Radioen

On air

De Weekend  |  Otis Redding - Shake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Zonk géint d'Schwéngspescht

Déieren

Den Zonk géint d'Schwéngspescht

Déi afrikanesch Schwéngspescht ass keng Gefor fir de Mënsch. Si ass och keng fir Kéi a Schof, Hënn oder Kazen. De Virus ass just fir Schwäi geféierlech - awer richteg geféierlech: Béischten, déi infizéiert si, stierwen no enger Woch. Wëllschwäin an Hausschwäin.

auto_stories

1 min

Am September zejoert ass d'Schwéngspescht bei enger Rei doudege Wëllschwäin am belsche Grenzgebitt festgestallt ginn. Zanterhier goufe méi wéi 700 Fäll hei vir an der Belsch gezielt, mee nach keen hei zu Lëtzebuerg. Fir datt dat och esou bleift, sinn eng Rei Decisioune geholl ginn. Zum Beispill déi, en Zonk laanscht d'Grenz opzeriichten.

Lauschtert de Reportage vum Maurice Molitor.