en autour de vous, plus tard à vos enfants, à vos petits-enfants. Et que plus jamais ça devient réalité, plus jamais ça.