Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg

D'Zäit nom Éischte Weltkrich ass eng Epoch vu Revolutiounen a Biergerkricher. Eleng an de Joren tëscht der Februar-Revolutioun vun 1917 a Russland an dem Joer 1920, koum et an Europa zu net manner wéi 27 méi oder wéineger gewaltsame Muechtwiessel. Och zu Lëtzebuerg sollt 1919 en turbulent Joer ginn: Virun 100 Joer, direkt um Joresufank, den 9. Januar 1919, huet eng republikanesch-revolutionär Volleksbeweegung d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff. D'Chronik vun den zwee Deeg mécht den Zäithistoriker Jacques Maas.

auto_stories

9 min

D'Enn vun der militärescher Occupatioun vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Arméi an den Amarsch vun amerikaneschen a franséischen Truppen am November 1918 hunn dozou geféiert, datt Lëtzebuerg sech am Hibléck vun der zukünfteger Nei-Uerdnung an Europa och nei huet misse positionéieren. An deem Kontext ass der Dynastie-Fro eng grouss Bedeitung zoukomm, well dës Fro op aussepoliteschem Plang eng Menace fir d'Weiderbestoen an d'international Unerkennung vun engem onofhängege Lëtzebuerger Staat no der Victoire vun den Entente-Muechten duergestallt huet.

Der Groussherzogin Marie-Adelheid gouf op Säite vun de Vainqueure Frankräich a Groussbritannien nämlech virgeworf, während dem Krich ze vill däitsch-frëndlech gewiescht ze sinn. Innepolitesch hunn hir liberal a sozialistesch Géigner der Groussherzogin reprochéiert, spéitstens vun 1915 un, eng perséinlech exklusiv monarchesch Muechtausübung am Viséier gehat ze hunn. Déi politesch Ausenanersetzungen ëm d'Dynastiefro sinn direkt no Krichsenn voll ausgebrach an hunn dunn eng éischte Kéier, den 10.-11. November 1918 eng revolutionär Konstellatioun ausgeléist.

Duerch geschéckt Taktéieren ass et deemools dem Staatsminister Emile Reuter vun der Rietspartei gelongen, déi revolutionär Beweegung auszebremsen. Eemol op politeschem Plang duerch de Virschlag, d'Fro vun der zukünfteger Staatsform Monarchie oder Republik per Referendum ze entscheeden. An op sozialem Plang duerch d'Aféierung vum Aachtstonnendag, woumat d'Regierung den Aarbechter an hire Gewerkschaftsvertrieder entgéint koum. Et goung awer net duer fir d'Dynastie-Fro innepolitesch ze entschäerfen.

"Et louch eppes Revolutionäres an der Loft"

Aussepolitesch huet déi ongeléisten Dynastie-Fro weiderhin eng Belaaschtung duergestallt. An der Absicht d'Verhältnisser ze klären, sinn d'Ministeren E. Reuter, Nik Welter an Auguste Liesch Mëtt Dezember op Paräis gefuer, wou de franséischen Ausseminister Pichon de Lëtzebuerger Regierungsmemberen allerdéngs matgedeelt huet, d'franséisch Regierung kéint net d'Vertrieder vun der Grande-Duchesse empfänken. Deen diplomateschen Affront um Quai d'Orsay huet spéitstens du kloer gemaach, datt d'Positioun vun der Grande-Duchesse an hirer Regierung op internationalem Plang intenabel gi war.

Innepolitesch ass d'Regierung Reuter nach zousätzlech geschwächt ginn, wéi d'Sozialisten an déi Liberal hire Vertrieder an der Koalitiounsregierung d'Vertrauen entzunn hunn. Verschäerft gouf déi innepolitesch Lag dunn och nach duerch d'Meuterei vun der Fräiwëllegekompanie - Enn des Joers. D'Zaldoten hu sech géint dee preiseschen Drill revoltéiert, an d'Kasären um Helleg-Geescht-Plateau ënner der Leedung vum Sergeant Emile Eiffes besat, nodeems si hir Offizéier verdriwwen haten.

"Et louch eppes Revolutionäres an der Loft" huet d'Obermosel-Zeitung réckbléckend den 11. Januar 1919 geschriwwen. Kuerz virdrun hat sech nämlech e Comité d'action républicaine forméiert - dee sech aus Perséinlechkeeten, déi der sozialistesch-republikanescher Beweegung nostoungen - zesummegesat huet. Déi Action républicaine huet de 5. Januar 1919 eng Proklamatioun erausginn, déi eendeiteg patriotesch - anti-dynastesch - an anti-däitsch ausgeriicht war. Mat Affichen an Trakten huet d'Action républicaine d'Bierger dozou opgeruff, den 9. Januar, Dag vun der éischter Chambersëtzung am neie Joer, op de Knuedler an d'Stad ze kommen, fir d'Proklamatioun vun der Republik ze beschléissen.

Parlamentaresche Vott an der Chamber gëtt verhënnert

Op deem 9. Januar hu sech eng ronn dausend Bierger a Biergerinnen - Presseberichter no - um Knuedler afonnt. Vun der Trap virun der Stater Märei erof hu sech den Emile Mark, Député-maire vun Déifferdeng, den Aloyse Kayser, Deputéierten a Chef de Gare zu Dikrech, an den Ingenieur Emile Servais, Fils vum fréiere Staatsminister Emmanuel Servais un déi versammelt Bierger adresséiert. Den Emile Servais - dee virgesi war Staatspresident ze ginn am Fall, wou d'Republik sollt ausgeruff ginn - huet eng Resolutioun presentéiert, an där d'Ofsetzung vun der Dynastie, d'Proklamatioun vun der Republik an d'Asetze vun enger provisorescher Regierung - verlaangt goufen.

D'Manifestante sinn dunn uschléissend vum Knuedler virun d'Chamber gezunn, eng gréisser Unzuel huet och op der Chamberstribün Plaz geholl. Nodeems d'Chamberssëtzung opgemaach gi war, huet den Deputéierten Emile Mark d'Wuert ergraff fir den Deputéierte matzedeelen, datt d'Volleksversammlung um Knuedler d'Ofsetze vun der Groussherzogin beschloss hätt, an datt de President vun der Action républicaine bereet wier fir d'Resolutioun iwwer d'Proklamatioun vun der Republik virum Chamberplenum virzestellen.

Doropshin huet de klerikalen Deputéierte Schiltz verlaangt, d'Chamber sollt fir d'éischt eng séier wichteg Matdeelung vun der Regierung ofwaarden, éier se mat den Diskussioune virufuere géif. Den Deputéierte Schiltz huet domat ouni Zweiwel d'Verhandlunge viséiert, déi d'Regierung deen Dag mat der Groussherzogin Marie-Adelheid geféiert huet, fir si ze beweegen ofzedanken an duerch deen Acte d'Dynastie ze retten.

Fir d'Assistenz an den Tribünen awer war kloer, datt d'Rietspartei probéiert huet Zäit ze gewannen. Dëst huet Tëscheriff vun der Chamberstribün provozéiert, wouropshin de Chamberpresident Altwies (Rietspartei) d'Gendaarmen opgefuerdert huet, d'Tribünen ze raumen an d'Manifestanten ze expulséieren. Deem koumen d'Gendaarmen awer net no. De President Altwies huet du beschloss d'Sëtzung opzehiewen, wouduerch och kee parlamentaresche Vott méi konnt duerchgeféiert ginn.

D'Manifestante virun der Chamber ginn ongedëlleg

An der Tëschenzäit haten d'Zaldote vun der Fräiwëllegekompanie, zesumme mat Delegatioune vu Staatsbeamte vun der Post a vun der Douane an der Helleg-Geescht-Kasär och d'Republik ausgeruff. Verbonne mat engem Appell un d'republikanesch Deputéiert eng provisoresch Regierung vu fënnef Ministeren op d'Been ze stellen. Uschléissend huet sech en Deel vun der Kompanie ënner der Féierung vum Sergeant Eiffes op de Wee bei d'Chamber gemaach. An der Chamber selwer hate sech déi Liberal an d'Sozialisten fir getrennte Berodungen zeréckgezunn. Während d'sozialistesch Fraktioun sech zimlech séier eens gouf fir eng republikanesch Regierung ze forméieren, koum et bei de Liberalen zu schaarfen Ausenanersetzungen, well d'Deputéiert Robert Brasseur a Maurice Pescatore net bereet ware vu vir eran d'Optioun vun enger monarchescher Staatsform auszeschléissen. Virun allem de Maurice Pescatore huet deemools nämlech de Projet vun enger Personal-Unioun mat dem Kinnekräich Belgie favoriséiert.

Well d'Berodunge vun de Politiker an der Chamber kee Fortgang kruten, sinn d'Manifestante virun der Chamber ëmmer méi ongedëlleg ginn. Et ass virun allem géint déi Liberal a géint d'Kapitaliste gewiedert ginn. Och de Leader vun där opstänneger Fräiwëllegekompanie huet senger Onzefriddenheet Loft gemaach, ass an d'Chamber eragaange fir den Deputéierte klipp a kloer matzedeelen, dat wa si net geschwënn eng Regierung op d'Bee kréichen, da géif hien - Eiffes - d'Saach selwer an de Grapp huelen. Verschidde Politiker hu versicht d'Mass vun de Manifestanten ze berouegen, sou och de sozialisteschen Deputéierten a Stater Buergermeeschter Luc Housse - mee et huet alles näischt gedéngt. Och de fréiere Leader vun de Sozialdemokraten, den Dr. Welter, konnt sech kee Gehéier verschafen an ass ausgepaff ginn.

D'Manifestante virun der Chamber ginn zeréckgedriwwen

Während d'Volleksmass virun der Chamber ëmmer méi grouss gouf - an och ëmmer méi ongedëlleg - ass franséischt Militär mat opgeplanztem Bajonett opmarschéiert - an huet sech an duebeler Rei virum Parlament opgestallt. Wéinst hire pro-franséische Sympathien hu wuel vill Manifestanten net richteg begraff, wat géif geschéien - an hunn déi franséisch Zaldote mat "Vive la France" a "Vive les poilus" begréisst. Schliisslech koum den Emile Mark aus der Chamber eraus an huet deklaréiert, datt Liberal a Sozialiste sech eens gi wiere fir e Comité de salut public anzesetzen. Dee Comité hätt den Optrag bis den nächste Moien eng Regierung ze forméieren. An de Reie vun de Manifestanten huet sech awer e grousst Mësstraue géintiwwer den Deputéierte gewisen an et gouf festgehalen, datt d'Manifestanten d'Chamber géifen d'ganz Nuecht iwwer bewaachen, bis alles definitiv gereegelt wier. Déi Ukënnegung war fir de Kommandant vun de franséischen Truppen zu Lëtzebuerg, dem Generol de la Tour, deen an der Tëschenzäit agetraff war, inakzeptabel. De Generol de la Tour gouf doropshin um sechs Auer owes den Uerder un d'Poilus an un d'Kavallerie, fir d'Manifestante vun der Plaz virun der Chamber an aus den Nopeschstroossen zeréckzedreiwen.

Zwou Stonne méi spéit huet sech nees eng grouss Volleksversammlung, déi Kéier op der Place d'Armes afonnt fir gewuer ze ginn, wou d'Aarbechte vum Comité de salut public dru wieren. Aus der Chamber koum dunn eng Delegatioun vum Comité de salut public mat dem Deputéierten Aloyse Kayser un der Spëtzt op de Kiosk vun der Place d'Armes. Den Aloyse Kayser huet eng Proklamatioun virgedroen, wouraus ervirgoung, datt de Comité de salut public de republikanesche Prinzip provisoresch géif unerkennen, bis eng Assemblée constituante definitiv iwwer déi zukünfteg Staatsform vu Lëtzebuerg entscheet hätt.

D'Marie-Adelheid dankt of

Esou eng politesch Kompromëss-Formule war awer net nom Goût vun der Volleksversammlung, aus där eraus - ëmmer erëm - déi direkt Aféierung vun der Republik - "la république pure et simple" - verlaangt gouf. Wéi du spéit owes d'Manifestanten op en neits virun d'Chamber gezu sinn, huet dat franséischt Militär agegraff an d'Leit vun allen ëffentleche Plaze vun der Uewerstad verdriwwen. De Generol de la Tour huet doropshin e Versammlungsverbuet op der Voie publique erlooss.

Moies fréi um 10. Januar hu franséisch Militäreenheeten d'Bewaachen an d'Kontroll vun den Zougäng zu sämtleche Regierungs- an ëffentleche Verwaltungsgebaier, vun der Post a vun der Spuerkeess, iwwerholl. Och den Zougang zum Parlament gouf vu franséischen Zaldote kontrolléiert. D'Kasäre vun der opstänneger Fräiwëllegekompanie um Helleg-Geescht-Plateau goufen ëmstallt an d'Zougäng komplett ofgerigelt. Wéi mat den éischte Moies-Zich Aarbechter aus dem Minett op der Gare an der Stad ukoume fir d'revolutionär Beweegung ze ënnerstëtzen, goufen dës vum franséische Militär dru gehënnert an d'Uewerstad ze kommen.

D'Aféierung vun enger Republik ass gescheitert

De Comité de salut public an der Chamber war total vun der Aussewelt isoléiert an huet ouni Succès versicht eng telegrafesch Verbindung mat Paräis opzehuele fir Opklärung iwwer d'Virgoe vun de franséischen Truppen zu Lëtzebuerg ze verlaangen. Den 9. Januar spéit owes huet Grande-Duchesse Marie-Adelheid schliisslech hiren Accord gi fir ofzedanken. Ënner dem Schutz vu franséische Bajonetten ass et der Regierung Reuter den aneren Dag - 10. Januar - gelongen, d'politesch Initiativ zeréckzekréien. D'Regierung huet jiddwer Kontakt mat dem verbliwwene Comité de salut public refuséiert an d'Opléisung vun der opstänneger Fräiwëllegekompanie beschloss. D'Zaldote goufen entlooss, de Leader vum Opstand, den Emile Eiffes, huet sech no Frankräich ofgesat.

D'republikanesch Deputéiert hunn de 14. Januar eng leschte Kéier versicht, d'Vereedegung vun der Prinzessin Charlotte als Nofolgerin vun der Groussherzogin Marie-Adelheid mat Hëllef vun enger parlamentarescher Motioun ze verhënneren. D'Resultat ass méi wéi kloer ausgefall: d'Motioun gouf mat 30 géint 19 Stëmmen ofgeleent. D'Aféierung vun enger Republik zu Lëtzebuerg war definitiv gescheitert - an domat och déi vu villen Demonstrante gefuerdert sozial Republik.

D'Agräife vun de franséischen Truppe war ouni Zweiwel ganz entscheedend fir den Echec vun der revolutionärer Beweegung. Dat soll awer net doriwwer ewech täuschen, datt et seriö Divergenzen a Spannungen tëscht der revolutionärer Volleksbeweegung engersäits an de politesche Responsabelen a Leaderen anerersäits gouf, geneesou wéi Rivalitéiten tëscht republikanesche Politiker - och all déi Divergenzen a Rivalitéiten hunn déi revolutionär-republikanesch Beweegung fréizäiteg geläämt.

Eng Rei Froe bleiwen op

Ofschléissend bleift nach drop hinzeweisen, datt et eng Rei vun ongekläerte Froen a Relatioun mat de revolutionäre Januardeeg vun 1919 gëtt. Well d'Iwwerliwwerung vun de Regierungsakte vum Staatsminister Emile Reuter méi wéi dürfteg ass, bleift villes am Onkloren, virun allem dem Reuter seng Verhandlunge mat Paräis a Washington fir d'Alternativ-Solutioun vun der Prinzessin Charlotte als Troun-Nofolgerin duerchzesetzen.

Firwat Truppe vun der République française den 9. an 10 Januar 1919 géint déi republikanesch-revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg virgaange sinn - an domat den Troun vun der Dynastie Nassau gerett hunn - dat ass eng Fro, op déi et derwäert ass deemnächst méi genee anzegoen.