Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Depressiounen iwwer de Smartphone erkennen"

Digitaliséierung

"Depressiounen iwwer de Smartphone erkennen"

Mam Smartphone kann ee Patient mëttlerweil seng Gesondheet zu engem Deel selwer iwwerwaachen. D'Digitaliséierung vun der Medezin bréngt awer net just nei Méiglechkeeten, mä och vill Risike mat sech.

auto_stories

3 min

An de leschte Joren ass dem Ulrich Ebner-Priemer no vill am Medezin-Beräich geschitt. Hien ass Professer fir Angewandte Psychologie op der Universitéit Karlsruhe. Virun e puer Joer hätt een d'Daten, déi ee gesammelt hätt, nach selwer missten auswäerten. Mëttlerweil kéint een um Smartphone a reeller Zäit Analyse maachen.

Dem Claus Vögele, Professer fir Gesondheetspsychologie vun der Universitéit Lëtzebuerg no, géifen et mëttlerweil Iwwerwaachungssoftwarë fir Häerz- oder Diabetis Patiente ginn. Sou kéint den Dokter oder déi betraffe Persoun selwer, d'Daten iwwerwaachen.

Anonymitéit duerch Digitaliséierung

Awer och an der Psychologie géif déi modern Technik mëttlerweil benotzt ginn, seet de Claus Vögele. Et wéilt een erausfannen, wéi d'Leit am Alldag mat hire Gefiller ëmginn a wéi dat sech op de Kierper auswierkt. Zum Beispill am Kader vu Stress Fuerschung. D'Digitaliséierung vun der Medezin hätt de Virdeel, datt se och anonym funktionéiere géif, seet d'Donna Spruijt-Metz. Si ass Expertin fir digital Medezin vun der University of Southern California. Duerch d'Anonymitéit géife sech d'Patienten éischter trauen, Hëllef bei engem Dokter oder Psycholog ze sichen.

"Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt verschidde Mënschen éischter dozou bereet sinn, sech mat engem virtuelle Mënsch auszetauschen, wéi mat enger reeller Persoun. Virtuell Mënsche reduzéieren zum Beispill de Stigma, dee mental Krankheeten hunn."

Virun allem kéint een awer duerch dës Technologie Mënschen erreechen, déi soss guer keen Accès zu medezinescher Hëllef hätten, seet d'Donna Spruijt-Metz. Zum Beispill Leit ouni feste Wunnsëtz. Mëttlerweil géif et fir den Handy souguer e Programm ginn, deen Depressiounen un Hand vun der Stëmm feststellt, esou d'Wëssenschaftlerin. Et géif net drëm goen, wat ee seet, mä wéi een et seet.

"Et ass präzis an et kann een et um Handy benotzen. Mir kënnen also feststellen, wéini eng Persoun depressiv gëtt an direkt hëllefen, amplaz ze waarden."

Et géif een dacks gesinn, datt wann d'Technologie sech séier entwéckelt, se och séier vermaart géif ginn, seet de Claus Vögele vun der Uni Lëtzebuerg. "An dat ass eppes, wou mir entgéint steiere mussen. Well d'Apparater sinn hëllefräich, mä mir mussen d'Konditiounen definéieren, wéini si hëllefräich sinn."

"Konditiounen definéieren "

Wann ee seng Date sammelt a säin Gesondheetszoustand mam Handy suivéiert, géif d'Gefor bestoen, datt een net méi op d'Signaler vum eegene Kierper géif lauschteren. Dat mengt de Claus Vögele vun der Universitéit Lëtzebuerg. Seng eege Kierpersignaler verstoen, wiere grondleeënd psychesch Prozesser, déi et de Mënschen erlaben, Emotiounen z'entwéckelen, seet hien.

"Wann op dëser Plaz ee Verléiere passéiert, dann hu mir et mat enger ganzer Rei vu psychesche Problemer ze dinn. Bis hin zu psychesche Stéierungen."

D'Technik wier do, esou de Professer vun der Universitéit Lëtzebuerg. Deemno misst ee probéieren, esou gutt wéi méiglech domadder ëmzegoen an d'Risiken ze miniméieren. Grouss Konzerner wéi Apple oder Microsoft wieren u Gesondheetsdonnéeën interesséiert a wéilten dëse Beräich kommerzialiséieren. Et misst een deemno assuréieren, datt d'Patienten d'Recht hu selwer z'entscheeden, wat mat hiren Date geschitt, seet de Christoph Thuemmler, Professer fir digital Medezin op der Universitéit Edinburgh.