Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Éischte Radiokrich

ZäithistorikerIn

Den Éischte Radiokrich

Während dem Zweete Weltkrich hunn d'Kämpf och op Laang- a Kuerzwelle stattfonnt. Den deemools jonke Medium huet et de Belligeranten erlaabt, Frënd a Feind ze erreechen. Am Radiokrich huet Lëtzebuerg keng onwichteg Roll gespillt.

auto_stories

5 min

Den Zweete Weltkrich war deen éischte grousse Konflikt, an deem de Radio eng kruzial Roll gespillt huet. Et war deemools nach e jonke Medium. Déi éischt Radiostatioune goufen a Westeuropa an Nordamerika ufanks den 1920er Jore gegrënnt. An den zwee Joerzéngte bis zum Krich goung d'Zuel vun den Empfänger kontinuéierlech an d'Luucht. 1939 gouf et zum Beispill a Frankräich fënnef Millioune Radiogeräter an 19 Millioune Fransousen, d'Hallschent vun der deemoleger Bevëlkerung hunn d'Sendunge reegelméisseg gelauschtert.

Nazi-Däitschland huet sengersäits eng ganz volontaristesch Rundfunkpolitik entwéckelt. De Propagandaminister vum Drëtte Räich, de Joseph Goebbels, huet dem Radio eng extrem wichteg Roll an der Konstruktioun vun der nationalsozialistescher Volksgemeinschaft zougeschriwwen. E präiswäerten Apparat, de sougenannte Volksempfänger, gouf massiv produzéiert. Esou datt am Joer 1943 16 Milliounen däitsch Stéit "gebührenpflichteg" waren.

D'Krichsmissioune vum Radio

Wou de Krich ugefaangen huet, hunn d'Belligeranten dem Radio dräi Missioune ginn. Déi eng war d'Bevëlkerung, trotz Allem, ze ënnerhalen. De Leit eng Parenthese vu scheinbarer Normalitéit ze gënnen. Déi zweet Missioun vum Radio war d'Nolauschterer ze informéieren - am Sënn vum nationalen Interesse natierlech. Dat heescht eigentlech, si ze mobiliséieren. Déi zwee Aspekter konnten och duerchaus kombinéiert ginn. De groussen Hit aus der Drôle de Guerre war eng lëschteg Schnulz mam Titel: "On ira pendre notre linge sur la Ligne Siegfried" - eng Uspillung op déi däitsch Fortifikatiounen op der Westfront.

Déi drëtt an innovatiivst Missioun vum Radio war et awer, d'Bevëlkerung vum Feindesland ze erreechen. Et war komplizéiert Wellen ofzefänken a souguer en totalitäre Regime wéi dat Drëtt Räich konnt sech net ofschotten. De Krich huet sech also och op Kuerzwellen ofgespillt. Wiedergefechter hu stattfonnt tëschent dem engleschsproochege Programm vum däitschen Auslandsrundfunkdienst, Germany Calling, an dem engleschsproochege Programm vun der BBC; spéider och tëschent dem vichystesche Radio Paris an dem gaullistesche Radio Londres.

D'Programmer vun der France libre goufe mat Ënnerstëtzung vun der BBC produzéiert. De britesche Sender huet nämlech net nëmme versicht déi däitsch Bevëlkerung ze erreechen, mee och déi vun de besate Länner, notamment Lëtzebuerg. Iwwer d'BBC hunn de Jan Masaryk, de Charles De Gaulle oder d'Grande-Duchesse Charlotte hir Vëlker ermontert weiderzekämpfen; iwwer d'BBC hu si, an der eegener Sprooch, eng alternativ Informatioun kritt; iwwer d'BBC kruten d'Resistenzorganisatiounen och verschlësselt Messagë vermëttelt.

De Lëtzebuerger Programm vun der BBC

Och zu Lëtzebuerg huet d'BBC eng fundamental Roll gespillt. D'britesch Rundfunkanstalt huet fir d'éischt emol de Kontakt tëschent de Lëtzebuerger engersäits, der Grande-Duchesse an der Exilregierung anerersäits, erëm opgebaut. Déi onerwaart Flucht vun den Representante vun der Exekutivmuecht hat e vernichtenden Impakt op d'Moral vun de Lëtzebuerger. Eng Majoritéit vun hinnen huet an den Deeg no der Invasioun d'Ministeren accuséiert, d'Land am Stach gelooss ze hunn.

D'Grande-Duchesse war weiderhi populär an d'Leit hu verzweiwelt op eng Noriicht gewaart, wéi d'Sipo-SD - dat heescht d'Gestapo - dat an engem Rapport vum August 1940 geschriwwen huet. De 5. September 1940 huet d'Herrscherin dann och, vu London aus, op Lëtzebuergesch, d'Wuert ergraff. Dat war déi éischt vu villen Allocutiounen, an deenen d'Grande-Duchesse d'Victoire vun den Alliéierte versprach huet.

Bis zu der Befreiung, an trotz den héije Strofe mat deenen déi däitsch Zivilverwaltung gedroht huet, hunn ëmmer méi Lëtzebuerger d'BBC gelauschtert. D'Leit hu ganz séier Strategië fonnt fir Informatiounen ze kommentéieren, déi si iwwer deen illegale Kanal héieren haten. Si hunn d'Gespréich ugefaange mat Formele wéi "Weess du, wat ech am Tram héieren hunn" oder "Weess du, wat ech vun engem Zaldot erzielt krut". Jiddwereen huet da verstanen, ëm wat et gaangen ass.

Vun 1941 un huet d'BBC dann och all Woch e Lëtzebuerger Programm vun enger Véierelsstonn ausgestraalt. Nieft de Riede vun der Grande-Duchesse oder vu Ministeren an nieft Informatiounen, huet dee Programm och Sketcher diffuséiert. Am Juni 1942 hunn d'Nolauschterer zum Beispill een iwwer de Landesleiter vun der VdB, den Damien Kratzenberg, héieren, dee "The Mad Professor from Echternach Bridge" geheescht huet.

Sendestelle Luxemburg

Fir déi däitsch Besatzungsmuecht war d'Kontroll vun der Lëtzebuerger Radio-Landschaft strategesch primordial - an dat scho virum Krich. Lëtzebuerg huet nämlech zu de Pionéier vum Radio-Zäitalter gehéiert. Am Mäerz 1933 goufen déi éischt Programmer vu Radio Luxembourg diffuséiert. Säi Laangwellesender zu Jonglënster war de potentsten an Europa. D'Sendefrequenz vu Radio Luxembourg huet also e groussen Deel vum Kontinent erreecht.

Zéng Deeg no der Invasioun hunn déi Däitsch de Sender schonn zu hiren Zwecker benotzt. Bis 1944 huet d'Sendestelle Luxemburg Nazi-Propaganda a ganz Europa diffuséiert. D'Installatioune vu Radio Luxembourg hunn awer selbstverständlech och der Germaniséierungs- an Nazifizéierungspolitik vum Gauleiter Simon gedéngt. D'Redaktioun huet aus Däitschen a pro-däitsche Lëtzebuerger bestanen. Verschiddener vun deene Kollaborateure sinn dem Drëtte Räich bis zum Schluss trei bliwwen.

Hei sinn déi däitsch Europa-Sender

No der Befreiung vum Land duerch amerikanesch Truppen am September 1944, hu sech däitsch-frëndlech, Lëtzebuerger Radio-Journalisten an Däitschland zeréckgezunn. Hire Chef war den Eugène Ewert, ee vun den Haaptpropagandiste vun der VdB an en iwwerzeegten Nazi. Kuerz dono gouf déi Equipe zu Bad Mergentheim, nërdlech vu Stuttgart, geschéckt. Do krut se d'Missioun, weiderhin Emissiounen a Lëtzebuerger Sprooch ze produzéieren.

Vun deem Moment u wou d'Ardennenoffensiv ugefaangen huet, Enn Dezember 1944, gouf hire Programm dann tatsächlech deeglech, nom Appel "Hei sinn déi däitsch Europa-Sender", op der Frequenz vu Radio Luxembourg, diffuséiert. D'Sendung huet eng hallef Stonn gedauert.

Zum engen huet de Contenu aus iwwersatem, däitsche Propaganda-Material bestanen. De Rescht ware Messagë vu Lëtzebuerger, déi zu deem Zäitpunkt aus iergendengem Grond an Däitschland waren - zum Beispill Zwangsrekrutéierter oder Membere vun ëmgesidelte Famillen, déi verzweiwelt versicht hu Bekannter zu Lëtzebuerg Noriichten ze ginn. Dat war eng schlau Aart a Weis, Nolauschterer unzezéien, déi net Nazi-frëndlech waren.

D'Lëtzebuerger Radio-Journalisten hu bis Mäerz 1945 ongestéiert weidergeschafft. Mee am Mäerz 1945 huet de Virstouss vun den alliéierten Truppe si da forcéiert Bad Mergentheim ze verloossen. Si koumen dann zu Gemünden, an Éisträich, ënner, wou si supposéiert waren nei Programmer ze schreiwen. Dozou koum et ni. Am Mee 1945 goufen déi Lëtzebuerger Nazi-Jusqu'au-boutiste schlussendlech verhaft.