Ganz op Diddeleng fokusséiert sech deen zéngte Band vun der Serie "Mutation", déi vun der Fondation Bassin Minier publizéiert gëtt. Dobäi ass déi geographesch an zäitlech Agrenzung net sou strikt anzehalen. D'Buch weit de Bléck geleeëntlech op déi gesamt Minettregioun aus a wot souguer de Sprong iwwer d'Grenz fir eng transnational Geschicht vum Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ze schreiwen.
D'Schicksal vun Diddelenger Awunner, déi wéinst hirer Nationalitéit a Frankräich zwangsinhaftéiert goufen oder trotz hirer Nationalitéit fräiwëlleg fir Frankräich an de Krich gezu sinn, gi genee esou beliicht, wéi d'Schicksal vun auslännesche Krichsverletzter, déi zu Diddeleng an de Lazaretter soignéiert oder um Kierfecht bäigeluecht goufen. Eng Panoplie vun Theme ginn an dëser mikrohistorescher Etüd behandelt - dat geet vu Konscht a Literatur iwwer Demographie a Migratioun bis zur Industrie- a Sozialgeschicht. Dobäi geléngt et de Chercheuren, déi sech un dëser Publikatioun bedeelegt hunn, ee kohärent Gesamtwierk ze schafen, an deem all Bäitrag vun héichwäerteger Qualitéit ass an nei Erkenntnisser liwwert.
Miersch am Éischte Weltkrich
Eng zweet Publikatioun, déi den Éischte Weltkrich vun engem lokale Point de Vue beliicht, ass den Ausstellungskatalog mam Titel "Endlech Fridden? Miersch an den Éischte Weltkrich" - erausgi vun de Mierscher Geschichtsfrënn. De Qualitéitsënnerscheed zum éischte Buch ass direkt erkennbar. Dat läit dorunner, datt de Mierscher Ausstellungskatalog net vu professionelle Geschichtswëssenschaftler geschriwwe gouf, mee vu passionéierten Hobbyhistoriker, deenen dru läit, d'Geschicht vun hirer Heemecht opzeschaffen.
Ee gudden Drëttel vum Buch handelt awer net vu Miersch, mee liwwert allgemeng Informatiounen iwwer international Entwécklunge während deene véier Krichsjoren. Obschonn d'Texter duerchaus interessant sinn a sech op déi rezent Fuerschungsliteratur bezéien, si se an dëser Publikatioun e bësse falsch op der Plaz, well se iwwer dat eigentlecht Thema vum Buch erausschéissen.
Déi ëmfangräich Chronologie an der Aleedung vum Buch wier duergaange fir den historesche Kader ze setzen. D'Stäerkt vum Buch läit awer an de ville bis ewell onverëffentlechte Fotoe vun der däitscher Besatzung zu Miersch an och vun der spéiderer Präsenz vun den amerikaneschen Zaldoten. Innovativ an immens opschlossräich sinn och déi begleedend Texter - besonnesch déi kuerz Biographië vu méi oder manner bekannte Lëtzebuerger, wéi den Zaldote Jean-Baptiste Bentz an Perry Daubenfeld, déi allebéid an der amerikanescher Arméi gekämpft hunn. Iwwerraschenderweis net erwäänt bleift awer den Ernest Faber, deemolege Fierschter vu Miersch, dee während dem Krich een ausféierlecht Tagebuch geféiert huet.
Krich an der Haaptstad
Manner gelongen ass d'Novemberheft 2018 vun der Zäitschrëft ons stad, déi sech op d'Krichserliefnisser an der Haaptstad konzentréiert. Mat e puer Ausname liwweren déi meeschte Bäiträg kaum nei Erkenntnisser iwwer den Éischte Weltkrich an der Stad.
Et ass och iwwerraschend, datt wéineg Gebrauch gemaach gouf vun de Quellentexter aus de Stater Gemengenarchiven, déi awer fir d'Opschafe vun der Stater Geschicht onverzichtbar sinn. Och d'Themewahl léisst e bëssen ze wënschen iwwreg. De Sujet Hongersnout gëtt an enger Rei Artikelen opgegraff, wat zu sëlleche Widderhuelunge féiert, während aner wichteg Sujeten erstaunlecherweis iwwerhaapt net traitéiert ginn - sou zum Beispill d'Ausruffe vun der Republik um Knuedler kuerz nodeems de Waffestëllstand proklaméiert gi war. Insgesamt weess d'Heft trotz eenzelen Artikelen, déi ganz flott sinn, also net ze iwwerzeegen.
Trotz där enger oder anerer Schwächt weisen dës dräi Publikatiounen, wéi wichteg d'Aarbecht vun de lokale Geschichtsveräiner an Organisatiounen ass. Hir mikrohistoresch Etüden erlaben eis ee bessert Verständnis, net just vun der lokaler a regionaler Vergaangenheet ze gewannen, mee se erméiglechen doriwwer eraus och ee méi räichhaltegen, villschichtege Gesamtbléck op Entwécklungen um nationalen an transnationale Niveau.