Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Come On Up To The House

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den historesche Postwee zu Aasselbur

Kommunikatioun

Den historesche Postwee zu Aasselbur

Viru 500 Joer gouf d'Kommunikatioun revolutionéiert. Postreider hu Message vun Italie bis an Holland transportéiert. An engem vergläichsweis séieren Tempo. Hire Wee goung och duerch d'Éisléck.

auto_stories

2 min

1516 hunn den zukünftege Keeser Karl V. an d'Famill von Thurn und Taxis e Kontrakt mateneen ënnerschriwwen, deen d'Kommunikatioun revolutionéiert huet. Postreider hunn an engem System vu Relaise Message vun Italie bis an Holland transportéiert. Dat goung fir déi Zäit onheemlech séier.

D'Relais-Statioune ware ronn 30 Kilometer auserneen. Do huet all Kéiers en neie Reider mat engem frësche Päerd gewaart. Dee System huet et erlaabt, d'Vitesse vun 20 Kilometer den Dag op 160 Kilometer eropzeschrauwen. Doduerch konnt ee Message an 10 Deeg vu Roum zu Bréissel sinn.

D'Route ass deemools och duerch d'Éislek gaangen. Déi grouss Stied wéi Tréier a Köln hunn owes hir Dieren zougemaach. De Postrtransport war dowéinst fir hir Relais-Statiounen op kleng Dierfer ugewisen. Bis Enn vum 17. Joerhonnert war Aasselbur Deel vum Reseau.

Fir un dës Faiten z'erënneren, organiséieren d'Gemeng Wëntger mat Partner-Gemengen an Däitschland an an der Belsch, d'Naturparken Our a Südeifel, -hilatelisten Associatiounen dës an déi Säit der Grenz, an eng Rei aner Associatiounen den 18. Juni den historesche Postwee-Dag. Och d'Gloria von Thurn und Taxis ass invitéiert, a wäert dem Evenement bäiwunnen.

Info: http://500jahrepostroute.eu/