Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Better Way To Live Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Die ewige Wiederkehr

Zäithistoriker

Die ewige Wiederkehr

Déi allerlescht Folleg vu "Game of Thrones" ass erwaart, gekuckt a kommentéiert ginn, wéi eng WM-Final. Wat seet dat iwwer eis globaliséiert Gesellschaft aus? Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

7 min

Wisou gëtt iwwer "Game of Thrones" geschwat an enger Chronik, an där et ëm Zäitgeschicht geet? Fir d'éischt emol wéinst dem Genoss, dës Warnung auszeschwätzen, déi normalerweis absurd ass an engem Kader, wou et wéineg Spannung gëtt: opgepasst, de Sujet deen elo kënnt, ass voller Spoiler! All déi déi d'Serie, mindestens déi lescht Episoden, net gesinn hunn, mee virhunn dat gläich nozehuelen, si gewarnt, hei gi wichteg Elementer vun der Intrig verroden.

Elo, wou dat gesot ass, kommen ech op d'Fro zeréck: Wisou gëtt iwwer "Game of Thrones" geschwat an enger Chronik, an där et ëm Zäitgeschicht geet? Mee well dat evident ass. Dës Serie ass a senger Essenz historesch, ass voll a ganz vu geschichtlechen Evenementer inspiréiert a vun historescher Literatur. Se baséiert op eng Opfaassung vum Zäitoflaf an op eng Visioun vun der Natur a vum Schicksal vum Mënsch.

Et kann ee bäifügen, datt d'Duerstellung vun der Geschicht - och wa se fiktiv ass -, vill iwwer eng Gesellschaft, zu engem bestëmmten Zäitpunkt, ausseet. Mee dës Serie geet esouguer nach méi wäit. Wéinst sengem enorme Succès, senger globaler Unzéiungskraaft, senge Polemiken ass "Game of Thrones" a sech selwer en historesche Phenomen. D'Serie brécht mat den traditionelle jüddesch-chrëschtleche Modeller. Dat ass an der Produktioun vun Iddien net nei, geet op d'Renaissance zeréck. Dee Broch gouf awer nach ni esou radikal an enger amerikanescher Mainstream-Fernsehproduktioun realiséiert.

Geschicht amplaz Mythologie

"The Lord of the Rings" ass d'Haaptreferenz vum George R. R. Martin, dem Auteur vun "A Song of Ice and Fire", d'Bicherserie aus där d'Fernsehserie "Game of Thrones" adaptéiert gouf. Et gi vill an evident Parallellen, ugefaange beim Troun, ëm deem säi Besëtz d'Spill sech dréit. Dee mécht d'Personnagë genee esou geckeg, wéi de Rank am Tolkien sengem Wierk.

Dee gréissten Ënnerscheed ass, datt den Tolkien seng Inspiratioun an d'Mythologie siche gaangen ass - besonnesch an déi keltesch an déi germanesch. Beim Martin dominéieren historesch Referenzen.

Den Auteur, a mat him d'Zeenariste vun der Serie, sinn dovunner ausgaangen, datt d'Geschicht schonn all d'Elementer vun enger, souwuel déiwer wéi och ënnerhalsamer, Fiktioun enthält. Dat war schonn de Postulat vu "Rome", enger anerer HBO-Serie, déi den Enn vun der réimescher Republik an d'Muechtergräifung duerch den Augustus erzielt. D'politesch a privat Intrigen, déi d'Spéitrepublik markéiert hunn, ware räich an enorm genuch. Do huet kee Besoin bestanen eppes bäizefügen.

Et ass also och kee Wonner, datt "Game of Thrones" mat sengen epesche Schluechten, sengen Allianzwiesselen, senger Onbarmhäerzeegkeet a sengem Pathos esou dacks un d'réimesch Geschicht erënnert. Eng aner Inspiratioun ass de franséisch-engleschen Honnertjärege Krich, souwéi säi reng englesche Sequel, d'Rousekricher tëschent den Adelshaiser York a Lancaster.

Déi Geschichtsepisoden hunn dann och literaresch Wierker geniert, déi de Martin als wichteg Inspiratioune genannt huet - verschidde vum Shakespeare sengen Haaptstécker oder dem Maurice Druon seng Bicherserie "Les Rois maudits".

E westlechen Universum

Et ginn zwar vill historesch Modeller bei "Game of Thrones", déi meescht sinn awer europäesch. An d'Universum vun der Serie ass ganz westlech gepräägt. Westeros heescht de Kontinent, deen an der Erzielung zentral ass. A senger Form a senger Geschicht erënnert en un dat medievaalt Groussbritannien. D'Betruechtung vun de siwe feudale Kinnekräicher aus deem e besteet, loossen awer och un e gréissert Okzident denken, dat vum historeschen Imaginär hier, vun Island bis Andalusie géif reechen.

An der nërdlecher, äiseger Hallschent liewen d'Wildlings, déi dem westlechen Archetyp vum nobele Wëllen entspriechen: Rustikal, primitiv Leit, déi awer och couragéiert sinn, besonnesch wann et drëms geet, hir Fräiheet ze verteidegen. Vun der ziviliséierter Welt si si duerch eng Mauer getrennt, e gewaltege Limes.

Westeros huet och am Osten Noperen. Fir d'éischt mol Handelsmuechten, déi un den italienesche Stadtstaaten oder un d'Hansestied erënneren. D'Vëlker ginn dann ëmmer méi räich, raffinéiert an despotesch, jee weider ee sech no Oste beweegt. Um nërdleche Rand vum Orient lieft en dapert a grausamt Reidervollek, d'Dothrakys. Eng fiktiv Reminiszenz vun de Skythen, den Hunnen, Sarmaten a Mongolen, déi riseg Räicher bis am Häerz vun Europa opgebaut hunn.

"Game of Thrones" kondenséiert also westlech Virstellungen, déi vun Herodot bis Thomas Mann ginn. Am Oste läit dat Geféierlecht, dat Onverständlecht, dat Fanatescht. Am Westen, do wou d'Arya Stark zum Schluss nei Abenteuere siche geet, d'Hoffnung.

D'Serie ass och typesch westlech a senger rationalistescher Approche. Sécher ginn et och extrem wichteg iwwernatierlech Aspekter. Dem Daenerys seng dräi Draache selbstverständlech, d'White Walkers an deenen hir Zombie-Arméi.

Mee dës obligatoresch Fantasy-Elementer ginn zum Schluss komplett op d'Säit geluecht. Et huet laang Zäit esou ausgesinn, wéi wann de Kampf géint de Night King den Haaptenjeu wär. Et stellt sech eraus, datt d'Kompetitioun ëm den Troun zentral bliwwe war.

Rationalistesch Logik

Déi Fan-Theorien, déi gedëlleg op Prophezeiungen a mytheschen Aspekter opgebaut ginn, sinn an der leschter Saison all zerschloe ginn. Wat och e gudden Deel vun der Enttäuschung erkläert. D'Fantasy Community ass frustréiert.

D'Schlëssele vun der Serie sinn nämlech net an Draachen- oder Zombie-Geschichten ze sichen. Et fënnt ee se, am Géigendeel, bei de rationalisteschen, westlechen Denker. Ugefaange beim Machiavelli, deen am 16. Joerhonnert mam anticken a chrëschtlechen Ideal vum gudden Herrscher brécht. E gudde Prënz war fir hien e Léiw oder e Fuuss. Een, dee sech net fir Idealer engagéiert, mee fir d'konkret Interesse vum Staat kämpft. Keen Ned Stark also.

Ee Joerhonnert dono huet de Spinoza all Form vun Teleologie an der Geschicht verneint. Am Kloertext: et gëtt kee méi héicht Zil, op deem d'Mënschheet sech zoubeweegt. D'Geschicht huet keng Finalitéit. De Spinoza huet en anere jüddesch-chrëschtlechen Dogma a Fro gestallt: dee vun der absoluter, individueller Fräiheet. Mir gleewe just drun, well mir net verstinn, bis zu wéi engem Grad mir scho predestinéiert, virprogramméiert sinn.

Am 19. Joerhonnert huet den Darwin da bestätegt, datt d'Mënsche keng Ebebilder vu Gott sinn, déi sech heiansdo entscheeden ze sënnegen. Mir sinn d'Resultat vun enger Evolutioun, Primaten, déi sech adaptéiert hunn, eng Spezies, wéi eng aner.

Starks, Lannisters, Greyjoys, etc. bekämpfe sech net fir d'Räicher vun de Mënschen ze retten, mee well et an der mënschlecher Natur ass, sech ze bekämpfen. Well si sech an hirem Biotop besonnesch gutt ugepasst hunn. Well se zwar ganz uewen an der Nahrungskette sinn, mee déi Positioun halen an, wann méiglech, nach verbessere wëllen.

"Wille zur Macht" huet den Nietzsche dat, e puer Joerzéngten nom Darwin, genannt. A sengem Verständnis, net an éischter Linn de Besoin ze dominéieren, mee de Liewensdrang. E Kampf fir d'Existéieren, dee sech éiweg widderhëlt, mëtten am groussen, däischteren a geheimnisvollen Universum.

Zivilisatiounsbroch

Voilà, dat sinn d'Konzepter, déi "Game of Thrones" strukturéieren. D'Rad vun der Geschicht dréit sech, zyklesch oder spiraleg, egal. White Walkers kommen a ginn, éiweg. An der Tëschenzäit geet d'Kompetitioun weider, an déi déi sech hirer Ëmwelt am beschten upassen, zermalmen déi aner. "Power is power", seet d'Cersei Lannister an enger Folleg.

All déi, déi déi klassesch Tugende vum méiglechen Heiland haten, den Ned, de Rob Stark, d'Daenerys, den Jon Snow, goufen entweder ermort oder verroden. Et gëtt kee providentielle Mënsch, seet "Game of Thrones". Keen Erléiser, well keng Erléisung néideg ass, well et eigentlech kee libre arbitre gëtt, mee dowéinst och keng Ursënn.

Retter sinn net nëmmen onnéideg, si si geféierlech, well hir radikal Aktiounen d'Rad kéinten zerstéieren; hir absolut Iddie féieren zu absolute Katastrophen. D'Daenerys, wat sech zum Schluss an enger Mëschung vun Hitler, Stalin an Darth Vader verwandelt huet, muss dowéinst stierwen.

Dee Message widdersprécht Joerdausend-ale Virstellungen. Déi ginn zwar schonn zanter fënnef Joerhonnerten a Fro gestallt, mee hate bis elo an den amerikanesche Mainstream-Produktiounen iwwerlieft. All déi zäitgenëssesch Epen, op éischter Plaz "Lord of the Rings", "Star Wars" a Marvel-Filmer sinn nach ëmmer op chrëschtlech an humanistesch Musteren opgebaut, wéi d'Fräiheet, sech fir dat Béist an oder dat Gutt ze entscheeden, den einsamen Held, d'erléisend Opopferung vun den Tugendhaften.

"Game of Thrones" net. Dat huet säi Succès ausgemaach, mee erkläert och d'Mëssverständnesser, déi an der Fan-Basis entstane sinn. Et ass déi éischt, absolut assuméiert neo-liberal Mainstream-Serie. Dat ass méi wéi eng kulturell Revolutioun, 't ass en Zivilisatiounsbroch.