Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "nasser Limes" op d'Weltkulturierwelëscht?

Weltkultur

Den "nasser Limes" op d'Weltkulturierwelëscht?

De 17. Dezember 1994, also viru 25 Joer, gouf d'Alstad mat de Reschter vun der Festung als Unesco-Weltkulturierfschaft klasséiert. Dëse ronne Gebuertsdag gëtt bis de 17. Dezember 2020 mat enger Hellewull Manifestatioune gefeiert. Am November steet den zéngte Joresdag vun der Iechternacher Sprangprëssessioun op der Unesco-Lëscht an d'Haus. Iwwerdeems komme bei der Unesco Dag fir Dag nei Demandë fir Enregistrementer un. Net onbedéngt well d'Mandatairen un eng Protektioun viru verschiddene Politiker gleewen.

auto_stories

2 min

Foto: Jürgen Vogel / LVR-LandesMuseum Bonn

Virun 2.000 Joer soll et am Rheinland, all Zäit um lénksen Ufer vum Floss, nëmmen esou vu Réimer gewimmelt hunn: Hëllefstruppe waren zu Kleve, Reider zu Krefeld stationéiert; zu Bonn stoung e Legiounslager, zu Köln déi militäresch Kommandozentral. Alles an allem Plaz fir bis zu 30.000 Zaldoten.

D'Grenz als Päreleketten

Tëschent der Nordséi beim hollännesche Katwijk a Bad Breisig, südlech vu Bonn, war mam Niedergermanesche Limes - laanscht de Rhäin - eng vun de wichtegste Baussegrenze vum enorme réimeschen Imperium héichgezu ginn.

D'Bauteministesch vun Nordrhein-Westfalen, d'Ina Scharrenbach vun der CDU, huet der dpa géigeniwwer d'Grenzkonstruktioun mat hire sëllege Kasteller, Wuechttiermercher, Legiounslageren, mat enger Pärelekette verglach.

De sougenannten "nasser Limes" ass d'Verbindungsstéck tëschent zwou réimesche Grenzen, déi scho klasséiert sinn: an England sinn et den "Hadrianswall" an den "Antonine Wall"; an Däitschland ass et den "Obergermanisch-Raetischer Limes", dee 550 km laang ass, südlech vu Bonn start a bis an d'Géigend vu Regensburg reecht.

Eng gemeinsam Vergaangenheet

Elo wëllen d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz, ënner der Responsabilitéit vun Holland, erreechen, datt den "Niedergermanesche Limes" och seng Plaz an der Weltkulturierwe-Lëscht fënnt. Haut soll den Dossier bei der Unesco zu Paräis eragereecht ginn; vu Juli 2021 u kënnen d'Partner mat enger Äntwert rechnen.

D'Limes-Streck an NRW ass 220 km laang, 19 Gemenge si bedeelegt. Si hunn alleguer eng réimesch Vergaangenheet, an hire Muséeë weise si réimesch Monumenter, Mënzen, Sandalen, Amphoren, Zaldotenhelmer a Waffen. D'Fuerschung wier iwwerdeems op der Spuer vun neie Spueren.

Loftopname weisen d'Grondrësser

Dozou huet ënner anerem d'Loftbild-Archeologie bäigedroen. D'Réimer hunn hir Lager meeschtens nom gläiche véiereckege Muster gebaut; doduerch sinn d'Grondrësser aus der Luucht optimal ze erkennen. Bei Wesel war mat där Method en Übungslager reperéiert ginn, bei Kalkar d'Iwwerreschter vun engem Reiderlager. An och datt de Rhäin bei engem Héichwaasser en Eck mat ewechgerappt hat.

E fréiert Militärlager südlech vun Düsseldorf, an deem haut en Naturobservatoire installéiert ass, louch fréier op der westlecher Säit vum Rhäin. Mee 1374 huet de Floss säi Laf changéiert; zanterhier steet d'Haus um aneren Ufer.

"D'Bewosstmaache gehéiert zum Weltierwen", sou den Archeologe Steve Bödecker, an engems de Limes-Mandataire vun Nordrhein-Westfalen, der dpa géigeniwwer. Vu datt de Statut vum Weltkulturierwen a ville Regioune fir touristesche Schwong gesuergt hätt, versprécht de Steve Bödecker sech vun engem eventuelle Succès, datt Stied wéi Kalkar, Kleve oder och Köln hir réimesch Racinnen an Zukunft op grousser Bün feiere kéinten.