Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demokratie a Populismus

Politik

Demokratie a Populismus

Populismus an Demokratie si Wierder, déi an aller Mond sinn. Dobäi si si net esou einfach ze definéieren. Wat stécht hannert dëse Begrëffer a wéi funktionnéieren Demokratie a Populismus an der Praxis?

auto_stories

3 min

Ganz allgemeng kéint een Demokratie als eng Zort Prozess beschreiwen, fir an engem Grupp vu gläichgestallte Persounen zu enger Decisioun kommen: All Member vum Grupp soll dat selwecht Matsproocherecht hunn. D'Entscheedunge gi geholl, op Basis vun der Majoritéit- oder der Unanimitéit vun de Stëmmen. An all d'Gruppemembere sinn un dës Entscheedunge gebonnen.

An der Demokratie ass d'Vollek den Zentrum vun der politescher Muecht. De Wëlle vum Vollek ass déi héchsten demokratesch Instanz. D'politesch Decideuren, d'Gesetzer an d'Konstitutioun musse riicht stoe virum Vollek.

Mee während den demokrateschen Appell un d'Vollek wënschenswäert ass, ass de populisteschen Opruff eng Gefor. D'Demokratie, esou den däitsch-britesche Politikwëssenschaftler Ralf Dahrendorf, ass komplex, während Populismus einfach ass. D'Vereinfache vun der Komplexitéit eleng zeechent de Populismus awer net aus, soss wier e liicht mat der Demagogie - an doriwwer eraus vun der moderner politescher Praxis - ze verwiesselen.

D'Gefor vum Populismus

Populismus gëtt dacks mat rietser Ideologie gläichgesat, well en op Sujete vu Recht an Uerdnung uspillt. D'Problematik vun den Asylanten an Auslänner ass zum Beispill eng Quell fir de rietse Populismus. Genee esou wéi déi haart Bekämpfung vun der Kriminalitéit. Dat sinn awer just inhaltlech Charakteristiken. An am Prinzip kann déi lénk Politik genee esou op dës Sujeten agoen. Wéi also Populismus definéieren?

2016 huet de Politikwëssenschaftler Jan-Werner Müller sech an engem Essai mat der Fro "Was ist Populismus" beschäftegt. Fir hien huet de Populismus dräi Charakteristiken:

  • Fir Populisten ass d'Vollek eng moralesch reng a vollstänneg homogen Entitéit, déi vu korrupten a parasitären Elitte beduckst gëtt.
  • Deemno funktionnéiert de Populismus ëmmer mat enger Kritik un dësen Elitten oder dem Establishment.
  • D'Populisten eleng sinn déi richteg Vertrieder vum Vollek. Nëmmen de Populist representéiert a versteet d'Vollek a weess wat d'Vollek wëllt.

Aus dësem Grond si Populiste géint politesch Parteien, géint Parlamenter a géint demokratesch-representativ Entscheedungsprozesser.

De franséischen Historiker Pierre Ronsanvallon geet esouguer esou wäit, de Populismus als Perversioun vun der Demokratie ze bezeechnen. Fir hie gëtt et nämlech keng Unitéit am Vollek: D'Vollek vun enger moderner Demokratie ass keen homogene Block.

Populismus wier deemno als demokrateschen Dekompositiounsprozess ze verstoen, deen op der Differenz tëscht deene richtege Bierger an de korrupten, onmoralesche Bierger berout.

Demokratie ass net einfach Demokratie

Mee och Demokratie ass also net esou einfach, wéi et op den éischte Bléck schéngt. An der Theorie soll d'Vollek Matsproocherecht hunn. D'Entscheedunge sollen net vun uewen erof duerchgesat ginn. Si solle vun ënnen erop, vum Vollek u seng politesch Vertrieder vermëttelt ginn. Mee wie soll decidéieren? All déi Leit, déi op engem nationalen Territoire wunnen, schaffen a Steiere bezuelen? Dat geet - wéi 2015 zu Lëtzebuerg ervir gaangen ass - zum Beispill net duer, fir eng politesch Stëmm an enger Demokratie ze hunn.

Dat wat mir haut ënner moderner Demokratie - mam suffrage universel als Kritär - verstinn, ass ee rezente Phenomen.

Eng flott Iddi, mee....

Vun dëser moderner Demokratie ginn et verschidden Opfaassungen, wéi déi elitistesch (Schumpeter) an déi ekonomesch (Downs) Konzeptioun. Bei béide Modeller geet déi reng Aggregatioun - also d'onreflektéiert Zesummenziele vun individuelle Stëmmen - duer, fir d'Legitimitéit vun der Demokratie ze begrënnen.

Dogéint stellt sech d'Iddi vun der deliberativer Demokratie nom John Rawls a Jürgen Habermas. Fir si si politesch Entscheedungen eréischt dann demokratesch legitiméiert, wann d'Bierger an d'Diskussiounen an d'Debaten iwwer dës Entscheedungen agebonne sinn: Politesch Entscheedunge géifen deemno net nëmmen a Parlamenter geholl ginn. Am Géigendeel, all Bierger géif un engem ëffentleche Meenungsbildungs- an Entscheedungsprozess partizipéieren. Eng gréisstméiglech Transparenz géife Lobbyismus, Clientelismus, d'Privatiséierung vum Staat oder d'Indifferenz vu politeschen Decideure méi schwéier maachen an de politesche Marketing aschränken. Eng flott Iddi, mee realisabel?