Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Defi vun der Informatioun

Krich a Syrien

Den Defi vun der Informatioun

Wéi komme Journalisten un Informatiounen iwwer de Krich a Syrien? Um Terrain ginn et ëmmer manner Quellen. A si sinn ëmmer manner neutral. D'Medie kréien dacks kontradiktoresch Informatioune geliwwert. Iwwer déi komplex politesch Zesummenhäng eraus musse Journalisten deemno och dem Informatiounschaos Meeschter ginn.

auto_stories

5 min

Pro-Regierungs-Zaldoten am Dezember 2016 zu Aleppo (Foto: picture alliance / Photoshot)

Wei fënnt een zouverlässeg Quelle fir iwwert de Krich a Syrien z'informéieren. Mat där Fro si vill Journaliste konfrontéiert, déi vun hirem Büro aus de Konflikt couvréieren.

Zënter 2012 sinn ëmmer méi syresch an auslännesch Reporter un der Front ëm d'Liewe komm. Dat huet vill Journaliste vun der Aarbecht um Terrain a Syrien ofgeschreckt. D'Organisatioun Reporter ouni Grenze schätzt Syrien als dat geféierlechste Land fir Journalisten an.

Eng éischt Erausfuerderung fir un zouverlässeg Informatiounen aus Syrien ze komme besteet also doran, Reporter um Terrain ze fannen. Dacks kommen dës Reporteren oder Bierger-Journalisten aus där Stad, aus där si beriichten.

Quelle fannen a schützen

Den Informatiounssite Syria Deeply huet sech d'Missioun ginn, mat Informatiounen aus éischter Hand ganz grëndlech iwwert de Krich a Syrien ze schreiwen. Si schaffe mat Reporteren, déi gréisstendeels direkt a Syrien baséiert sinn.

"Déi gréissten Erausfuerderung fir eis ass et, ee Gläichgewiicht ze fannen tëscht dem Besoin präzis a glafwierdeg Quellen ze fannen, an dës Quellen ze beschützen", sou d'Alexandria Masi, Redaktiounsdirektesch vu Syria Deeply.

A Syrien sollt eng Quell scho beschützt ginn, och wann se dee Moment selwer nach net a Gefor ass. D'Situatioun kéint sech séier änneren. Dat wat een haut géif soen, kéint muer zu engem Problem fir ee ginn. Iwwer d'Sécherheet eraus ass et och wichteg, Quellen um Terrain z'iwwerpréiwen. Net all professionell oder autoproklaméiert Journalisten a Syrien respektéieren de Pressekodex.

Virsiichtegen Ëmgang mat Biergerjournalisten

Am Ufank vum arabesche Fréijoer gouf et an der Mediewelt en neit Buzzword: "Biergerjournalismus". Sozial Medien hunn net nëmmen den Aktiviste gehollef, sech op der Tahrirplaz ze versammelen. Iwwer dëse Wee goufen och Medien aus aller Welt mat Videoen an Temoignagen aus éischter Hand beliwwert. Dat huet der Berichterstattung eng nei Dimensioun ginn. Et goufe Formatiounen organiséiert fir de Biergerjournalisten a Blogger d'Basis vum Beruff bäizebréngen. Gläichzäiteg hu Medienhaiser misste léieren d'Fiabilitéit vun dësen neie Quellen anzeschätzen.

Journaliste musse krittesch bleiwen (Foto: picture alliance / Dona Bozzi)

Vill Quellen wiere gläichzäiteg Aktiviste mat enger eegener Agenda, erkläert d'Alessandira Masi. "Et ginn nëmme wéineg Mënschen, déi nach a Syrien sinn, an net parteiesch sinn. Ech denken dass grad hei d'Roll vum Journalist am Büro wichteg ass." Et misst ee skeptesch bleiwen. Eng Quell aus enger bestëmmter Regioun hätt och ee bestëmmte Bagage.

Dat géif net heeschen, datt een dëser Quell net kéint gleewen oder vertrauen, sou d'Alessandira Masi. "Et heescht just, dass en mat den Informatioune vum Terrain virsiichteg ëmgoe muss, fir d'Fakte richteg erauszeliesen. Dat ass eppes, wat eis Equipe iwwert déi lescht véier Joer geléiert huet."

Fir Journalisten a Syrien kann eng kritesch Haltung vis-à-vis vun deenen, déi d'Plaz vun där si schaffe kontrolléieren, geféierlech ginn, seet de Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International zu Lëtzebuerg. Dofir wier et wichteg, datt et drëtt Acteure géife ginn, déi iwwer dem Konflikt géife stoen. Zum Beispill d'Mënscherechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen oder Mënscherechtsorganisatioune wéi Amnesty International.

Syreschen Observatoire fir Mënscherechter

Grouss Organisatioune probéieren, Informatioune vum Terrain an aus de soziale Medien ze sammelen an auszewäerten. Dat kënnt de Medien zegutt, déi ëmmer manner Ressourcen hunn, fir a laang Recherchen z'investéieren.

Déi meescht zitéiert Quell iwwert de Krich a Syrien ass de syreschen Observatoire fir Mënscherechter. "Et war déi éischt Organisatioun, déi sech fir déi sozial Medien a Syrien interesséiert huet an d’Informatiounen iwwert de Krich gesammelt an ausgewäert huet", seet de Khaled Yaacoub Hien war Reuters-Korrespondent zu Damaskus an ass lo Chercheur bei der Stiftung Wissenschaft und Politik. De syreschen Observatoire fir Mënscherechter hätt sech zum Arbitter vun dësen Informatioune proklaméiert a géif se un déi international Medie weiderleeden.

D'Organisatioun ass zu London baséiert, am Privathaus vum Rami Abdulrahman. Dee syreschen Expat geréiert de Site quasi ganz eleng. De Khaled Yaacoub fënnt et net normal, datt Medie sech ganz op dës Organisatioun verloossen, dacks ouni déi publizéiert Informatiounen z’iwwerpréiwen.

Foto: picture alliance / Photoshot

Problemer vun "offiziellen" Informatiounen

De Krich a Syrien ass och ee Proxykrich tëscht dem sougenannte Westen a Russland. Dat huet och ee groussen Afloss op d'Medien, déi mat verschiddene Narrative konfrontéiert ginn. Journalisten mussen net nëmme Quellen aus Syrien selwer kënnen analyséiere, mee och déi, déi aus de bedeelegten Haaptstied Washington oder Moskau kommen.

Fir vill Journaliste wier et frustrant ginn, mat kontradiktoreschen Aussoe vun offizielle Regierungsquellen ëmzegoen, seet d'Alessandria Masi. "Ech mengen domat all Regierung, net just eng bestëmmten. Well mir dacks selwer net do sinn, fir d'Attacken ze gesinn, musse mir all Positioune mat abannen." Wann et widderspréchlech Aussoe géife ginn, géife se all zitéiert ginn.

Déi beschte Strategie fir zouverlässeg Informatiounen aus Syrien ze kréie schéngt also ee Melange vu verschidden Aarbechtsmethoden ze sinn, sou den Stan Brabant. Och Satellittebiller wieren eng gutt Méiglechkeet fir Temoignage vum Terrain iwwerpréiwen.