Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Alpdram vum Supercomputer

Artificiell Intelligenz

Den Alpdram vum Supercomputer

“Die Geister, die ich rief, werd ich nun nicht los.” Wat de Goethe sengem Zauberlehrling an de Mond geluecht huet, gëllt och fir eise Rapport mat der méiglecher Realisatioun vun artificieller Intelligenz (“AI”). De Computer, dës kal Intelligenz ouni Kierper - am Stanley Kubrik sengem "2001" als pulséierend rout Luucht duergestallt - erschéngt eis Zweebeener besonnesch ongräifbar a geféierlech.

Marc Clement / po

auto_stories

4 min

Op seng limitéiert artificiell Intelligenz gëtt de Konverversatiounsprogramm Cleverbot net sou gäer ugeschwat.

Datt de Watson vun IBM schonn d’Fähegkeeten huet, selwer och nëmmen déi geréngsten Absicht ze entwéckelen, ass héchst onwahrscheinlech. Net fir näischt hunn di meescht Auteuren hir Horrorvisiounen vun Supercomputeren entweder wäit an d’Zukunft oder an aner Welten iwwerdroen.

Den éischten, deen dëse Sujet fiktional behandelt huet  war iwwerraschenderweis den Jonathan Swift, den a senger Satir “Gulliver’s Travels” “The Engine” erdicht hat: Eng Zort mechaneschen Informatiounsgenerator, deen engem moderne Computer gläicht. Vill méi spéit suivéieren dem Kurt Vonnegut sai Wirtschaftscontroller “EPICAC”, eng Rei Supercomputeren am Isaac Asimov senge Geschichten, dem Philip K. Dick seng “Vulcan 3” an “T.E.N.C.H. 889B”, den “Alpha 60” aus Alphaville, dem Kubrik säin “HAL 9000”, de “FUCKUP” (oder: “First Universal Cybernetic Kynetic Ultramicro-Programmer”) aus dem Robert Shea a Robert Anton Wilson hirer “Illuminatus!”-Ttrilogie, dem Terry Pratchett sain “Hex”, de “Viki” aus “iRobot”, oder d’“Matrix”. Supercomputere maachen do Angscht. Si iwwerhuelen net just d’Weltherrschaft mee produzéieren och virtuell Realitéit.

Ass de Mënsch eenzegaarteg?

D’Thema vun der Artificieller Intelligenz stellt ewéi keng aner d’Fro no deem, wat de Mënsch ausmécht. Wat ass dat gewëssent Eppes, wat mir wëlle kënne reproduzéieren a vun dem mer trotzdem hoffen, dass et eenzegaarteg ass? Dëse Problem ass d’Krux vun der kultureller Realitéit vun der Artificieller Intelligenz, méi ewéi vun der technescher.

Verschidde Konzepter fir virtuell Realitéiten ze produzéieren,waarde mëttlerweil drop, kommerzialiséiert ze ginn. Mee mat mënschenähnlecher Intelligenz ass dat nach net verbonnen. Zum Beispill "augmentéiert Realitéit", wou e Brëll eis Informatiounen iwwert eng Persoun virun eis kéint affichéiert. Wann ee bedenkt, dass elo schonn artificiell intelligent Algorithmen eis Messagen interceptéieren an analyséieren, dass elo scho beim Surfen ee Koup vu Bots probéieren, eist Verhale virauszesoen, wier dat déi Matrix, déi sech vun dësem Punkt vun eiser Geschicht als virstellbar ofzeechent.

Den Elon Musk, Chef vun “Tesla Motors” a “SpaceX”, sot bei enger Virliesung um Massachusetts Institute of Technology, d’Weiderdreiwe vum Projet “Artificiell Intelligenz” géif bedeiten Dämonen erop ze beschwieren. Am selwechten Otemzuch huet hien “AI” als eis gréisst existenziell Menace duergestallt.

Während Economisten sech Suerge maachen ëm d’Aarbechtsplazen, déi intelligent Maschinne kinnte pulveriséieren, huet d’Universitéit vun Oxford virum “moraleschem Outsourcing” gewarnt: Wou Saachen excuséiert ginn, well se vu Maschinne gemaach ginn. Méi nach wéi de Watson ass et di britesch Technologie DeepMind, déi rezent vu Google opkaf ginn ass, déi dem Elon Musk Angscht mécht, dëst well si mat hëllef vu sougenannten "neuron chains" versprécht, besonnesch schnell bäi ze léieren.

Nëtzlech am Klengen, schiedlech am Groussen?

De Weltbekannte Physiker a Mastermind Stephen Hawking huet eng apokalyptesch Siicht: D’Entwécklung vu vollstänneger artificieller Intelligenz kinnt d’Enn vun der mënschlecher Gattung mat sech bréngen. D’Matrix schéckt hir Bonjouren. De Stephen Hawking, deen eng rar Form vu motorneuronaler Skleros huet, kann iwwregens selwer nëmme schwätzen, well hien ee Sprooche-System vun Intel zur Verfügung huet, deen och basesch Forme vun AI incorposéiert. Hie get zou, dass kleng Uwendunge vun Ai sech als ganz nëtzlech erwisen hun, mee d’Ambitioun, enppes hirzestellen, wat de mënschleche Fähegkeeten nokënnt, oder se iwersteigt, misst een onbedingt vermeiden.

Dem Rollo Carpenter huet mat "Cleverbot" ee Konversatiounsprogramm entwéckelt, dee selwer léiert. Hien gëtt zou, dass mer haut nach net d’Rechekapazitéiten hunn, fir menschenähnlech AI hierzestellen, mee dass dëst just nach e puer Jorzéngte géig daueren: "We cannot quite know what will happen if a machine exceeds our own intelligence, so we can't know if we'll be infinitely helped by it, or ignored by it and sidelined, or conceivably destroyed by it," Hie géif awer wetten, dass dëst ee positiven Afloss op eis Entwécklung wäert hunn.