Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi manner bekannte Säit vum Alan Turing

Informatik-Pionéier

Déi manner bekannte Säit vum Alan Turing

Den Alan Turing gouf bekannt, well hien den Enigma-Code mat entziffert huet. Hien huet sech awer och fir vill aner Beräicher interesséiert. Zum Beispill fir kënschtlech Intelligenz a fir d'Natur.

auto_stories

11 min

Eng Statu vum Alan Turing am Bletchey Park

An der Haaptsaach ass den Alan Turing bekannt derfir, datt et him gelongen ass, am 2. Weltkrich den Enigma Code vun den Däitschen ze knacken. Dëst war an duebelem Sënn eng aussergewéinlech Leeschtung: net nëmmen huet den Turing missen ee Wee fannen, fir ee scheinbar absolut séchere Geheimcode z'entschlësselen. Mat senger Approche huet hien och derzou bäigedroen, de Computerzäitalter anzelauden.

Turing-Maschinn

D'Grondsteng fir dës Aarbecht hat hie scho virum Ufank vum Krich geluecht. Mëtt den 30er Joren hat hien an engem Artikel eng Maschinn proposéiert, déi ganz einfach Operatiounen ausféiere kann. No him benannt besteet dës Turing-Maschinn aus engem endlosen (oder op d'mannst laang genuche) Band Pabeier. Dëst Band ass an eenzel Quadrater ënnerdeelt. Hei kënne verschidde virdefinéiert Symboler gelies, agedroen oder och erëm geläscht an iwwerschriwwe ginn. Ee Mechanismus kann d'Band no riets oder lénks beweegen.

Den Turing wollt eigentlech e Problem léisen, deen den däitsche Mathematiker a Logiker David Hilbert 1928 opgeworf hat, an déi als "Entscheidungsproblem" bekannt gouf. Dobäi geet et drëm, ob bannent engem System all Fro ka beäntwert ginn.

Dem Turing seng Maschinn war eng Manéier fir dëse Problem z'analyséieren: eng Fro ka beäntwert ginn, wann d'Maschinn bannent enger bestëmmter (endlecher) Zuel vun Aarbechtsschrëtt fäerdeg gëtt.

A gewësser Weis hat den Turing also schonn Erfahrung mat enger automatiséierter, mechanescher Approche, wann et drëm goung, fir abstrakt Problemer ze léisen. Dat koum him zu Notzen, wéi hien den Enigma-Code analyséiert hutt.

Problemer léise mat der Turing-Maschinn

Den Turing als Philosoph

Seng Beschäftegung mat esou Denkmaschinnen hutt hien awer och zu scho quasi philosophesche Froe gefouert: 1950 huet hien een Artikel an der Zäitschrëft "Mind" publizéiert. Ënnert dem relativ neutralen Titel "Computing Machinery and Intelligence" huet hien d'Fro gestallt: "Kënne Maschinnen denken?"

Dës philosophesch Fro bréngt direkt eng Rei Schwieregkeete mat sech. Virun allem wann et drëm geet ze klären, wat iwwerhaapt gemengt ass: wat ass eng Maschinn an dësem Sënn? A virun allem: wat ass "Denken"?

Seng Léisung war, fir d'Fro op indirektem Wee unzegoen. An ze kucken, ob d'Maschinn et fäerdeg bréngt, ee Mënsch eranzeleeën. Säin Ausgangspunkt war e klengt Spill: E Mann an eng Fra sinn an engem Raum. Eng drëtt Persoun ass an engem anere Raum, kann also déi éischt zwou net gesinn. Duerch Froe soll probéiert ginn erauszefannen, wéi eng vun deenen zwou Persounen am Nieweraum de Mann, respektiv d'Fra ass. Heiansdo wäert déi richteg Äntwert fonnt ginn, heiansdo och net.

De Computer an der Roll vum Mënsch

Den Test fir Computer-Intelligenz, deen den Turing virschléit, benotzt déi selwecht Situatioun. Awer dës Kéier iwwerhëlt de Computer d'Roll vun enger vun deenen zwou Persounen. Dëst Imitatiounsspill, wéi hien et genannt hutt, géif et also erlaben ze kucken, ob de Computer maache kann, wéi wann en e Mënsch wär. Wann déi drëtt Persoun nämlech grad esou dacks richteg a falsch réit wéi virdrun, kann de Computer de Mënsch nomaachen. An an deem Sënn kann en denken.

Dat ass natierlech un der Basis e reng theoretescht Gedankenexperiment, méi wéi e Versuch, deen tatsächlech machbar wier. Et geet dem Turing och net duer, datt de Computer virprogramméiert Äntwerte gi kann. Et gëtt eng reell a quasi kreativ Interaktioun verlaangt. D'Maschinn soll selwer an autonom op den Input an dat allgemengt Ëmfeld reagéieren.

D'Tatsaach, datt hien dës Fro gestallt hutt, just puer Joer nodeems deen éischte moderne Computer a Betrib geholl gi war, weist, datt him scho fréi kloer war, wéi en Impakt dës Technik op d'Liewe sollt hunn. Hien hat selwer materlieft, wéi rasant d'Entwécklung am Krich viru gaang war, a wéi grouss duerno den Interessi un dëser neier Technologie war.

Mathematik a Biologie

Och wann all dës Aarbechten zum gudden Deel an déi selwecht Richtung ginn, hu sech dem Turing seng Interessen awer net op d'Computertechnik limitéiert.

E manner bekannt Gebitt, op deem hien aktiv war, ass d'Verbindung tëscht der Mathematik an der Biologie. Virun allem huet hie sech dofir interesséiert, wéi Formen a Muster bei Liewewiesen entstinn.

D'Kären op enger Sonneblumm maachen zum Beispill e ganz opfällegt Muster. Vu bannen no bausse schénge se Kreesstécker duerzestellen, ee Bou nieft dem aneren. An duerch d'Form vun de Käre lafe se gläichzäiteg no riets an no lénks. Opfälleg ass och d'Zuel vu Kären, déi zu sou engem Bou gehéieren: dat sinn opfälleg dacks Zuelen aus der sougenannter Fibonacci-Rei. Och bei der Verdeelung vu Blieder ëm de Stamm vun enger Blumm, oder bei der Unzuel vu Bléieblieder fannen sech Fibonacci-Zuelen erëm.

D'Käre vun der Sonneblumm formen een opfällegt Muster

Och aner Muster hunn den Turing beschäftegt: an engem Embryo entstinn zum Beispill aus enger Usammlung vun ufanks identeschen Zellen, méi a méi differenzéiert Strukturen. Dobäi forme sech ganz automatesch eng virdefinéiert Zuel vun Organer. Zum Beispill een Häerz awer zwou Nieren. Nach ier d'DNA-Molekül entdeckt war, konnt den Turing e Mechanismus proposéieren, deen dëse Wuesstem erkläre konnt.

Zebra- an Tiger-Sträifen

D'Iddi, déi hie virgeschloen huet, konnt gläichzäiteg och nach erklären, wéi d'Muster um Pelz vun engem Tiger oder engem Zebra entsteet. Zwou Chemikalien, déi matenee reagéieren a sech iwwert an duerch de Kierper ausbreeden, kéinten d'Äntwert liwweren. Mathematesch gesinn ergëtt dëst e System vun zwou gekoppelten Differentialgläichungen. Zwou Equatiounen, déi souwuel déi momentan Konzentratioun, wéi och d'Ännerung vun dëser Konzentratioun vun den zwou Chemikalië verbannen.

Wann een dëse System vun Equatioune léist, da fënnt sech e regelméissegt Muster. Um liewegen a wuessenden Organismus kommen allerlee Stéierungen an extern Aflëss derbäi. Schliisslech ass d'Zebrahaut kee flaachen, zweedimensionale Rechteck. Kleng Stéierungen erginn an der Realitéit dann d'Variatioun vun de Musteren, déi an der Natur virkommen.

Wéi den Turing säi Modell virgestallt huet, war d'Struktur vun der DNA nach onbekannt. An d'Genetik war nach wäit dovun ewech, fir sou Zesummenhäng wierklech ënnersichen ze kënnen.

Meinhardt simuléiert Muschel-Musteren

Trotz de Fortschrëtter, déi an der Tëschenzäit gemaach goufen, ass dem Turing säi System och haut nach aktuell. Den Hans Meinhardt konnt zum Beispill sou e System vun Differentialgläichunge benotzen, fir d'Muster op Muschelen am Computer ze simuléieren. Et schéngt awer, datt de Meinhardt dem Turing seng Aarbechten net kannt huet, an onofhängeg op dee selwechte Mechanismus gestouss ass. D'Resultat vu senge Simulatiounen ass op alle Fall beandrockend, an d'Ähnlechkeet zu tatsächlechen, natierleche Muschelen ass erstaunlech.

Iddie vum Turing nach ëmmer aktuell

Et schéngt och méi a méi, wéi wann dem Turing säi Modell de Schlëssel ass fir beispillsweis ze verstoen, firwat eise Kierper net symmetresch ass. D'Häerz ass ëmmer liicht no lénks versat; d'Liewer an de Mo leien op zwou verschiddene Säite vum Kierper.

Nom Turing sengem Doud (hien hutt sech 14 Deeg viru sengem 42. Gebuertsdag d'Liewe geholl) si vill vu sengen Notizen a Bréiwer weider als geheim klasséiert bliwwen. Eréischt lues a lues gi se méi accessibel. Den Internet hëlleft do och, well net alles muss als Buchformat erauskommen, mee als einfach gescannte Säit ka publizéiert ginn.

Et ass also gutt méiglech, datt sech mat der Zäit nach ganz aner, onbekannt Interessensgebidder erausschiele wäerten. D'Filmbiographie aus dem Joer 2014 "The Imitation Game" ass net zu onrecht kritiséiert ginn, well d'Bild vum Turing ze vill eesäiteg a souguer karikatural war. De Personnage ass wahrscheinlech ze villschichteg fir an engem 2-Stonne-Film kënne presentéiert ze ginn. A wat méi Notizen a Recherchedokumenter fonnt an ënnersicht ginn, wat sech wuel nach méi Schichte wäerte weisen.