Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Noam Chomsky op der Sich nom Wiese vum Mënsch

Buchkritik

Den Noam Chomsky op der Sich nom Wiese vum Mënsch

"Was für Lebewesen sind wir" heescht dem Noam Chomsky säin neit Buch. Hien thematiséiert hei op en Neits seng Pionéieraarbecht an der Linguistik. An hien ënnerbreet dem Lieser déi Usiichten, déi hien zu engem vun de meescht gelieste politeschen Denker gemaach hunn.

auto_stories

4 min

Noam Chomsky. Foto: Martin Bialecki / picture alliance

Och mat sengen 88 Joer ass den Noam Chomsky nach ëmmer e Personnage, deem seng Meenungen a Stellungnahmen an der Linguistik moossdroend sinn. Dee mat senge politeschen Usiichten net zeréckhält. Dee sech ëmmer erëm a politesch Débaten amëscht. An dee sech net scheit, muenchmol unzëecken an ze polariséieren. Mat senger Theorie, datt d’Uneegne vun der Sprooch manner op engem Léierprozess baséiert, ewéi op der Enthalung vun ugebuerene Fäegkeeten, huet hien d’Linguistik revolutionéiert. A mat der "Chomsky-Schützenberger-Hierarchie" am Beräich vun der theoretescher Informatik scho ganz fréi d’Jalone gesat.

Tëschent 1980 an 1992 war den Noam Chomsky déi am heefegst zitéiert lieweg Persoun op der Welt. De Linguist war Dozent fir Linguistik, Philosophie a kognitiv Wëssenschaften zu Harvard. An zënter 1955 war hie Professer um renomméierte MIT, dem Massachusetts Institute of Technology. Hie gëtt de "Papp vun der moderner Linguistik" genannt an et gi mëttlerweil wäit iwwert 100 Bicher op säi Konto.

D'Sprooch am Zentrum

Säi rezentst Buch, "Was für Lebewesen sind wir" ass kierzlech an däitscher Iwwersetzung beim Suhrkamp Verlag erauskomm. Vun der New York Times gëtt et als "Meistervortrag eines Meisters" geluef. Effektiv setzt sech d'Buch aus Virträg zesummen, déi den Chomsky virun eminente Wëssenschaftler op der Columbia University zu New York gehalen huet.

D’Sprooch ass d’Matière première vun der Kommunikatioun a mat hier definéiert jidderee sech a seng Welt. Wéi d’Sprooch zustane kennt, wéi ee Bauplang si huet, wat si erméiglecht a wéi eng Limite si setzt – dës Froen abordéiert den Noam Chomsky a sengem Buch. An hie weist, wéi en ugebuerene Mechanismus eist Denke bestëmmt, ouni eis dobäi e Muster opzezwéngen. De Linguist weist, datt mir alleguer no engem bestëmmte Schema denken.

Dofir kënne mir nëmmen dat wëssen, wat d’Sprooch eis erlaabt ze denken. Mee trotz de biologesche Contrainten ass eis mat de kreative Fäegkeeten e Potential ginn,

"dessen volle Entwicklung die Einzelnen als selbstbestimmende Menschen wachsen und gedeihen lässt." (S.28)

En Instrument vum Denken

Den Ian Tattersall, en eminenten englesche Primatolog a Paläontolog, situéiert d’Entstoe vun der Sprooch an engem ganz enken Zäitfënster: an zwar tëschent 50-100.000 Joer virun eiser Zäitrechnung. Wann dës Schätzung stemmt, da soll sech an där Zäitspan beim Mënsch d’Fäegkeet entwéckelt hunn, déi verschiddenaartegst Lauter an Iddien z'associéieren, wéi et den Darwin formuléiert huet.

Fir den Chomsky ass d’Sprooch en Instrument vum Denken. Mee am Géigesaz zum Aristoteles ass d'Sprooch fir hie kee Laut mat Bedeitung, mee eng Bedeitung mat Lauter – woubäi de gréissten Deel vun der Sprooch a vum Denke beim Mënsch emol guer net exterioriséiert gëtt. Et ass also praktesch e banneschte Monolog. Fir den Chomsky sinn d’Sproochen

“kein[e] von Menschen hergestellte Werkzeuge, sondern genau wie das visuelle, das Immun- oder das Verdauungssystem [,] biologische Objekte.” (S.58)

Anarchescht Wiese mat Fräiheetsinstinkt

An sengem Buch beschäftegt sech den Chomsky och mam net-sproochlechen Handelen. Hien analyséiert de Fonctionnement vun der Gesellschaft an d’Roll, déi deen Eenzelnen hei spillt oder operluecht kritt. Dobäi geet hie haart an d’Gericht – net nëmme mat der US-Aussepolitik, mee och mat de Multinationalen, mat der Wirtschaft, mat der Globaliséierung … bref mat all deenen Instanzen, déi de Mënsch dorun hënneren, sech fräi z'entfalen.

Den Noam Chomsy mécht säi Lieser opmierksam op dat wat d’Geschichtsschreiwung net zeréckbehält. An hie verréit, wéi d’Standard-Rhetorik d'Gesellschaft manipuléiert a geréiert. Hien zeechent de Mënsch an der libertärer Traditioun vun engem Alexander von Humbold a vun engem John Stuart Mill. Fir hien ass de Mënsch en anarchescht Wiësen, dem e Fräiheetsinstinkt matginn ass. E Wiesen, dat no enger Gesellschaft vu fräie Mënsche strieft – an dat sech géint jidder Pouvoir an Dominatioun revoltéiert, déi e fräit Entfale verhënneren.


"Was für Lebewesen sind wir" ass kierzlech an däitscher Iwwersetzung beim Suhrkamp Verlag erauskomm