Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi qualvoll Gebuert vum moderne China

Zäithistoriker

Déi qualvoll Gebuert vum moderne China

D'Volleksrepublik huet 2019 zu Peking hir 70 Joer gefeiert. Dee Gebuertsdag verstoppt en aneren, dee vum Ufank vun den Opiumkricher, dat heescht vun der qualvoller Gebuert vum moderne China. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

D'Opiumkricher waren e wichtege Moment an der chinesescher Geschicht. Bild: picture alliance/CPA Media

15.000 Zaldoten, honnerte Panzer, Rakéiten a Fighter Jets vum modernsten Typ, dono och nach eng zivil Parad mat 100.000 Participanten: D'Volleksrepublik China huet den 1. Oktober 2019 de 70. Gebuertsdag vun hirer Grënnung mat enger iwwerdimensionaler Zeremonie gefeiert. "Näischt kann d'Fundamenter vun eiser grousser Natioun ënnergruewen", huet de President Xi affirméiert: "Näischt kann d'chinesesch Natioun an dat chinesesche Vollek dovunner ofhalen, vijenzeg ze goen."

Dës Wierder, no dësem Defilé, waren natierlech un d'Rivale vun der zweeter globaler Muecht geriicht, un éischter Plaz d'USA. Natierlech huet d'Warnung awer och deenen Dausende vun Hongkonger gegollt, déi am selwechte Moment, wéi an de Woche virdrun, mee dann awer ganz besonnesch deen Dag, fir d'Erhale vun hiren demokratesche Rechter manifestéiert hunn.

Am Kader vun der Doktrin "Ee Land, zwee Systemer" konnt déi fréier brittesch Krounkolonie Hongkong bis elo hire Méiparteiesystem halen. Am Rescht vu China üübt d'kommunistesch Partei zanter 1949 eleng d'Muecht aus. Dës Situatioun, plus d'Tatsaach, datt et fir Peking esou wichteg ass seng Kraaft no baussen an no bannen ze demonstréieren, sinn op Evenementer zeréckzeféieren, déi virun 180 Joer stattfonnt hunn.

En direkten Handelswee nom indeschen Ozean

1839 hunn d'Opiumkricher ugefaangen. Dës Konflikter waren eng besonnesch zynesch Operatioun. Si waren an enger Epoch, an där Europa, mat enger brutaler Onschold, ugefaangen huet d'Welt ze dominéieren. Am indeschen Ozean an am Fernen Oste waren d'Europäer zanter dem 16. Joerhonnert present. D'Portugisen haten de Wee opgemaach.

Ewell eng Generatioun nodeems de Vasco da Gama d'indesch Westküst erreecht hat, hat Portugal e Räich etabléiert, dat sech vum haitege Mosambik bis zum haitegen Indonesien erstreckt huet. Deen "Estado da India" war allerdéngs keng Territorialmuecht, éischter eng Serie vu Stëtzpunkten, déi de Portugisen zwar erlaabt hunn d'Séiweeër ze kontrolléieren, mee sécher net de Kontinent ze dominéieren. Demografesch, militäresch an technologesch gesinn hate si d'Mëttelen net dozou.

Den Hollänner, Fransousen an Englänner, déi sech spéider och eng Plaz an der Regioun erkämpft hunn, ass et net vill anescht gaangen. Et wär komplett anachronistesch sech virzestellen, datt si hire Rivalen deemools iwwerleeë waren. D'Osmanen, d'Perser, d'Moghulen oder d'Chinese konnten hinne mat hirem Räichtum, hire Staatsapparater an hiren Arméie selbstverständlech Paroli bidden.

Desequilibréiert Handelsbezéiungen tëschent Europa an Asien

Och an deem Beräich, dee si iwwerhaapt an dësem Deel vun der Welt ugezunn hat, deem vum Handel, ware si just een Acteur ënner villen. E Client, deen d'orientalesch Gewierzer a Luxusgidder begiert huet, mee am Géigenzuch net vill unzebidden hat. Déi europäesch Produkter hunn d'asiatesch Räicher wéineg interesséiert. Déi hu vun den Europäer verlaangt, datt si géife boer bezuelen, a Gold a Sëlwer. Dat huet dozou geféiert, datt de Weste laang Zäit eng negativ Handelsbilanz mam Osten hat. Eng Situatioun, déi also un haut erënnert, ausser datt se sech deemools ebe grad gedréit huet.

An der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert hunn d'Englänner d'franséisch Konkurrenz an Indien ausgeschalt a sinn do déi dominant europäesch Muecht ginn. Dominant schonn, mee net hegemonesch, vu datt d'Englänner am Handelsdefizit mat Indie waren. Si hunn do, ënner anerem, Textilie kaf, déi vill méi bëlleg ware wéi an Europa.

Mee da koum d'industriell Revolutioun an d'Aféiere vu Maschinnen an der englescher Textilproduktioun. Op eemol haten d'Englänner e kommerziellen Avantage, an deen hu si erbaarmungslos ausgenotzt. D'Inder hunn elo englesch Textilien importéiert, wat hir eege Produktioun zerstéiert huet. Elo ware si vum Westen ofhängeg.

D'Englänner setze sech um chinesesche Marché duerch

Fir d'Importer aus Europa bezuelen ze kënnen, hunn d'Inder missten hir Wirtschaft ëmorientéieren. Si hu sech an der Produktioun vun exotesche Rostoffer spezialiséiert. Ee vun deenen, den Opium, huet hiren englesche Scholdenhären dann e kompetitiven Avantage um chinesesche Marché ginn.

Géint Enn vum 18. Joerhonnert hat dat chinesescht Räich 400 Milliounen Awunner. Et war eng selbstbewosst Muecht mat enger anticker, sophistiquéierter Kultur, enger effizienter Administratioun an enger autarker Ekonomie. D'Chinesen hunn de Kontakt mat der Welt iwwer hir Grenze kaum gefleegt a waren net un auslännesche Wueren interesséiert. D'Englänner, anerersäits, ware ganz geckeg op Téi, deen deemools just a China produzéiert gouf. 1720 hunn d'Englänner de Chinese bal 13.000 Tonnen ofkaaft, 1830 360.000!

Zu deem Moment war hir Zuelebilanz mat China, dank de massiven Opium-Importer grad positiv ginn. D'chinesesch Autoritéiten hunn dat wuessend ekonomescht Ongläichgewiicht, souwéi d'Sucht vun engem ëmmer méi groussen Deel vun hirer Bevëlkerung, wéineg appreciéiert. Am Juni 1839 hu si d'Drog vun den engleschen Händler zu Kanton saiséiert an zerstéiert. D'englesch Kroun hat domadder e Virwand fir de Chinesen de Krich ze erklären.

Kräizzich am Numm vum Fräihandel

Dem Lord Henry Palmerston, deemolege liberale Premierminister, ass et net nëmmen drëm Gaang, d'Interesse vu senge Landsleit ze verdeedegen. Säin Zil war méi allgemeng d'Chinesen ze zwéngen, d'Restriktiounen op hire Marché opzehiewen. D'Opiumkricher waren also Kräizzich fir de Fräihandel. Deen éischten ass 1842 mat enger englescher Victoire op en Enn gaangen. D'Chinesen hunn a fënnef vun hiren Häfen en onbeschränkten Handel missten akzeptéieren. Si hunn den Englänner och Hongkong ofgetrueden.

1856 huet en zweeten Opiumkrich ugefaangen. D'Englänner haten dës Kéier an de Fransousen Alliéierter fonnt. 1860 hunn déi westlech Truppe Peking eruewert an déi zwee Summer-Palaise vum Keeser ausgeraumt an zerstéiert. Geschloen a gedemütegt huet China den éischte vun de sougenannten Ongläich Verträg ënnerschriwwen. Eelef Häfen hunn dës Kéier missten opgemaach ginn. D'Zollrechter an d'Steieren op westlech Produkter goufen op e Minimum reduzéiert. China war vun elo un an d'Globaliséierung integréiert.

Den imperiale Pouvoir huet sech ni richteg erholl. D'Land huet an de Joerzéngten dono eng Serie vun auslänneschen Interventiounen, vu Biergerkricher a Revolutiounen erlieft, déi et weider zerspléckt a geschwächt huet. Eréischt nom Zweete Weltkrich ass et dem kommunistesche Leader Mao Zedong gelongen, eng Eenheet ze restauréieren an dat chinesesch Räich an enger Volleksrepublik ze reinkarnéieren.

Dat anert Gesiicht vun der Globaliséierung

Déi Episode verroden Tatsaachen, déi eis westlech Epiciersideologie widderleet. Déi éischt ass, datt d'Maartwirtschaft net automatesch zu Demokratie féiert. Déi zweet Tatsaach ass, datt Fräihandel net zwangsleefeg Fridde garantéiert. Wien e kompetitiven Avantage huet, huet all Interessi drun, datt d'Grenzen opgemaach ginn. D'Profitter sinn da garantéiert. A wann deen aneren net bereet ass, seng Echangen ze liberaliséieren, da kann en dozou gezwonge ginn, wann néideg duerch e Krich.

Déi drëtt Tatsaach ass, datt d'Globaliséierung net nëmmen e Phenomeen ass, bei deem d'Mënsche sech, trotz hiren Differenzen, kennen a schätze léieren. Et ass keng Dynamik, déi am Moment zu enger Eenegung vun der Mënschheet, mee zu der Formatioun vu grousse Blocke féiert. D'Angscht viru China, an den USA, ass am Moment dat eenzegt, wat den europäeschen Eeenegungsprozess um Liewen hält.

Jo, trotz eisen Illusioune wësse mir, datt Chinesen eng Rechnung mat eis op hunn. Et ass näischt Perséinleches, et ass ebe just Business. An de Krich ass nëmmen eng Fortsetzung vum Business mat anere Mëttelen.