Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Little Simz - Mood Swings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Inclusion

Digital Welt

Digital Inclusion

Inclusioun duerch de Computer. D'Asbl Digital Inclusion setzt sech dofir an, datt Flüchtlingen en digitalen Accès kréien. Duerch hire Reuse-Programm kréie Leit e Computer, déi sech soss kee leeschte kéinten.

auto_stories

1 min

An der Asbl sinn och selwer Flüchtlingen agestallt, déi aneren hëllefen. Esou soll mam Paradigma, wien hëlleft a wien Hëllef kritt, gebrach ginn. D'Organisatioun hëlleft awer net nëmme Flüchtlingen, mee och Leit, déi sech an enger méi prekärer Situatioun befannen. Duerch verschidde Kritäre kënnen och Residente vun dësem Programm profitéieren.

Weider bitt d'Organisatioune Computercoursen un, déi de Leit hëllefe sollen, an der digitaler Welt eens ze ginn. De President a Grënner vun der Asbl, de Patrick de la Hamette, erënnert sech un eng afrikanesch Fra, déi virdrun nach net vill Erfahrung mat Computeren hat, an als éischt geléiert huet, E-Mailen ze verschécken. Haut géif si méi avancéiert Course besichen a wier sou besser op den Aarbechtsmarché virbereet.


De ganzen Interview mam Patrick de la Hamette:

Lauschterenplay_arrow