Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Der Höhepunkt meiner bisherigen Zeit war die Revolution im Sudan"

Am Gespréich – Ullrich Klöckner

"Der Höhepunkt meiner bisherigen Zeit war die Revolution im Sudan"

Den Ullrich Wilhelm Klöckner ass Ugangs September op Lëtzebuerg komm fir neien däitschen Ambassadeur am Grand-Duché ze ginn. No senger Audienz beim Grand-Duc Henri leschte Freideg ass hien elo offiziell de Successeur vum Heinrich Kreft, deen zënter 2016 den héchsten däitschen Diplomat an eisem Land war. Den neien Ambassadeur huet dem radio 100,7 an der leschter Woch en Interview accordéiert. Am Gespréich mam Yann Logelin kuckt den Diplomat vu Mönchengladbach op seng Karriär zeréck, op seng Aufgaben zu Lëtzebuerg no vir a schwätzt och iwwert déi däitsch Reunifikatioun, déi dësen 3. Oktober genee 30 Joer hier ass.

auto_stories

5 min

Den Ullrich Wilhelm Klöckner ass Ugangs September op Lëtzebuerg komm fir neien däitschen Ambassadeur am Grand-Duché ze ginn. No senger Audienz beim Grand-Duc Henri leschte Freideg ass hien elo offiziell de Successeur vum Heinrich Kreft, deen zënter 2016 den héchsten däitschen Diplomat an eisem Land war.

En Interview a senger neier Funktioun zu Lëtzebuerg huet den Ullrich Wilhelm Klöckner dem radio 100,7 an der leschter Woch accordéiert. Am Gespréich mam Yann Logelin kuckt den Diplomat vu Mönchengladbach op seng Carrière zeréck, op seng Aufgaben zu Lëtzebuerg no vir a schwätzt och iwwert déi däitsch Reunifikatioun, déi dësen 3. Oktober genee 30 Joer hier ass.

Komplizéierte Wiessel

Seng éischt Impressioune vu Land a Leit si positive an den neie Botschafter well an den nächste Joren déi exzellent Relatiounen tëscht den Nopeschlänner nach viru verdéiwen.

U sech sollt den Ullrich Klöckner seng Funktioun zu Lëtzebuerg schonn am Fréijoer untrieden, mee d'Corona-Pandemie huet dozou gefouert, datt den neien däitsche Botschafter schlussendlech eréischt Uganks September bei eis am Land ukomm ass. Am Ufank vun der Corona-Pandemie war hien nämlech nach däitsche Chefdiplomat zu Khartum am Sudan an de Wee vun do zeréck an Europa war e laang a schwiereg:

"Es war kompliziert. In Khartum war wenig Wissen über die Pandemie vorhanden. Es gab praktisch keine Tests. Die Regierung daher einfach die Grenzen geschlossen, sodass niemand rein und niemand raus konnte.

Aus diesem Grund war nicht klar wann ich ausreisen kann, erst am Flughafen in Frankfurt wurden die enormen Auswirkungen der Pandemie, insbesondere auf den Flugverkehr sichtbar."


Deel 1play_arrow


Matten an der Revolutioun

D'Corona-Pandemie, déi dem Ullrich Klöckner seng Rees aus dem Sudan op Lëtzebuerg esou komplizéiert gemaach huet, ass awer net den Héichpunkt vum laangjäregen Diplomat senger Carrirère, an där hir fir Däitschland schonn op de Philippinnen, a Japan an den USA an an Afrika geschafft huet. Spannend fënnt den Ullrich Klöckner op de Missiounen, déi fir e Beamten aus dem "Auswertigen Amt" ëmmer 3 Joer laang daueren, Länner, Kulturen a Leit kennen ze léieren. Den Héichpunkt vu senger diplomatescher Carrière war d'Revolutioun am leschte Joer am Sudan:

"Der Höhepunkt meiner bisherigen Laufbahn war die Revolution im Sudan im letzten Jahr als ein islamisches Regime, das 30 Jahre dieses Land geknechtet hatte, fiel.

Der Sieg der Revolutionäre, die sich gegen ein islamistisches Regime erhoben hatten, war für die gesamte Botschaft und auch für mich persönlich ein unglaubliches Erlebnis."


Deel 2play_arrow


Den Fall der Mauer, den haben wir überhaupt nicht mitbekommen

Dem Ullrich Klöckner, dem neien däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, seng éischt Auslandsmissioun war op de Philippinnen. Am Fréijoer 1989 ass hie vu Bonn aus op Manila geplënnert an huet esou net matkritt wéi sech an der DDR Protester organiséiert hunn, déi den 9.11.1989 dozou gefouert hunn, datt d'Berliner Mauer gefall ass. Vun dësem Evenement gouf den Ullrich Klöckner eréischt aus der Zeitung gewuer.

"Den Fall der Mauer haben wir nicht mitbekommen, das war noch eine Zeit ohne Internet, das philippinische Fernsehen hat sich für diese Dinge nicht interessiert.

Wir waren auf einer auf einer der philippinischen Inseln jemand besuchen und als ich an einem internationalen Flughafen die Schlagzeile zum Mauerfall auf der Titelseite des "Harald Tribune" las, war das im ersten Moment unvorstellbar."


Deel 3play_arrow


"Verantwortung gegenüber der europäischen Geschichte"

D'Wiedervereinugung tëscht der BRD an der DDR huet den Ullrich Klöckner, den 3. Oktober 1990, zu Manila gefeiert, wou d'Personal aus deenen zwou Ambassaden, déi béid Staaten op de Philippinnen haten, zesummekomm war fir dëse speziellen Dag. Fir déi meescht Kollegen aus dem diplomateschen Déngscht vun der DDR huet et no der Reunifikatioun geheescht eng nei Aufgab unzehuelen, den Ullrich Klöckner ass 1992 op Bonn zeréckkomm an huet an de Joren duerno aktiv dru geschafft, datt 2005 d'Staaten aus Mëttel- an Osteuropa en Deel vun der EU konnte ginn.

"Wir haben es auch irgendwie als unsere Verantwortung gegenüber der europäischen Geschichte gesehen, dass gerade wir, die das Glück hatten, durch diese Ereignisse in 1989 uns wieder vereinigen zu dürfen, natürlich auch weil unsere europäischen Partnern diese Wiedervereinigung unterstützt haben, dass wir aber dann auch das den Ländern in Mittel- und Osteuropa ermöglichen Teil Europa zu werden und ich finde, das ist eine der großen Geschichten aus den 90er Jahren, dass das auch gelungen ist."


Deel 4play_arrow


D'EU a Fro gestallt

Haaptaufgab vun der Diplomatie an den nächste Joren, muss dem Ullrich Klöckner no, sinn, datt de Multilaterismus an den Zesummenhalt tëscht den Natiounen, besonnesch an Europa, net populistesche Gedanken a Mouvementer geaffert däerf ginn. Fir den Diplomat, deen déi nächst 3 Joer zu Lëtzebuerg lieft a schafft, ware schonn déi zoue Grenzen, déi et am Fréijoer gouf e Bild, wat kee méi wëll gesinn.

"Der multilaterale Ansatz den wir immer gehabt haben, dass man etwas zusammen macht, wird auch in Frage gestellt, auch die EU wird in Frage gestellt.

Das finde ich ganz besonders traurig, weil ich glaube die Wiedervereinigung wäre ohne die EU nicht möglich gewesen. Ohne die EU, wäre unser Lebensstandards in ganz Europa nicht möglich. Wir haben jetzt, bei der Pandemie, plötzlich gesehen, wie sie das Europa wieder aussehen könnte, wenn die Grenzen wieder da wären, was eigentlich niemand mehr will."


Deel 5play_arrow