Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Batman op der Spur

International Fliedermausnuecht zu Baastenduerf

Dem Batman op der Spur

"D'Fliedermaus ass en Deel vun eisem kulturelle Patrimoine", seet de Jacques Pir. Hien ass Fliedermausexpert an ee vun den Organisateure vun der Internationaler Fliedermausnuecht de Freideg zu Baastenduerf. Et lount sech déi kleng Déiercher besser kennen ze léieren.

auto_stories

5 min

Eng Fliedermausnuecht, wéi dëse Freiden zu Baastenduerf, wier wichteg, well déi kleng Mamendéieren an der leschter Zäit dacks zum Spillball vu Politiker an Immobiliemakler gi wieren, seet de Jacques Pir. Wann nämlech eng Fliedermaus iergendwou hiert Revéier huet, kann et sinn, datt op deene Flächen net dierf gebaut ginn.

"Fliedermais gehéieren zu eiser Natur a mir musse kucken, datt Lëtzebuerg nach liewenswäert bleift an net alles zougebaut gëtt."

Obwuel d'Fliedermaus bei eis doheem ass, kenne vill Leit net vill vun hinnen. Dat soll sech no der Fliedermausnuecht zu Baastenduerf änneren. "Et geet drëm, d'Beréierungsangscht ofzebauen," sou de Fliedermausexpert.

Fliedermais friessen alles, "wat Nuets kräicht a fläicht"

Ënner dem Mikroskop kann een e Freideg gesinn, wat d'Fliedermais iessen. Dofir gëtt hiren Dreck auserneegeholl a mat enger Pincette ënner dem Mikroskop analyséiert. Haaptsächlech friesse si Matten, Insekten, Verschiddener iessen och Spannendéieren. "Alles wat Nuets kräicht a fläicht friesse si." Ënner der Lupp fënnt een also de Panzer, Flilleken oder Been. Eng Fliedermaus frësst ongeféier een Drëttel vun hirem eegene Kierpergewiicht un Insekten.

"Mir beschwéieren eis jo heiansdo iwwer den Eichenprozessionsspinner. Fliedermais si schonn en natierlecht Insektizid."

An Europa iesse Fliedermais keng aner Mamendéieren, hei ginn et also keng "Vampiren". Dat wier heiansdo e Viruerteel, dat een duerch de Film hätt, datt Fliedermais just Blutt drénken.

D'Fliedermais sinn Déieren, déi un d'Nuecht ugepasst sinn. Si orientéieren a kommunizéieren iwwer Ultraschallriff, déi ee just mat engem spezielle Bat-Detector héiere kann.

"Déi Grouss Huffeisennues ass e Juwel"

Zu Lëtzebuerg sinn 21 verschidde Fliedermausaarten nogewisen. "Verschidden Aarte gesäit ee méi dacks, anerer si méi seelen. Et ass wéi bei de Villercher." Besonnesch op der Musel gëtt et eng Aart, déi ganz rar ass.

"Déi Grouss Huffeisennues ass e Juwel vun eisem natierleche Patrimoine. Mir hu just eng Kolonie vun ongeféier 200 Déieren an déi wunnt op der Musel. Vun der Grousser Hufeisennues gëtt et bei eis méi Déieren, wéi a ganz Däitschland."

Lëtzebuerg hätt domat och eng grouss Responsabilitéit. Wichteg fir den Erhalt vun der Grousser Huffeisennues sinn zum Beispill Héichstammuebstgäert, Hecken, Bamalléeën oder och nach d'Weed fir d'Véi, steet an enger Broschür vun der Natur- a Bëschverwaltung (deemools Administration des Eaux et des Forêts).

Wisou dës Fliedermaus "Grouss Huffeisennues" heescht ass onverkennbar (Foto: CreativeNaturePhotography)

Wisou ass et esou wichteg, Fliedermais ze schützen? Am UN-Biodiversitéitsrapport vum Mee 2019 steet, datt méi wéi eng Millioun Planzen- an Déierenaarte weltwäit vum Ausstierwe bedréit sinn. An der Etüd vum "Enthomologischer Verein Krefeld" geet donieft ervir, datt bannen deene leschten dräi Joerzéngten d'Insektemass an Däitschland ëm 75 Prozent zeréckgaangen ass. Wisou sollt et zu Lëtzebuerg anescht sinn?

"Wa mir esou weiderfueren, wäerte mir ganz vill Aarte verléieren. D'Insekte sinn d'Nahrungsbasis vu villen aneren Déieren. D'Fliedermais stinn uewen op där Pyramid."

Wann d'Insekten also verluer ginn, ginn domat och d'Fliedermais verluer. Wann ee si wëllt schützen, muss ee Mesuren ergräifen, déi d'Biodiversitéit an d'Biomass fërdert. Ufänke géif dat bei engem natierleche Gaart. Ëmmer méi dacks géif ee Virgäertercher mat Steng gesinn. "Do liewe guer keng Insekte méi," seet de Jacques Pir.

D'Wunnengsnout ass e grousse Problem fir d'Fliedermais

Et wier besser och déi kleng Flächen ze renaturéieren. Am Gaart sollt ee Planze setzen, déi Beien an Nektar hunn an op heemesch Aarten zeréckgräifen. Och d'Wiss kéint ee mol e puer Woche stoe loossen an net méi esou dacks méien.

"Pestizide si jo zum Gléck am private Gebrauch verbueden. Ech géif mir wënschen, datt och d'Gäertnereien do Virreider géife spillen a kee Glyphosat méi benotzen."

E grousse Problem fir d'Fliedermais ass, datt si kee Liewensraum méi fannen.

"E generelle Problem zu Lëtzebuerg ass d'Wunnengsnout, dat zielt och fir d'Fliedermais"

Fir deem ze entgoen, kéint een zum Beispill Fliedermauskëschten op sengem Haus ubréngen. An Däitschland géifen et mëttlerweil Projeten ginn, déi bei Neibauten Fliedermauskëschte - oder Zillen mat aplangen, esou nach de Jacques Pir.

De Fliedermausexpert Jacques Pir ass ee vun den Organisateure vun der Internationaler Fliedermausnuecht bei der Kierch zu Baastenduerf


Informatiounen iwwer déi International Fliedermaus e Freideg zu Baastenduerf fënnt een op den Internetsäite vun den Organisateuren, dem Musée national d'histoire naturelle - natur musée, dem Naturpark Our an der Natur- a Bëschverwaltung oder hei.