Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De gesonde Mënscheverstand behalen"

Déiereschutz

"De gesonde Mënscheverstand behalen"

E modernt Déiereschutzgesetz ass noutwenneg. Mä wat sollen iwwerdriwwe Bestëmmungen, déi näischt mat der Realitéit ze dinn hunn a Leit treffen, déi d'Natur méi no liewen, wéi vill anerer? E fräie Mikro vum Kommunikatiounsberoder a fréiere Spriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener.

auto_stories

2 min

Steet d'Fëscherei zu Lëtzebuerg virum Verbuet? Et ass dëst eng Schlagzeil an de Medien, déi mech stutzeg gemaach huet. Den Hannergrond vun der ganzer Opreegung ass dat geplangten neit Déiereschutzgesetz. Et kéint deemno esou sinn, gëtt gefaart, datt et ënner anerem an Zukunft hei am Land verbuede wier, Fësch ze fänken an duerno nees zréck an d'Waasser ze geheien.

Dës Praxis huet net nëmmen heiheem Traditioun an d'Fëscher gehéieren zu deenen Leit, déi wuel am meeschten mat Déieren ze dinn hunn an och de schounenden Ëmgang mat dëse Liewewiese richteg liewen.

Mä dës Polemik ronderëm dat neit Gesetz weist, dat mer als Gesellschaft iergendwéi am gaangen sinn a ville Froen de gesonde Mënscheverstand iwwer Bord ze geheien an an eng Spiral vu Verbueter ze geroden, déi iwwerreglementéieren an ideologesch gedriwwe sinn. Op dës Aart a Weis erreecht een e verantwortungsvollt mateneen ëmgoen a sech respektvoll a verantwortungsbewosst ze verhalen sécher net.

Et ass absolut näischt géingt ee modernt Gesetz zum Schutz vun Déieren ze soen. Absolut net. Mä et kann een alles iwwerdreiwen. Dëst ass iwwregens och an anere Beräicher de Fall, wou d'Extremer spillen, wann et ëm Ëmweltfroe geet.

Déi Leit a Beruffssparten, déi zënter Generatioune schonn d'Landschaft fleegen an d'Déiere respektvoll behandelen, ginn dann dacks vergiess. Ech denken hei zum Beispill un e Beruffsstand wéi d'Baueren, deenen hiert Kapital am Fong d'Natur ass. Si, wéi vill anerer, déi d'Natur richteg liewen, wëssen, wat se un enger propperer Ëmwelt an enger gesonder Fauna a Flora hunn.

Schwaarz Schof ginn et iwwerall. Schutzbestëmmunge musse sinn a mussen och duerchgesat ginn, och am Déiereschutz. Mä mir sollten als Gesellschaft mat de Féiss um Bueden bleiwen.